Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

“Mir sinn eis eens, datt mir eis net eens sinn.”
Neiegkeeten

“Mir sinn eis eens, datt mir eis net eens sinn.”

Den 19. Mee 2020 waren de SPEBS an d’APCCA, no

Gläichstellung vu Mann a Fra: eng gedeelte Verantwortung
Neiegkeeten

Gläichstellung vu Mann a Fra: eng gedeelte Verantwortung

Am Regierungsprogramm 2018-2023 gëtt d‘Gläichstellung vu Mann a Fra als

Philharmonie: E super Optakt an déi nei Saison mam OPL
Neiegkeeten

Philharmonie: E super Optakt an déi nei Saison mam OPL

Mam Concert vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg (OPL) a sengem

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff

Säit Enn Mäerz 2020 konnt och zu Lëtzebuerg e grousst Blomeesestierwe konstatéiert ginn. E Bakterium huet bei de Blomeesen eng Longenentzündung ausgeléist, un deenen vill Vullen schliisslech och gestuerwe sinn. Bis Enn Mee 2020 ass natur&ëmwelt knapp 230 Meldunge vun iwwer 370 doudegen a kranke Blomeesen nogaangen.

A ville Gäert sinn krank wierkend, respektiv doudeg Blomeese fonnt ginn. Och e komplett Feelen vun den Déiercher gouf beobacht. An Däitschland, wou d’Situatioun ähnlech ausgesinn huet, konnt eng veterinärmedezinesch Ënnersichung de Bakterium Suttonella ornithocola als Ursaach bestëmmen.

Blomeesestierwen

Iwwert e Formulaire sinn 228 Meldunge vun 371 Villercher – dovunner 2/3 dout a ronn 1/3 krank – bei natur&ëmwelt eragaangen. Dobäi huet sech den Erreeger relativ gläichméisseg a flächendeckend iwwert d’Land verdeelt. Et kann ee soumat keen Hotspot ausmaachen. Nom Verlaf vun de Verdachtsfäll a Meldunge pro Dag geet en dovunner aus, datt d’Blomeesestierwen am Mäerz ugefaangen huet, Mëtt Abrëll zum Héichpunkt komm ass an d’Zuel un erkrankten Déieren dunn nees zeréck gaangen ass. Dës Informatiounen decke sech mat deenen vun Däitschland.

Blomeesestierwen

Sécherlech si verschidde Blomeesen och un anere Krankheeten oder engem natierlechen Dout gestuerwen, sinn der Kaz oder Glasspläiteren zum Affer gefall. Zur Majoritéit passt d’Beschreiwung vun de beobachtete Vullen op d’Symptomer vum Bakterium Suttonella ornithocola.

Wëll säit Enn Mee kaum méi Meldungen erakomm sinn, respektiv meeschtens doudeg Jonkvillercher am Nascht waren oder och eng Kollisioun oder aner Ursaachen a Fro koum sinn, gouf decidéiert de Formulaire fir Beobachtungen, bezéiungsweis d’Melle vu kranken oder doudegen Blomeesen elo emol zouzemaachen.

Wat een elo maache kann

Net eleng d’Blomeese, mee och vereenzelt Kuelmeesen an aner kleng Sangvillercher hunn duerch den Erreeger eng Longenentzündung kritt. Fir de Mënsch a seng Hausdéieren ass de Bakterium net geféierlech, an awer soll een en doudege Villche just mat Händschen upaken.

Fir déi krank Blomeese kann net vill gemaach ginn. Allerdéngs kann een naturnoen a vullefrëndleche Gaart gënschteg Bedéngunge fir d’Iwwerleeën vun de Vulle schafen an hinnen esou d’Méiglechkeet ginn, d’Verloschter duerch erfollegräich Fortplanzung ze kompenséieren. Tipps heizou ginn et an der Infobroschür op naturemwelt.lu.

Blomeesestierwen

Grad do, wou vill Vullen openeen treffen, verbreet sech d’Krankheet schnell © Rita Priemer / Nabu

Eng weider Moossnam betrëfft d’Verbreedung vum Bakterium. Et handelt sech ëm eng ustiechend Krankheet, wouduerch d’Iwwerdroung iwwerall do héich ass, wou vill Villercher beieneen kommen (beispillsweis Fudderplazen). Fir d’Ustiechung anzedämme solle betraffe Fudderplazen eidel a propper gemaach ginn. Gläichzäiteg soll den Déiercher fir ronn véier Woche genuch Waasser bereetgestallt ginn.

Op dëser Plaz seet natur&ëmwelt den däitsche Partner vun Nabu fir de schnellen Austausch an déi gutt Zesummenaarbecht Merci. Weider Informatiounen zur Blomeesekrankheet ginn et HEI.

Opmaacherbild: Krank Blomeesen hunn oft Otemproblemer an friessen net méi  © Otto Schäfer / Nabu

Ähnlech Sujeten Bakterium, Bilan, Blomeesestierwen, Krankheet, Meldungen, Nabu, natur&ëmwelt, Suttonella ornithocola, Villercher, Vullen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel