Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?
Neiegkeeten

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?

Et gëtt dëser Deeg vill iwwert en Handelskrich tëscht den

Ungarn: Land mat Ageschränkter Pressefräiheet
Neiegkeeten

Ungarn: Land mat Ageschränkter Pressefräiheet

„index.hu“ ass mat dat gréissten Noriichteportal vun Ungarn an eent

Industriezon Gadderscheier: D’Feier ass geläscht!
Neiegkeeten

Industriezon Gadderscheier: D’Feier ass geläscht!

Um leschte Juli-Dag ass beim CGDIS den Appell eragaangen, datt

Blummewise fir den urbane Raum: Projet zur ekologescher Opwäertung vu Gréngflächen

D’Biologesch Statioun SIAS bléckt zefridden op déi lescht zwee Joer zeréck

Blummewise fir den urbane Raum: Projet zur ekologescher Opwäertung vu Gréngflächen

De Weltbiodiversitéitsrot huet a sengem Bericht vum Mee 2019 festgehalen, datt weltwäit ronn eng Millioun Déieren- a Planzenaarte bedreet sinn. D’SIAS-Gemengen engagéiere sech fir d’Erhalung vun der Biodiversitéit, andeem si hir urban Grénganlagen dem Naturschutz zur Verfügung stellen. D’Biologesch Statioun SIAS, déi fir déi 18 SIAS-Gemenge konkret Naturschutzprojeten ausschafft an ëmsetzt, huet elo en éischte Bilan vun hirem Projet “Blummewise fir den urbane Raum” gezunn.

De Gemengesyndikat SIAS huet virun zwee Joer mat hire Gemengen dëse Projet zur ekologescher Opwäertung vu kommunale Gréngflächen an d’Liewe geruff. Nieft dem spéide Méien (fauchage tardif) goufe verschidde Blummewisen ugeluecht. Dës Moossnamen déngen als Liewensraum fir vill Insekten, Beien a Kiewerleken an droe soumat dozou bäi, d’Biodiversitéit an den Uertschaften ze steigeren.

SIAS Blummewisen

© SIAS

Virdeeler vum Projet sinn, datt d’Onkäschte fir d’Fleeg vun de Flächen am urbane Raum manner héich ufalen. Nieft enger däitlecher Steigerung vun der Biodiversitéit gëtt gläichzäiteg neie Liewensraum fir zum Deel immens seele Planzen an Déierenaarte geschaf.

An eisen Dierfer, Gemengen a Stied ginn et allerlee Zorte vu fräie Flächen am ëffentleche Raum: laanscht Stroossen, Schinnen souwéi Trottoiren, am Ëmfeld vu Sportanlagen, bei ëffentleche Gebaier, industriellen Anlagen, Parkplazen… Grad sou Fläche wéilt ee mam Projet ekologesch opwäerten.

Et muss net sou oft geméit ginn

Bei ëffentleche Fräiraim besteet zu Lëtzebuerg nach oft d’Verständnis, datt dës vun natierlecher Vegetatioun befreit musse sinn, fir gefleegt ze wierken. Den Usaz bei der ekologescher Gestaltung an dem extensiven Ënnerhalt vun de fräie Flächen am urbane Raum huet zum Zil, dat direkt Ëmfeld vun den Awunner an e méi naturnoen Zoustand ze bréngen. Well dës Fräiflächen zesumme gesinn en nawell groussen Undeel vun der Landesfläch ausmaachen, leescht de Projet en net onwichtege Bäitrag fir den Naturschutz op nationalem Niveau.

SIAS Blummewisen

© SIAS

Sou gi vill Wiseflächen innerhalb den Uertschaften ze oft geméit. Dat géif ebe besser ausgesinn. Aus ekologescher Siicht mécht dat allerdéngs wéineg Sënn. Sou ginn nämlech d’Blumme reegelméisseg virun hirer Bléi geméit a kënne weder hir Pracht, nach hir wichteg Funktioun als Pollen- an Nektarspender fir Beien a Kiewerleken erfëllen. Dobäi ass och nach ze bedenken, datt d’Méien eppes kascht. Wann also manner oft a méi spéit geméit gëtt, hunn d’Blummen och mol eng Chance fir bléien ze kënnen.

Blummewisen: einfach an effikass

D’Biologesch Statioun SIAS – SIAS steet iwwregens fir “Syndicat intercommunal à vocation multiple” – huet dowéinst verschidden, speziell ausgeriichte Moduler entwéckelt, fir déi verschidden Ufuerderungen vun de Flächen am ëffentleche Raum optimal beaarbechten ze kënnen.

Eng weider Moossnam ass d’Usetze vu Blummewisen. Virun allem op méi klenge Flächen eegent sech dës Method, well se einfach ëmzesetzen ass an dobäi e wichtege Bäitrag zur Steigerung vun der urbaner Biodiversitéit leescht. Des Weidere gëtt gemeinsam mat de Gemengegäertner drop geuecht, ouni Pestiziden ze schaffen.

Mëttlerweil bedeelege sech bal all vun den 18 SIAS-Gemenge un dësem Projet a leeschte soumat e grousse Bäitrag zur Fërderung vun der Biodiversitéit an zur Ëmsetzung vun der nationaler Biodiversitéitsstrategie.

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Biologesch Statioun, Blummewisen, Gemengesyndikat, Gréngflächen, SIAS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel