Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino
Kultur Meenung Neiegkeeten Stories

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino

  D’Golden Globes sti virun der Dier. An anescht wéi

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen
Kultur Meenung Neiegkeeten Stories

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen

Mir hunn et elo all matkritt, a wien net selwer

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg – Et ass Virsiicht gebueden!
Kultur Meenung Neiegkeeten Stories

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg – Et ass Virsiicht gebueden!

Ugesiichts den aktuelle Wiederkonditiounen, befannen sech eis Waasserleef wäit ënner

Et läit nees eppes an der Loft

Nominéierung vum Joanne Goebbels suergt fir eppes Kritik. Ass dat alles berechtegt?

Et läit nees eppes an der Loft

Bis zur Verbreedung vun der Informatioun, datt als Nofolgerin vun der BnL-Directrice Monique Kieffer, d‘Joanne Goebbels vun der Regierung virgeschloe ginn ass, woussten déi allermeeschte Leit am Land wahrscheinlech net emol, datt ee Wiessel am Raum gestanen huet a wien d‘Joanne Goebbels ass. Elo ergëtt et sech awer, datt dës Nominéierung ee regelrechte Shitstorm ervirrifft.

An domadder net genuch: Op der Antenn vum Staatssender Bertelsmann-RTL heescht et elo, datt ee vun den Kandidate fir de Posten als Direkter vun der Nationalbibliothéik (BnL), den Thierry Hirsch, juristesch géint d‘Decisioun vun der Regierung wëll virgoen. Interessanterweis, gëtt sech virun allem um Fait festgehalen, datt Joanne Goebbels eng „Stater LSAP-Politikerin“ ass.

Vertriede léisst sech den Thierry Hirsch duerch den Affekot Maître Jean-Marie Bauler, deen sech drop fousst, datt d‘Staat seng eege Prozeduren net géif respektéieren, et am Dossier „Maladresse“ géif ginn, wourauser hien ofleet, datt vu vireran kloer soll gewiescht sinn, wien d‘Nofolleg un der Spëtzt vun der Nationalbibliothéik soll zougeschanzt kréien. Stellt sech awer d‘Fro wat hie weess.

Géintiwwer Bertelsmann-RTL huet den Affekot zumindest gesot, datt hien den „integralen“ Dossier nach net virleien huet, an awer ass de Maître „impressionnéiert“. Wéi geet et weider? Laut dem Affekot ass dat Ganzt eng éischter klassesch Prozedur, et geet ëm de Recours zur Annulatioun an zwou Phasen: als éischt ass de Recours géint de Refus, an dann de Recours géint d‘Decisioun.

Flott och d‘Zouversiicht, vum Maître Jean-Marie Bauler, deen sech op e Prezedenzfall aus dem Joer 2012 bezitt. Deemools war déi fréier Directrice vun der ADEM, Mariette Scholtus „congédiéiert“ ginn an hat géint dës Decisioun geklot. Si krut an der 2. Instanz Recht. Flott an dësem Kontext och de Fait, datt de Kandidat Thierry Hirsch och bei der ADEM (Projet Refugiéeën) schafft.

D‘Oppositioun ass „not amused“

Datt esou Virfäll och ee politesche Volet enthalen, ass logesch an déi vun den CSV-Deputéierte Laurent Mosar an Octavie Modert agereechte parlamentaresch Fro, duerchaus fundéiert. Zudeem enthält se Informatiounen, déi bis heihinner kaum ee Mënsch wierklech interesséiert hunn, well et dozou nëmme wéineg Echo an de Medie ginn huet. Dofir dann op dëser Plaz e klenge Rappell.

Am Oktober 2019 huet d‘Regierung d‘Prozedur fir de Rekrutement vun engem neien Direkter fir d‘Nationalbibliothéik lancéiert. Déi Interesséiert Kandidate sollten hiren Dossier bis zum 4. November areechen. An dëser éischter Ronn schéngt et allerdéngs kee Kandidat ginn ze hunn, deen den Ufuerderungen entsprach huet, firwat d‘Prozedur am Januar 2020 renouvelléiert ginn ass.

