Search

You may also like

Virtrag an der BnL: Russen am besetzte Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Virtrag an der BnL: Russen am besetzte Lëtzebuerg

Um 8. Oktober 2020 luet d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) op dem

Vel‘oH: Wann den Akku net wëll, drécks de der en Eck ewech!
Neiegkeeten

Vel‘oH: Wann den Akku net wëll, drécks de der en Eck ewech!

Wann anzwousch bis de Wuerm dran ass, da gëss de

USA: Een zum Dout veruerteelte ka sech net méi erënneren…
Neiegkeeten

USA: Een zum Dout veruerteelte ka sech net méi erënneren…

Kann de Staat Alabama een zum Dout veruerteelte Mënsch hiriichten,

Eigentlech sollt et heeschen „Bleift verstänneg!“

Eng gewote Fuerderung vun der Oppositiounsfraktioun CSV suergt fir Diskussiounen

Eigentlech sollt et heeschen „Bleift verstänneg!“

Zanter enger gudder Woch elo, ass et och Krautmaart net méi esou „lieweg“. Déi allermeeschten Deputéiert hunn sech an den „Homeoffice“ zréckgezunn an huelen iwwert Videokonferenz un de Kommissiounssëtzungen Deel. Dat dierft fir déi eeler an net esou mat den neien Technologien vertraute Parlamentarier eng Erausfuerderung sinn, mee generell ass et eng flott Première.

Also „eigentlech“, well net jidderee fënnt déi virtuell Distanz gutt. Zudeem war leschte Samschdeg eng Motioun vun der CSV ugeholl ginn, mat där de Regierung operluecht ass, d‘Chamber op mannst emol an der Woch iwwert d‘Evolutioun vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, ze informéieren. Déi éischt Sëtzung gouf et dann och leschte Méindeg.

Dat war awer net alles, wat der Regierung opgedroe gouf. Esou gouf an dëser CSV-Motioun och festgehalen, datt d‘Regierung op d‘Froe vun den Deputéierten „muss“ äntweren. Datt dat alles mëttels Videokonferenze ka gereegelt ginn, misst een, zumindest wann engem d‘Situatioun net entgaangen ass, als déi logesch Konsequenz verstanen. Ass jo och esou komplizéiert genuch…

Elo huet dann awer d‘Fraktiounspresidentin vun der CSV, Martine Hansen, e Freideg dëse Konsens nees a Fro gestallt. Si fuerdert fir fënnef Sëtzunge vun de parlamentaresche Kommissiounen déi ustinn, déi physesch Uwiesenheet vun den Zoustännege Minister. Betraff wieren d‘Minister: Taina Bofferding, Corinne Cahen, Dan Kersch, Claude Meisch a Romain Schneider.

Wat un „bleift doheem“ ass mëssverständlech?

Dat werft Froen op: 1) ass de Crash-Cours an Informatik bei der CSV feelgeschloen? 2) ass eng Kommissiounssëtzung am virtuelle Raum méi schwéier ze organiséiere wéi e G7-Sommet; oder geet et 3) eppes méi Opmierksamkeet ze erhalen? Dat weess keen esou richteg, mee den neie LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel huet dës Fuerderung op d‘Palm gedriwwen.

Zanter Deeg géif endlos gepriedegt, datt ee sech wa méiglech gefällegst a senge véier Wänn opzehalen huet, esou de Georges Engel, dee senger Roserei och an de sozialen Netzwierker fräie laf gelooss huet. Dat ass zwar déi denkbar schlechtste Plaz, fir Rou an ee politeschen Dissens ze bréngen, besonnesch wann dovunner auszegoen, ass, datt de Géigner d‘Message net erreecht.

Mee och den „Digital-Native“ Yves Cruchten gräift net zum Telefon, fir de Konflikt mam Feind ze erërteren, och hie notzt Facebook fir dem Pöbel seng Siicht ze erklären. „Wa mir zu de Leit soen, datt si doheem bleiwen an Homeoffice maache sollen, kënne mir net de Géigendeel maachen, grad wann et anescht gutt méiglech ass“. Interessant, well hien ass netz deen eenzegen deen dat mengt.

Esou huet och den CSV-President himself – op Facebook – bericht wéi flott an einfach et dach war, sech mëttels Videokonferenz mam Schäfferot vun Nidderaanwen getraff ze hunn. De Frank Engel a sengem Post: Zitat „Ech géif mir wënschen datt dat och an der Chamber funktionéiert“. Wat ass et dach ee Genoss, wann Harmonie herrscht an jidderee sech mat deem aneren ofschwätzt…

Wann der da mengt et wier Opportun

Natierlech huet et och säitens déi gréng dozou missen eng Wuertmeldung ginn. D‘Copresidentin Djuna Bernard rifft zur Besonnenheet op, weess awer dat esou eppes op Facebook éischter de Géigendeel bewierkt. Léif dann awer nees, wéi besuergt sech d‘Knetzel ëm déi an der Chamber „vulnerabel Mandataire“ weist. Natierlech mussen och d‘Kollaborateure geschützt ginn.

Mee natierlech muss d‘Oppositioun weiderschaffe kënnen an et ass richteg, datt si – am presente Fall virrangeg déi vun der Regierung beschlosse Moossname begleet – mee et kann ee sech och am virtuelle Raum zermaulen. Zudeem gëtt jo och net alles an de Virtuelle Raum verluecht, esou huet d‘Sam Tanson den Deputéierten an der Chamber physesch uwiesend op d‘Froe geäntwert.

E Méindeg gesinn sech um Krautmaart d‘Fraktiounspresidenten, de Premier Xavier Bettel, d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert, den Aarbechtsminister Dan Kersch an de Sozialminister Romain Schneider. Um Dënschdeg an Donneschdeg ass Plenière an du muss ee physesch present sinn, soss kann net ofgestëmmt ginn. Esou ganz „virtuell“ ass de Raum jo dann awer net oder?

An dann ass et jo méiglech, datt déi 5 Schrëftstécker – wéi dat iwwregens fir déi meescht de Fall ass – mat sougenannten „Templates“ also quasi „Muster“ verschafft goufen, a well ënnert normale Konditiounen ëmmer d‘Presenz gefuerdert gëtt, ass dëse Passus net aus dem Textbausaz fir d‘Dauer vun der Kris ausgeklamert ginn. Et wier zumindest déi besser Erklärung wann et eng brauch…

Illustratioun: © icons8 /unsplash

Related topics #bleiftdoheem, Chamber, CSV-Fraktioun, Kommissiounen, Krautmaart, Martine Hansen
Next post Previous post