Search

You may also like

Ee Staatsstreech am Biergerkrichsland Libyen?
Neiegkeeten

Ee Staatsstreech am Biergerkrichsland Libyen?

An enger laanger Usprooch op der Tëlee, huet de Generol

Beim LCGB ass een vun der EIB „eppes“ enttäuscht (Kommentar)
Neiegkeeten

Beim LCGB ass een vun der EIB „eppes“ enttäuscht (Kommentar)

Zanter Januar ass gewosst, datt déi Europäesch Investitiounsbank (EIB) muss

Sober Buddy Challenge: E Mount ouni Alkohol
Neiegkeeten

Sober Buddy Challenge: E Mount ouni Alkohol

Schonn iwwer 2.000 Buddys – englesch fir „Kollegen“ oder „Komeroden“

Bluddegen Uschlag zu Kabul

Bluddegen Uschlag zu Kabul

Mat op mannst nonzeg Doudeger an iwwer véierhonnert Blesséierter huet an Afghanistan de Ramadan bluddeg ugefaangen. Et war ee Camion, mat enger zolitter Bomm versinn, deen am diplomatesche Quartier zu Kabul fir Panik gesuergt huet. Den Uschlag ass bis ewell nach vu kenger Säit revendiquéiert ginn.

Ënnert den Doudege sinn eelef afghanesch Sécherheetsleit an eelef amerikanesch Mataarbechter vun der amerikanescher Ambassade. Dëst bestätegt  e Verantwortlechen zu Washington a Kabul der AFP. Och e Garde vun der däitscher Ambassade, ee Chauffeur vun der BBC an ee Journalist vum afghanesche Sender Tolo hunn den Uschlag net iwwerlieft. Blesséiert goufen och zwee Mataarbechter vun der däitscher Ambassade a véier BBC-Journalisten.

Sensibele Moment

Nach Stonnen nom Attentat hu Secouristen deels verkuelten oder entstallte Kierper aus den Ruinen gebuergen. Awunner hunn zur gläicher Zäit, ouni grouss Hoffnung no Familljememberen a Frënn gesicht.

Zum Ufank vum arabesche Faaschtemount an de fréie Moiesstonnen, ass dës Attack kee gutt Zeechen. Am engem ultra sensibele Quartier, wou d’Ambassade hannert meter héije Mauere geschützt sollte sinn, muss d’Situatioun vum Land nei bewäert ginn.

D’Explosioun ass duerch ee Waasserfaass, déi op mannst mat annerhallef Tonn Sprengstoff beluede war, ausgeléist ginn. Si huet ee Krater vu siwe Meter déift gegruewen“, gouf vun enger westlecher Quell der AFP matgedeelt. Laut dem afghaneschen Inneministère ass de Sprengsaz vun engem Selbstmord-Attentäter géint hallwer néng moies gezünt ginn.

Vu wiem a wat war d’Ziel?

Bis owes war den Uschlag vu kengem revendiquéiert ginn. Och wat dat eigentlecht Ziel sollt gewiescht sinn, konnt net etabléiert ginn. Säitens den Taliban, déi Enn Abrëll hir Fréijoersoffensiv ugekënnegt haten, war een Dementi op Twitter verëffentlecht ginn. Si hunn den Uschlag esouguer veruerteelt. Allerdéngs revendiquéieren d’Taliban seelen Attentater bei deenen et eng héich Zuel un zivillen Affer ze bekloe gëtt.

Den afghanesche Geheimdéngscht beschëllegt awer „Haqqani“ ee Reseau deen den Taliban nosteet an ëmmer nees Ugrëff géint lokal a friem Militäreenheeten duerchféiert. Den islamesche Staat (IS) huet sech bis ewell net geäussert.

D’Explosioun huet ee groussen Deel vun der Stad erschüttert an eng gréisser Panik ausgeléist. Vill Dieren a Fënster sinn duerch Drockwell futti gaangen. Dosenden zerstéiert Autoen hunn de Sécherheets- an Hëllefsequippen den Zougang zum Site, direkt no der Explosioun schwéier gemaach. D’Regierung hat dann och d’Awunner opgeruff an de Spidoler Blutt ze spenden.

