Search

You may also like

Mallorca: Regionalregierung zitt de Party-Stecker
Kultur Neiegkeeten

Mallorca: Regionalregierung zitt de Party-Stecker

Um „Ballermann“ hat et leschte Weekend eppes Mëssuechtung vun de

World Rescue Challenge 2019 – Exzellent Resultater vun de Lëtzebuerger
Kultur Neiegkeeten

World Rescue Challenge 2019 – Exzellent Resultater vun de Lëtzebuerger

Vum 12. bis de 15. September hunn 3 Ekippen aus

Eng Warn-App fir Lëtzebuerg a (bal) ganz Europa?
Kultur Neiegkeeten

Eng Warn-App fir Lëtzebuerg a (bal) ganz Europa?

Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler, deen an de leschte Woche widderholl

BnL: 19.200 digital Jugendbicher si bäikomm!

BnL: 19.200 digital Jugendbicher si bäikomm!

D’Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg huet méi ewéi 19.200 Jugendbicher an däitscher, franséischer an englescher Sprooch an de Repertoire aus digitale Bicher opgeholl. Zu de bekanntste Wierker gehéieren: Dirt Diary SeriesFantastic BeastsThe Hunger GamesMalala’s Magic Pencil, Mein Lotta LebenTom Gates an Harry Potter.

Datt dës elektronesch Bicher dobäi komm sinn, ass duerch e Projet entstanen, deen Ufank Juli 2020 vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend an der BnL lancéiert gouf. Dëse gouf Read-y genannt. D’Nationalbibliothéik verwalt d’Authentifizéierungsinfrastruktur an d’Zougrëffslizenzen.

Duerch dës nei E-Books erweidert sech déi breet Palette un Online-Ressourcen, déi d’Nationalbibliothéik hieren Notzer gratis zur Verfügung stellt.

  • 595.000 E-Books Wësseschaftsbicher (Recht-,Natur-,Technologie-,Geescht a Sozialwëssenschaften)
  • 163.000 E-Books vum Projet ebooks.lu (Romaner, Fräizäitbicher, Jugend)
  • 77.800 wëssenschaftlech elektronesch Zeitungen
  • 390 Datebanken

Wéi kritt Dir Accès?

Fir op dës Ressourcen zeréck ze gräifen, braucht Dir Iech just ze registréieren. D’Registréierung ass gratis a ka via Email op inscription@bnl.etat.lu ofgeschloss ginn.

Opmaacherbild © Perfecto Capucine / Unsplash

Related topics Bildungsministère, BnL, digital Bicher, Digitaliséierung, E-Books, Jugendbicher, Liesen, Literatur, Nationalbibliothéik, Sammlung
Next post Previous post