Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: E bësschen Optimismus muss sinn
International Neiegkeeten

Editorial: E bësschen Optimismus muss sinn

Ech kucke mat engem décke Kapp a Richtung 2018. Nee,

Dammefussball: Beetebuerg verspillt den Doublé
International Neiegkeeten

Dammefussball: Beetebuerg verspillt den Doublé

Op et dem 1. Mee selwer, dem gudde Wieder oder

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit
International Neiegkeeten

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit

Beim Kaffi um Mëttwochmueren, war et eng gutt gelaunte Buergermeeschtesch,

Nordkorea: Net blannemännerches an de Krich lafen

Nordkorea: Net blannemännerches an de Krich lafen

Den UN-Generalsekretär António Guterres huet um Donneschdeg virum Risiko gewarnt, mat Nordkorea blannemännerches an de Krich ze lafen, a fuerdert der Diplomatie eng Plaz ze loossen.

„Dat schlëmmst wat eis kéint passéieren, wier blannemännerches an ee Krich ze zéien, deen déi dramateschst Konsequenze kéint hunn“, sot den UN-Generalsekretär bei engem Besuch zu Tokio. Den UN-Sécherheetsrot huet eng ganz Rei Sanktiounen ergraff, fir Nordkorea ze iwwerzeegen, op déi verbuede ballistesch a nuklear Programmer ze verzichten.

Sanktiounen, déi musse respektéiert ginn „vun Nordkorea un éischter Stell, mee och vun all den anere Länner där hire Rôle ganz wichteg ass“ esou den António Guterres „wann ee gewëllt ass d‘Hallefinsel Atomwaffefräi ze kréien. (…) D‘Eenheet vum UN-Sécherheetsrot ass wichteg, mee et ass grad esou wichteg diplomatesche Kontakter eng Plaz ze loossen“.

Matenee Schwätzen

„Et ass un der Zäit wou all déi concernéiert Parteie musse verstoen, datt et dréngend néideg ass eng Léisung ze fannen“, esou den UN-Generalsekretär beim engem Briefing méi spéit am Dag.

Nieft dem António Guterres, de japanesche Premierminister Shinzo Abe. Deen huet och dozou opgeruff „d‘Resolutioune vum UN-Sécherheetsrot integral unzewennen an e brauchbaren Dialog hierzestellen“. Wien do a Fro kënnt fir den Dialog mat Nordkorea ze féieren hu béid Politiker net gesot.

Dem UN-Generalsekretär säin Adjoint, den Amerikaner Jeffrey Feltman war déi lescht Woch a Nordkorea. An d‘Nordkoreaner „wieren averstanen ze consideréieren, datt et wichteg ass e Krich ze verhënneren“ esou de Feltman, deen och vu senger wichtegster Missioun schwätzt. „Et brauch een eng politesch Léisung (…) et huet ee keng Zäit ze verléieren“.

Gespréicher ouni Prekonditioun

Fir den US-Ausseminister steet fest: „D‘USA si bereet Gespréicher mat Nordkorea opzehuelen, ouni Prekonditioun.“ Esou d‘Deklaratioun leschten Dënschdeg. Dat dierf dann awer den Androck opkomme loossen, datt d‘Amerikaner entschloss sinn, och mat militäresche Moyene Pyongyang ze iwwerzeegen op Atomwaffen ze verzichten.

Op d‘Ausso vum Rex Tillerson ugeschwat, huet den António Guterres just gemengt, datt hien „et net wënscht, e Kommentar zu Aussoen ze maachen déi heiansdo net ëmmer genee de Gedanke vun der US-Regierung zréckgëtt. (…) Den Dialog muss en Zil hunn, a fir eis ass et d‘Zil Nordkorea friddlech seng Atomwaff ofzehuelen“, ënnersträicht den UN-Generalsekretär.

Op d‘Fro, op hie bereet wier de Kim Jong-Un ze begéinen, d‘Äntwert: „Begéinunge maachen nëmme Sënn wann se begrënnt sinn. Ech si bereet iwwerall hin ze goe wann et eppes bréngt, net awer fir mech just viru Kameraen erëmzefannen. (…) Mir sinn disponibel, mee kënnen nëmmen dann och als Verhandlungspartner asprangen, wa béid Säiten eis Mediatioun unhuelen“.

mat AFP

Foto: AFP PHOTO / KIM Won-Jin

Ähnlech Sujeten Antonio Guterres, Atomwaffen, Nordkorea, Rex Tillerson, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel