Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Puer Freed: Gebuert vum Prënz Charles (Video-Message a Fotoen)
International Neiegkeeten Stories

Puer Freed: Gebuert vum Prënz Charles (Video-Message a Fotoen)

„Fir meng Fra a mech ass deen Dag natierlech ee

De Klimasommet gëtt zu Madrid ofgehalen
International Neiegkeeten Stories

De Klimasommet gëtt zu Madrid ofgehalen

Nodeems de Klimasommet COP25 wéinst den Onrouen am Chile huet

De SYVICOL huet Fuerderungen
International Neiegkeeten Stories

De SYVICOL huet Fuerderungen

Bei senger Sëtzung vun e Méindeg, huet de Syndikat vun

Du bass en Näischt, wanns de brong Aen hues!

Du bass en Näischt, wanns de brong Aen hues!

„Schumms du dech net brong Aen ze hunn? Du bass mannerwäerteg, hues keng Plaz an dëser Gesellschaft verdéngt a wäerts et souwisou ni zu eppes bréngen. Ech mat menge bloen Aen si wéinstens ziviliséiert, intelligent an dir op alle Fall iwwerleeën!“ Bei Rassismus geet et net ëm d’Hautfaarf, mee de Wëllen sech a „Rassen“ ze ënnerdeelen, woubäi eng op déi aner erofkucke wëll, onerklärbaren Haass ausgeüübt gëtt an sech d’Antipathie wéi ee Virus verbreet. Genee dat beweist och d’Jane Elliott Enn vun de 60er Joer duerch hiert Experiment mat Schüler aus dem drëtte Schouljoer.

Wou de Martin Luther King um 4. Abrëll 1968 ermort ginn ass, hat déi amerikanesch Léierin Jane Elliott aus dem Bundesstaat Iowa grad emol 35 Joer. Schockéiert duerch déi rassistesch Dot an ugedriwwen duerch d’Biergerrechtsbeweegungen an de 50er a 60er Joer huet dës Fra sech gefrot, wéi een d’Thema Rassismus an der Schoul kéint opgräifen.

Blo Aen géint Brong Aen

Fir ze léieren an ze verhalen geet et net ëmmer duer d’Theorie ze kennen. Heiansdo wierkt d’Material besser, wann et praktesch ëmgesat, perséinlech empfonnt gëtt. An esou huet d’Jane Elliott d’Experiment „Blue Eyes – Brown Eyes“ (Lb.: Blo Aen – Brong Aen) lancéiert, woubäi si hir Schoulklass a Schüler ënnerdeelt huet.

Wie blo Aen hat, krut bäibruecht besser, méi intelligent, ziviliséiert a propper ze sinn. Dëse Grupp gouf privilegéiert, wärend d’Schüler mat de brongen Aen gepisakt goufen. Dobäi huet d’Schoulmeeschtesch misse feststellen, datt d’Kanner schonn no 15 Minutten hiert Verhale geännert hunn: Blo huet op Brong lassgeklappt, se beleidegt an erniddregt. Déi einfachst Rechenaufgabe konnt den diskriminéierte Grupp net méi meeschteren. Si hunn hiert Selbstvertraue verluer a sech net méi getraut ze mucksen.

Esou schnell geet Manipulatioun, esou rasant verbreet sech Haass géint Anerer. D’Experiment gouf reegelméisseg widderholl an d’Resultat war ëmmer dat selwecht. No 2 Joer ass souguer en Documentaire opgeholl ginn, deen Dir hei kucke kënnt:

D’Jane Elliott gouf vun der Bevëlkerung kritiséiert, Frënn hunn de Kontakt ofgebrach a si gouf souguer ugespaut. Si sollt mat hire komesche Léiermethoden ophalen, schliisslech géif et kee Rassismus an hirer Géigend ginn. D’Jane huet sech awer net ënnerkréie gelooss a setzt sech och haut nach géint Diskriminéierung, Fanatismus a Viruerteeler an.

„D’Ligge vun der wäisser Iwwerleeënheet gëtt haut nees all Dag verbreet“, erkläert d’Jane Elliott. Wat si mat jonke 35 erlieft huet, breet sech och elo nach ëmmer aus. Zemools duerch d’Policegewalt an den USA a virun allem de jéngste Fall George Floyd gëtt weltwäit demonstréiert a bewisen, datt Rassismus net nëmmen een ellent Accessoire aus de 50er a 60er Jore war.

Brong Aen

© Jane Elliott / Twitter

Et gëtt just eng „Rass“, an déi heescht „Mënsch“. Fir hiren Engagement duerft d’Jane Elliott den National Mental Health Association Award fir Exzellenz an der Bildung entgéint huelen. Och mat 87 Joer organiséiert si Workshoppen, Liesungen, verëffentlecht reegelméisseg Artikelen géint Diskriminéierung um eegene Blog.

Wisou iwwerhaapt deen Haass?

Rassismus ass eng Denkweis, bei där Mënschen duerch kulturell oder kierperlech Detailer a Gruppen ënnerdeelt ginn. Individualitéit an Eenzegaartegkeet gëtt et net, just d’Iwwerleeënheet. Wat sech fréier, beispillsweis wärend der Kolonialiséierung, duerch Sklaverei geäussert huet, goung ënnert anerem an den Holocaust an Attentater iwwer, bis hin zum haitegen Haass géint Flüchtlingen, Afroamerikaner oder och nach ëmmer Judden.

D’Grënn fir den Haass ginn nach ëmmer erfuerscht. Gëtt vläicht gefaart, datt den Aneren méi kritt, wéi ee selwer? Et méi einfach gemaach kritt, wéi ee selwer? E besser ugesi gëtt wéi ee selwer? Fest steet, datt Rassismus scheinbar ustiechend, eng manipulativ Waff ass, fir sech selwer ze erhiewen a sech Muecht ze schenken.

Genee esou ustiechend soll a muss awer och Solidaritéit, Nächsteléift an Zivilcourage sinn. D’Wuerzel vun all Form un Haass an Diskriminéierung muss fréi gekappt ginn, fir de Bam un Antipathie net weider wuessen ze loossen an en drun ze hënneren sech breet ze maachen.

Opmaacherbild: Lénks en Screenshot aus dem Documentaire vum Experiment “Blue Eyes – Brown Eyes” (YouTube), riet e Bild vum Jane Elliott (Facebook)

Ähnlech Sujeten Blo Aen, Blue Eyes Brown Eyes, Brong Aen, Diskriminatioun, George Floyd, Haass, Holocaust, Jane Elliott, Rassismus, Schoul, Schüler, soziaalt Experiment
Nächsten Artikel Virrechten Artikel