Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen
Cry Fail International Neiegkeeten

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen

Um Freideg haten d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an de Sozialminister Romain

D‘Rout Kräiz iwwerhëlt d’Muselheem a séchert de Fortbestand
Cry Fail International Neiegkeeten

D‘Rout Kräiz iwwerhëlt d’Muselheem a séchert de Fortbestand

Säit dësem Méindeg huet d‘Rout Kräiz d‘Aktivitéite vun der ASBL

coollove
Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuel
Cry Fail International Neiegkeeten

Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuel

Vill Leit denken bei Patrimoine un de Service des Sites

cryingdislike

Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel

Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel

Um Donneschdeg ass den israeleschen Ambassadeur an der Tierkei gebiede ginn d‘Land ze verloossen. Ankara ass zanter dem Bluttbad vu Gaza, mat Jerusalem op Krichsfouss. Hei gëtt sech beleidegt, an och diplomatesch Sanktioune stinn op der Dagesuerdnung.

Et sinn eng 60 Palestinenser beim Protest un der Grenz zu Gaza gestuerwen, nodeems e puer Dausend Leit géint d‘Inauguratioun vun der US-Ambassade zu Jerusalem manifestéiert haten. De 14. Mee 2017 gëllt als deen déidlechsten Dag zanter 2014, an engem Konflikt dee keen Enn fënnt.

Den Ambassadeur Eitan Naeh, ass zu Istanbul an e Fliger a Richtung Tel-Aviv geklommen, an déi tierkesch Medien hunn den „Depart“ op Schratt an Tratt begleet. Esou kann een den Ambassadeur gesinn, wéi hien eng kleng Wallis zitt an duerch d‘Sécherheetskontroll geet.

Aktioun fuerdert Reaktioun

An Israel huet den Ausseministère den tierkesche Geschäftsbeoptraagten abestallt. Deen huet de Protest entgéint geholl, mat deem den onwierdegen Ëmgang mam Diplomat um Fluchhafe vun Istanbul gemengt war. Aus dem Communiqué ass ze enthuelen, datt den Eitan Naeh enger strenger Sécherheetskontroll ënnerzu gi wier, an d‘Medien opgefuerdert waren detailléiert ze beriichten.

Zum Zäitpunkt wou den Ambassadeur d‘Tierkei verlooss huet, annoncéiert den tierkeschen Ausseministère, datt een och den israelesche Generalkonsul gebieden hätt, Istanbul provisoresch ze verloossen. Déi selwecht Mesure hat Israel géintiwwer dem tierkesche Generalkonsul zu Jerusalem, schonn um Mëttwoch geholl.

Dozou kënnt de Fait, datt d‘Ausenanersetzung vum Méindeg mat der Aweiung vun der US-Ambassade zu Jerusalem zesummegefall ass, wat awer ze erwaarde war. Den Donald Trump, huet mat senger Entscheedung en internationale Konsens gebrach. Deemools war sech déi international Communautéit eens, datt ee keng Ambassade zu Jerusalem installéiert.

„Si“ sinn nees besuergt

Israel huet den Asaz vu senger Arméi domatter begrënnt, datt een huet missen dovunner ausgoen, datt d‘Palestinenser mat Gewalt d‘Grenz iwwerschreide wollten. Dat awer geet dem kanadesche Premierminister Justin Trudeau net duer. Hie fuerdert eng onofhängeg Enquête vum Virfall zu Gaza, a beklot eng disproportionéiert Gewalt an den Asaz vun echter Munitioun.

De Recep Tayyip Erdogan – en erkläert konservative Moslem – bezichtegt Israel et hei op e Genozid ukommen ze loossen. Dat geet esouwäit, datt de President vun der Tierkei, dee mat de Kurden am eegene Land net besser ëmgeet, dem Benjamin „Bibi“ Netanyahu virwerft, un der Spëtzt vun engem „Apartheid-Land“ ze stoen, a palestinensescht Blutt un den Hänn ze hunn.

Hei dann och direkt d‘Äntwert vu Jerusalem: den israelesche Premierminister huet emol fir unzefänke gemengt, datt hien et net néideg hätt eng „Leçon“ vum tierkesche Staatschef ze kréien. An engem Communiqué heescht et: „et besteet keen Zweiwel dorunner, datt hien den Terror an d‘Massaker ganz gutt versteet“.

Tierkei – Israel: en „déjà-vu“?

De leschten „Eclat“ tëscht der Tierkei an Israel féiert zréck an d‘Joeren 2016 an 2010. Do hat déi israelesch Arméi e Schëff vun enger tierkesch ONG „gestoppt“ datt a Richtung Gaza ënnerwee war. Um Schëff ware Fräiwëlleger an Hëllefsgidder, fir Palestina. D‘Schëffer goufen an den Hafe vun Ashdod geleet, an d‘Aktivisten direkt ausgewisen.

E Mëttwoch hat den tierkesche President dann och nach déi international Communautéit ugegraff. Déi wier erstaunlech Stëll géintiwwer der israelescher Tyrannei. „Wann de Silenz sech géintiwwer der israelescher Tyrannei duerchsetzt, wäert d‘Welt sech an engem Chaos erëmfannen, an deem d‘Banditten d‘Gesetzer maachen“, esou den Erdogan.

Fir hien ass de Virfall vun ee Méindeg dann och de Beweis, datt sech „déi Vereenten Natiounen opgeléist“ hunn. Den Erdogan stellt sech och gären als Verdeedeger vun der palestinensescher Kausa duer. An dësem Kontext presidéiert hien e Freideg zu Istanbul de Sommet vun der Organisatioun vun der Islamescher Kooperatioun (OIC).

Alles ass gutt fir op d‘Tromm ze schloen

Vun dësem Sommet erwaart sech den Erdogan ee „staarke Message un d‘Welt“ nom Massaker vu Gaza. Den tierkesche President huet sech dann och mat verschiddenen arabesche Staatscheffe vie Telefon ënnerhalen. Dorënner d‘Kinneke vu Saudiarabien a Jordanien. Och mam iranesche President, Hassan Rohani, ass sech ausgetosch ginn. Wien awer alles soll kommen ass net gewosst.

A wann ee schonn déi arabesch Welt zu engem Sommet aluet, bei deem et ëm Palestina geet, da kann een als President och seng Leit opruffen, sech un enger Manifestatioun ze bedeelegen, wou een de Palestinenser d‘Solidaritéit vum tierkesche Vollek ausdréckt. Eng Maniff ënnert dem Motto: „Stopp der Ënnerdréckung!“, bei där vun enger grousser Bedeelegung auszegoen ass.

Während d‘Gestreits op diplomateschem Niveau keng Pause kennt, gëtt et dann och nach déi kleng Provokatiounen – mat grousser Wierkung – an de sozialen Netzwierker. Esou hätt dem israelesche Premierminister säi Fils, Yaïr Netanyahu, op Instagram en tierkesche Fändel gepost, mat der Opschrëft: „Fuck Turkey“. Dat zumindest beriichten israelesch Medien.

mam Stuart Williams/AFP

Foto: Protest zu Istanbul virun der israelescher Ambassade. Membere vun der gréisster tierkeschen Oppositiounspartei „Cümhüriyet Halk Partisi“ (CHP) fuerderen de NATO-Partner USA op, sech aus dem Noen Osten zréckzezéien a beschëllegen Israel, sech engem Genozid schëlleg ze maachen. © Ozan Kose/AFP

Ähnlech Sujeten Bluttbad, Gaza, Israel, Palestina, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel