Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: D‘Kommuniste stellen sech als konsequent Oppositioun op
International Neiegkeeten best dating app dubai

https://moien.lu/seven-or-better-dating-site/

Si wuel eng vun de klengste Parteien am Land, an

40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
International Neiegkeeten best dating app dubai

40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City

Vum 7. bis den 9. Abrëll war eise Premier- a

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn
International Neiegkeeten best dating app dubai

Et ass sech op héijem Niveau ausenanergesat ginn

Fir déi jonk Lëtzebuerger Pilotin Zoe Knebler, war de leschte

Gëtt et deemnächst ee Blutttest zur Alzheimer-Fréierkennung?

Gëtt et deemnächst ee Blutttest zur Alzheimer-Fréierkennung?

D’Erkrankung vum Vergiesse gëtt vun alle gefaart. Bis ewell kann Alzheimer net geheelt, dofir awer an Zukunft duerch ee Blutttest virausgesot ginn. Fir d’Medezin gëllt den Test als immense Fortschrëtt an der Fréierkennung. Am Kampf géint d’Krankheet ass een ee Schrack viru komm.

De Bateman Laboratory beschäftegt sech mat de Grënn an der Diagnos vun Alzheimer, sou wéi den zukünftegen Traitementer fir déi betraffe Persounen. Zesumme mat der Washington University School of Medicine zu St. Louis huet een elo matgedeelt, datt d’Fuerscher mat hirem neien Test dat Eewäiss am Blutt noweise kënnen, dat direkt mat der Alzheimer-Erkrankung a Verbindung steet.

Dobäi kënne souguer ganz kleng Quantitéite vun de sougenannte Beta-Amyloide, déi als Haaptursaach fir d’Krankheet vum Vergiesse gëllen, siichtbar gemaach ginn. Laang ier eng Persoun ufänkt, sech lues a lues net méi erënneren ze kënnen an mat Konfusioun ze kämpfen huet, kann een esou d’Diagnos stellen.

Bis elo konnt een d’Oflagerung vum Eewäiss am Gehir just mat engem deiere PET-Scan feststellen. Als zweet Méiglechkeet kann een d’Gehirwaasser ënnersichen, dëse Virgank gëllt allerdéngs als invasiv.

Alzheimer

Oflagerung schonn 20 Joer viru siichtbare Symptomer

D’Oflagerunge suergen dofir, datt mat der Zäit Nervenzellen zerstéiert an Entzündungen entstinn. Iergendwann gëtt d’Gehir schliisslech an der Signaliwwerdroung gestéiert. Dobäi setzt sech d’Eewäiss schonn 20 Joer virun dem Ausbroch vun de bekannte Symptomer am Gehir fest.

Fir hir Ënnersichungen hunn d’Fuerscher Blutt vun 158 Persounen iwwer 50 Joer getest. D’Participante selwer si souwuel duerch de PET, wéi och mam Amyloid-Tracer ënnersicht ginn. D’Resultat war, datt an 88 % vun de Fäll de Beta-Amyloid am Gehir an am Blutt nogewise konnt ginn an esou d’Alzheimer-Erkrankung sécher diagnostizéiert ka ginn.

D’Fuerscher hunn den Test uschléissend mat den zwee Risiko-Faktoren Alter a Genverännerung kombinéiert. Ab dem Alter vu 65 Joer verduebelt sech all 5 Joer d’Wahrscheinlechkeet d’Krankheet ze kréien. Persoune mat enger spezieller Genverännerung (APOE4) erkranke ganzer 3 Mol méi heefeg un Alzheimer, wéi Persounen ouni d’Genverännerung.

Alzheimer

Am nächste Schrëtt konzentréiere sech d’Fuerscher op Probanten iwwer 65 Joer mat der genannter Genverännerung. Hei soll de Blutttest nämlech bei enger Genauegkeet vu 94 % leien.

Laut der Matdeelung besteet de medezineschen Notze vum Blutttest net doran, de Persoune scho Joren am viraus hir Wahrscheinlechkeet am Alter un Alzheimer ze erkranken, virauszesoen. Esou géifen nämlech elle Veronsécherungen a schwéier Belaaschtungen entstoen. Vill méi soll schnell a käschtegënschteg d’Oflagerung am Gehir nogewise ginn, fir esou eventuell mat enger Therapie, déi Krankheetsverlaf méi lues mëscht, ufänken ze kënnen. De Bateman Labo ass frou, der Bekämpfung vun der Krankheet ee Stéck méi no komm ze sinn.

Ähnlech Sujeten Alzheimer, Bateman Laboratory, Blutttest, Fréierkennung, Krankheet, Washington University School of Medicine
Nächsten Artikel Virrechten Artikel