Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen
Neiegkeeten

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen

Et war eng Noriicht, déi esou keen aus der Downing

Kaffi an Croissant mam Stater Schäfferot
Neiegkeeten

Kaffi an Croissant mam Stater Schäfferot

Um „City Breakfast“ mat der Mme Polfer (DP), dem Sam

Italien: De Renzi nach ëmmer géint en Accord mat M5S
Neiegkeeten

Italien: De Renzi nach ëmmer géint en Accord mat M5S

Dem Matteo Renzi seng Demissioun als President vun der Demokratescher

Bob Reuter neie President vun AHA Lëtzebuerg

Laurent Schley zum Éierepresident ernannt

Bob Reuter neie President vun AHA Lëtzebuerg

A Präsenz vum Taina Bofferding, Inneministerin a Ministerin fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer, huet e Freideg, den 10. Mee 2019, an der Abtei Neimënster d’Generalversammlung vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA Lëtzebuerg) stattfonnt. Nom Aktivitéitsrapport an dem Finanzbericht stoung d’Generalversammlung dëst Joer virun allem am Zeeche vun der Erneierung. 

De President Laurent Schley hat jo scho virun engem Joer säin Abschid ugekënnegt. Och d’Tania Herman an de Manuel Huss hunn net méi fir e weidert Mandat kandidéiert. A senger Abschiidsried sot de Laurent Schley allen 800 Memberen a Sympathisante Merci fir hir Ënnerstëtzung souwéi dem Verwaltungsrot fir déi exemplaresch Zesummenaarbecht. Zesummen hätt een an de leschte Jore vill erreecht. Nieft de politesche Fortschrëtter hätt een d’Fräiheet vu Relioun an der Lëtzebuerger Gesellschaft zu engem gudden Deel destigmatiséiert a salonfäeg gemaach. De Laurent Schley gouf uschléissend vun der Generalversammlung eestëmmeg zum Éierepresident ernannt.

Neie President vun AHA Lëtzebuerg ass de Bob Reuter. Hien huet bei senger Untrëttsried e Gesamtkonzept erläutert, wéi AHA Lëtzebuerg sech weiderentwéckele kann a sollt. Folgend Schwéierpunkte siefen hei erwäänt: Reliouns- a Kierchekritik; Säkularitéit (Neutralitéit vum Staat); Interessen a Rechter vun net reliéise Mënschen; Opklärung, Vernonft a Wëssenschaft; an d’Fërderung vum Humanismus. Am Beräich vun den humanistesche Servicer soll an den nächste Joren eng Offer vun humanistesche Feieren (Wëllkommensfeier fir Kanner, Hochzäiten, Trauerfeieren) entwéckelt ginn, fir datt d’Leit Alternativen zu reliéisen Zeremonie wouerhuele kënnen.

An hirer Ofschlossried huet d’Taina Bofferding d’Iddie vum neie President begréisst an och Gesetzesännerungen ugekënnegt, fir Gemengeverantwortleche méi Méiglechkeeten am Beräich vun zivillen Zeremonien ze ginn. Si hofft op eng weiderhi gutt a konstruktiv Zesummenaarbecht mat AHA Lëtzebuerg.

Den neie Comité setzt sech folgendermoossen zesummen: Bob Reuter (Psycholog, President), Jean-Marc Cloos (Psychiater a Suchttherapeut), Jerome Faber (Philolog), Eric François (Informatiker), David Kieffer (Diplomingenieur), Noémie Leer (Ethnologin), Dirk Leistico (Diplom-Betribswiert), Jean-Paul Lickes (Chemiker), Jerry Medernach (Sportwëssenschaftler), Sonja Reiter (Psychologin) a Pol Wirtz (Entreprisen-Conseiller).

Illustratioun: © Dennis Magati

Matgedeelt vun der AHA, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Melvin Hatto

Ähnlech Sujeten AHA, Allianz vun Humanisten Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg Asbl, Bob Reuter, Erneierung, Laurent Schley
Nächsten Artikel Virrechten Artikel