Search

You may also like

Déi grouss Parade
Neiegkeeten

Déi grouss Parade

Et war en éischter ongewinnte Bild, déi grouss Militärparad op

Och d‘Belsch ginn sech eng Exit-Covid19 Strategie
Neiegkeeten

Och d‘Belsch ginn sech eng Exit-Covid19 Strategie

Et soll eng konstruktiv a fir all d‘Bedeelegt zefriddestellend Sëtzung

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach
Neiegkeeten

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach

Et ass de norwegeschen Ëmweltminister Ola Elvestuen deen der brasilianescher

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) wäert an Zukunft guidéiert Visitte fir Privatleit duerch seng nei Raimlechkeeten organiséieren. Beim Tour duerch d’Gebai kréie Participanten Informatiounen zum Konzept, der Architektur, de Missiounen an dem Fonctionnement vun der Bibliothéik. Zudeem kritt een d’Méiglechkeet am exklusive Kader déi intern Stocken ze besichen.

Nieft dëse guidéierte Visitte proposéiert d’BnL de sougenannte beginner workshop, duerch deen een de Recherche-Tool www.a-z.lu, den neie webarchive.lu oder och de Service vun ebooks.luka kenneléieren. Wéi een eng Recherche vun Dokumenter mécht kritt een hei am Detail erkläert.

Dës Date sollt ee sech notéieren

  • Samschdes, den 1. Februar 2020 vu 14:00 bis 15:30 Auer (LU, Umeldung bis de 27. Januar)
  • Samschdes, den 8. Februar vun 11:00 bis 12:30 Auer (FR, Umeldung bis den 3. Februar)
  • Dënschdes, de 17. Mäerz vun 12:00 bis 13:30 Auer (LU, Umeldung bis den 12. Mäerz)
  • Freides, den 20. Mäerz vun 17:30 bis 19:00 Auer (FR, Umeldung bis de 16. Mäerz)
  • Méindes, den 20 Abrëll vun 12:00 bis 13:30 Auer (LU, Umeldung bis den 14. Abrëll)
  • Samschdes, de 25. Abrëll vun 11:00 bis 12:30 Auer (EN, Umeldung bis den 20. Abrëll)

Bei all Datum kënne maximal 25 Persoune matgoen.

A wéini sinn d’Workshoppen?

  • a-z.lu: Dënschdes, den 11. Februar vun 12:00 bis 13:30 Auer (Umeldung bis den 5. Februar)
  • webarchive.lu: Mëttwochs, de 4. Mäerz vun 12:30 bis 13:30 Auer (Umeldung bis den 27. Februar)
  • ebooks.lu: Mëttwochs, de 25. Mäerz vun 12:00 bis 13:30 Auer (Umeldung bis den 20. Mäerz)

Interesséiert Persoune solle sech iwwert den serviceeducatif@bnl.etat.lu mellen.

 

 

Related topics a-z.lu, BnL, ebooks.lu, Guidéiert Visitten, Kierchbierg, Nationalbibliothéik, Stock, webarchive.lu, Workshop
Next post Previous post