Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech an Chupa Chups Gedrénks
dating rescuer

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech an Chupa Chups Gedrénks

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Produit

https://moien.lu/chatting-dating-site/
dating rescuer

dating 6 weeks after breakup

Dës Woch hu mer eis d’Zäit geholl, an d’Noriichten duerchgelies.

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…
dating rescuer

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…

Nodeems de bolivianesche President Evo Morales sech dem Drock vun

De Blankenberg Express gëtt vermësst

De Blankenberg Express gëtt vermësst

De G.A.R.(Groupement des Amis du Rail) hat am Juli eng aussergewéinlech Generalversammlung. D‘Beschlëss déi do geholl gi sinn bezéien sech virrangeg op d‘Annulatioun vum allsäits beléiften Ausfluchszuch „Blankenberg Express“.

Esou ass et mat gréisstem Bedaueren, datt de G.A.R. zur Kenntnes hëlt, datt an de Summersaisonen 2017 an 2018, deen Zuch net fiert. Als Grond ginn Aarbechten um Schinnenetz tëscht Lëtzebuerg a Bréissel ugefouert.

De G.A.R. erënnert awer un déi erwise Virdeeler vum Lëtzebuerg-Blankenberg Express: kuerz Fuerzäit, direkt Verbindung ouni mussen ëmzeklammen, geséchert Reservéierung a Verfleegung am Zuch. Virdeeler déi ronn 200.000 Clienten iwwer 39 Saisonen ze schätze geléiert hunn.

Alternative gefuerdert

Am Interessi vun de Cliente fuerdert de G.A.R. datt de Vakanzenzuch 2018 nees agesat gëtt. Dat iwwert dee jeeweils gëeegente Wee (Ardennen, Athus-Meuse oder Nordstreck) a mat engem akzeptabele Fuerplang. Si bestinn och op déi weider Betreiung duerch de G.A.R. an senger säit Joerzéngte bewäerter Form.

Eng Planungssécherheet fir all Partner muss fir wéinstens dräi Joer gëllen. D‘Offer vum Regel-Fuerplang ass keng Alternativ a féiert dozou, datt eng trei Clientèle op de Bus ëmklëmmt a riskéiert verluer ze goen.

Och am Inland Verbesserunge méiglech

Fir touristesch Zich am Land selwer besser asetzen ze kënnen, strieft de G.A.R. eng tariflech Basis un. Déi soll et erméigleche maartgerecht Offere fir de breede Public auszeschaffen. Hei gëtt dann och drun erënnert, datt et bei der Eisebunn schon virun enger Dose Joren Usätz ginn huet, mëttels enger gënschteger Präisgestaltung de Bunn-Tourismus ze fërderen.

Net zu Onrecht gëtt dann och drop higewisen, datt déi vum G.A.R. betreiten Zich, wéi beispillsweis déi fir der Wolzer Festival, der CFL ëmmer gutt zu Gesicht stoungen. Dës Zich sollten an engem historeschen an touristesche Kader nees opgeholl ginn.

Dat bedeit dann awer och, datt den Dossier zu de „Wegmann-Waggonen“ zäitno an zefriddestellend ofgeschloss muss ginn. D‘Notzung vun dëse Waggonen erméiglecht et alle Partner déi héich Käschten ze erspueren, déi entsti wann auslännescht Material muss geléint ginn.

De G.A.R. hält dann och dru fest, datt hien am Kader vun enger benevoller Tätegkeet bei allen Aktiounen, déi der CFL zerguttst kommen, och weider zur Verfügung steet. Eng Aktivitéit déi der Eisebunn eng gutt Renommée verschaaft a fir déi e grousst Interessi besteet.

Foto: De Blankenberg-Express 2016 (© Groupement des Amis du Rail)

Ähnlech Sujeten Blankenberge, CFL, Eisebunn, Groupement des Amis du Rail
Nächsten Artikel Virrechten Artikel