Search

You may also like

Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras
Neiegkeeten

Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras

De Steampunk Festival am Fond-de-Gras, kann sech op säi Succès

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!
Neiegkeeten

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!

Wien denkt sech net ëmmer erëm: Ech misst vill méi

Lëtzebuerg schéckt keng Truppen an den Irak
Neiegkeeten

Lëtzebuerg schéckt keng Truppen an den Irak

Haut a muer hëlt de Vizepremier a Minister fir Verteidegung,

Stauséi a Wäisswampecher Séi: D’Situatioun huet sech verschlëmmert

Stauséi a Wäisswampecher Séi: D’Situatioun huet sech verschlëmmert

D’Waasseranalysen vun de 6 offizielle Plage vum Stauséi an de Plage vum Wäisswampecher Séi hu gewisen, datt sech nees grouss Quantitéiten u Bloalgen am Waasser befannen. Well et duerch d’Gëftstoffer zu gesondheetleche Problemer komme kann, gëllt elo nees e Verbuet vun alle Waasseraktivitéiten.

D’Waasserverwaltung an d’Gesondheetsdirektioun roden dem Public weder selwer an d’Waasser ze goen, nach säin Hausdéier eralafen ze loossen oder draus ze drénken. Och Fësch aus dem Stauséi oder dem Wäisswampecher Séi sollt een net konsuméieren.

Sollt een nom Kontakt mam Waasser gesondheetlech Problemer opweisen, soll een direkt en Dokter opsichen. Ma, och zu Rëmerschen gëllt nach ëmmer e Verbuet vun alle Waasseraktivitéiten.

An dësem Kader gëtt ënnerstrach, datt déi héich Konzentratioun u Cyanobakterien kee Risiko fir de Konsum vum Drénkwaasser bedeit. D’Drénkwaasser gëtt nämlech aus enger Déift vun ëm 25 Meter ofgezaapt, wou d’Bloalge just wéineg present sinn an en Traitement restlech Toxiner eliminéiert.

Déi aktuell Situatioun kann een iwwert www.waasser.lu verfollegen.

Opmaacherbild: © Christian Fischer (CC BY-SA 3.0)

Related topics Bloalgen, Cyanobakterien, Drénkwaasser, Gesondheetsdirektioun, Hausdéier, Rëmerschen, Schwammverbuet, Stauséi, Traitement, Waasser, Waasseraktivitéite, Wäisswampecher Séi
Next post Previous post