Dee Krich deen (net) eriwwer ass

Vill Ambassaden hunn Etat vu gréisserem Materialschued gemaach, dorënner déi vu Frankräich, wou et besonnesch schlëmm soll sinn, déi däitsch an amerikanesch wou et och Affer ginn huet. Weider betraff sinn d’Ambassade vu Japan, der Tierkei, de Vereenegten Arabeschen Emirater, vun Indien a Bulgarien.

Washington denoncéiert eng „gräisslech“ Attack: „De Fait, datt dësen Ugrëff während dem Ramadan stattfonnt huet, ënnersträicht seng barbaresch Dimensioun“. Den däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel erkläert: „Esou Attacken änneren näischt un eisem Wëllen déi afghanesch Regierung a senge Beméiungen d’Land ze stabiliséieren och weider ze ënnerstëtzen“.

Wat schwéier anzeschätzen ass, betrëfft d’Usiicht vum däitschen Inneminister Thomas de Maizière, dee jo dorops besteet Afghanistan als „sécher“ unzegesinn. Eng Usiicht déi him erlaabt afghanesch Refugiéen auszeweisen. Esou ass dann och ee Fliger, deen esou Refugiéen hätt sollen op Kabul ausfléien net wéinst dem Uschlag zeréckgehale ginn. Erkläert gëtt dat esou: D’Mataarbechter vun der Ambassade „hunn no dësem Uschlag méi wichteg Saachen ze erleedegen, wéi logistesch Mesuren ze preparéieren“.

E Krichsverbriechen

Säitens der UNO-Missioun an Afghanistan gëtt den…resoluten Asaz an de Courage vun den afghanesche Sécherheetsleit déi verhënnert hunn, datt de Camion méi déif an den diplomatesche Secteur konnt virdrängen“ begréisst.

Och déi afghanesch Regierung huet sech geäussert. De President Ashraf Ghani definéiert den Uschlag als „Crime de Guerre“ an de Chef vun der Exekutive, den Abdullah Abdullah mengt „Mier si bereet fir de Fridden, mee all déi wou eis am Mount vum Ramadan ëmbréngen, verdéngen et net Friddensvirschléi gemaach ze kréien, mee mussen zerstéiert ginn.

Amnesty International ënnersträicht, datt dësen Uschlag weist „de Konflikt an Afghanistan hëlt net of, mee verbreet sech op eng geféierlech Aart a Weis an dat sollt déi international Communautéit alarméieren.“ De Poopst François huet den Uschlag och condamnéiert a zu Paräis war den Eiffeltuerm um Mëttwochowend däischter bliwwen.

Nach méi amerikanesch Zaldoten

Dat Attentat wat an engem Kontext vun der Sécherheetsdeterioratioun a grousser Ongewëssheet fir Afghanistan zustane komm ass, ka mam Donald Trump senger Iwwerleeung weider Truppen an d’Land ze schécke verbonne sinn. De Chef vum Pentagon Jim Mattis huet rezent deklaréiert sech op „en neit schwieregt Joer fir déi afghanesch Arméi an auslännesch Zaldoten“ virzebereeden.

Amerika, dat sech an Afghanistan op dee längste Konflikt a senger Geschicht agelooss huet, zielt Aktuell 8.400 Mann nieft de ronn 5.000 Zaldote vun der NATO-Koalitioun op der Plaz. Deenen hir eigentlech Missioun soll d’Ausbildung an d’Berodung vun der afghanescher Arméi sinn.

Op dëser Plaz ass et wichteg sech ze erënneren, datt Russland dee Problem vun 1979 bis 1989 och hat. Deemools hunn d’USA d’Taliban esou wuel finanziell wéi och mat Waffen ënnerstëtzt fir de „Géigner“ aus dem Land ze kréien. Déi selwecht Leit also, déi elo mat alle Mëttele versichen och den Amerikaner nees lass ze ginn.

Mam Emal Haidary (AFP)

Foto: Awunner vu Kabul sti bei engem vun der Explosioun zerstéierte Gebai (Wakil Koshar/AFP)

Related topics Afghanistan, Kabul, Terrorismus
Next post Previous post