De 24. Abrëll dunn huet de Regierungsrot entscheet d‘Kandidatur vun der Franséisch-Proff an Directrice Adjointe vum Athenäum ze validéieren, an decidéiert dem Groussherzog hir Nominéierung virzeleeën. De gréisste Problem, fir d‘CSV schéngt awer an éischter Linn net wierklech d‘Qualifikatioun vum Joanne Goebbels ze sinn, mee wuel éischter hir Parteikaart.

Kann een esou an de Raum stellen, woubäi de Kulturministère vum Sam Tanson (déi gréng) geleet gëtt, an dëse Ministère fir dësen Dossier verantwortlech ass. Zolidd de Réck gestäipt, kritt d‘CSV dann elo awer vum Bréisseler WORT-Korrespondent, dee sech jo beschtens mat der nationaler Politik an de Verflechtunge vun der Stater Politik auskennt. Hien huet et och zolidd lafe gelooss.

 

BnL

Interessant Interventioun

Zäitgläich zur parlamentarescher Fro vun den CSV-Deputéierten, huet och d‘Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten & Dokumentalisten Asbl (ALBAD) sech och zu Wuert gemellt an hirersäits op e schrëftlechen Echange mat der Kulturministesch higewisen, bei deem et ëm d‘Qualifikatioune vum zukünftegen Direkter/Directrice vun der BnL gaangen ass.

Och si denoncéieren de Fait vun der Nominéierung, hunn awer méi fundéiert Argumenter, wéi de Kolleg zu Bréissel, deen ausser Gëft versprëtzen a Spekulatiounen ustellen, dem Sachverhalt wéineg Verwäertbares zouzeféieren huet. D‘ALBAD verweist drop, datt sech fir de Posten och Bibliothekäre mat engem Master-Diplom gemellt hunn. An dat sollt Qualifikatioun genuch sinn.

An der Konsequenz stellt d‘ALBAD fest, datt hir international unerkannt Diplomer zu Lëtzebuerg kee Wäert hunn, an dat obwuel eng Master-Qualifikatioun am Bibliothéikswiesen eng Formatioun a Management enthält. Si sinn der Usiicht datt an de Käpp vun de Politiker ee Bibliothekär muss e Literat sinn, wat der Realitéit net entsprécht. Mee d‘Politik huet hir eege Reegelen an Interessen.

Si sinn et eigentlech, déi wann iwwerhaapt musse juristesch Schrëtter ënnerholl gi fir Kloerheet ze erlaangen, déi d‘Decisioun ufechte missten. Den Thierry Hirsch, deen dës Wee elo ageschloen huet, wier, no de Kritäre vun der ALBAD och net „qualifizéiert“. Hien huet Latäin a Musikologie studéiert an d‘Buch „De Fuuss an de roude Léiw“ geschriwwen, an ass och kee Bibliothekär.

Der ALBAD geet et elo awer net drëms Ueleg an d‘Feier ze schëdden, firwat si sech och net zum Shitstorm an de sozialen Netzwierker oder Presseartikel äusseren. Dat ass hinnen héich unzerechnen, well bei hirem „Kampf“ geet et emol virrangeg drëms eng Unerkennung an d‘Professionaliséierung vum Beruffsstand duerchzesetzen. Dat awer dierft mat ee laange Wee ginn.

Weder déi honorabel CSV-Deputéiert, nach den Auslandskorrespondent hunn dëse Manktem och nëmme mat enger Silb erwähnt. A wann et och säit de Grënnung vun der Nationalbibliothéik (1798) ni en Direkter mat de fachleche Qualifikatioune ginn huet, sollten se sech an der Chamber an an der Regierung vläicht emol a Fro stellen. Mee gutt do geet ëm héijer Politik an net ëm Qualifikatiounen.

Illustratioun: © Dmitry Ratushny / unsplash

Ähnlech Sujeten BnL, CSV, déi gréng, Joanne Goebbels, Kulturministesch, LSAP, Nationalbibliothéik, Regierungsrot, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel