Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun
https://moien.lu/what-do-you-put-on-an-online-dating-profile/ Kultur dating websites hong kong

how to answer questions on dating sites

Sabotageaktioune kréien d‘Iraner regelméisseg ënnerstallt an elo sollen si sech

when did baekhyun and taeyeon start dating
https://moien.lu/what-do-you-put-on-an-online-dating-profile/ Kultur dating websites hong kong

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz

Fir déi eng ass e „brong“ fir déi aner „Rubin-Rout“,

Ëmmer ee kille Kapp behalen
https://moien.lu/what-do-you-put-on-an-online-dating-profile/ Kultur dating websites hong kong

Ëmmer ee kille Kapp behalen

Bei dësem ganz agreabele Wieder, erënnert den ACL dorunner, datt

Bodyart Festival Serbia: D’Lynn Schockmel iwwerzeegt duebel!

Bodyart Festival Serbia: D’Lynn Schockmel iwwerzeegt duebel!

Mat enger fantastescher Kombinatioun aus Kreativitéit, Talent an techneschem Geschéck konnt d’Lynn Schockmel beim Bodyart Festival Serbia begeeschteren. Déi Lëtzebuerger Artistin konnt aus der Konkurrenz ervirstiechen an esou déi zweet Plaz beim Body Painting Award beleeën, sou wéi de Face Painting Award fir sech entscheeden. Mir gratuléieren!

Am Kader vun der Belgrade Fair a Serbien huet d’Lynn Schockmel d’Rees op de Bodyart Festival Serbia um 12. an 13. Oktober 2019 gewot a sech ënnert zuelräichen Artisten, déi d’Kierper vun hire Modelen ästhetesch an Zeen gesat hunn, bewisen. Organiséiert gouf den artistesche Festival iwwregens vum Radmila Radman, mat Ënnerstëtzung vum Alex Barendregt vun der World Bodypainting Association.

Wann Angscht zur Konscht gëtt

Lassgaangen ass de Samschdeg ganz am Zeeche vum Bodypainting ënnert dem Thema „Bannescht Ängscht“. De Fokus louch beim Lynn senger Kreatioun um Kampf géint d’Angscht virun Insekten, och Entomophobie genannt. Mat der Hëlleft vu sengem Assistent Marco ass d’Model an een „entomophobesche Kämpfer“, an enger Rëschtung aus Prachtkäfer-Elementer, verwandelt ginn.

Lynn Schockmel

© Marco Mazzini

D’Geschicht hannendrun sollt dobäi net ze kuerz kommen: Et war emol ee Meedchen, wat duerch seng Insektephobie all Situatioun mat de Krabbeldéieren ëmgoe wollt. Schonn eleng d’Gedanken un d’Aen, d’Textur an déi vill Been hunn an him eng richteg Panik an Hysterie ausgeléist.

Enges Dages koum den Dréipunkt an d’Meedche wollt seng Angscht bekämpfen. Duerch Beobachte vu senger Phobie huet hat schliisslech eng onentdeckt Schéinheet an den Insekte fonnt: de Prachtkäfer, mat sengem immense Faarfspektrum an der harmloser Natur. Mat der Zäit konnt hat dem Insekt méi no kommen an d’Angscht an eng Stäerkt verwandelen. De banneschte Kampf war awer nach net eriwwer…

Duerch den Asaz vu liichtendem Blo a flëssegen Iwwergäng zum Gréng a Giel konnt d’Kënschtlerin een ideale Kontrast zum mofen Insekt schafen. Zesumme mat der passender, futuristescher Kappbedeckung, ass dat mënschlecht Konschtwierk perfekt ginn. Esou konnt d’Lynn Schockmel déi zweet Plaz an der Boy Painting Competitioun beleeën.

Lynn Schockmel

© Marco Mazzini

Mat Ausdrock am Gesiicht

Eng weider Erausfuerderung koum um Sonndeg mam Thema „Wiesen aus der Zukunft“. Hei sollt den Akzent um Gesiicht leien. Kuckt ee sech der Artistin säi Face Painting Wierk un, esou gesäit een als éischt eng Aart Cyborg Scheedel. Eréischt op den zweete Bléck kommen déi kleng Detailer ervir: Ee knéiende Cyborg (op der Nues) mat Flilleken (op den Aperhoer) kontrolléiert déi artifiziell hiergestallten Embryoen an Erwuessener, déi nach ëmmer mat der Maschinn verbonne sinn.

De „Mënschleche Labo“ weist donieft nach eng Persoun a Flamen, deen net déi perfekt DNA hat. Mat der Weiderentwécklung vun der Technologie an der Wëssenschaft wäert och d’Befruchtung, d’Schwangerschaft, d’Gebuert an d’Opzéie vum Neigebuerenen änneren. D’Biotechnologie, genmodifizéierend Instrumenter an digital Algorithme bestëmmen d’Existenz vun der mënschlecher Spezies.

Mat dëser spezieller Iddi an der kreativer Ëmsetzung konnt d’Lynn de Face Painting Award gewannen.

Lynn Schockmel

© Marco Mazzini

D’Lynn Schockmel – Body Painting op héijem Niveau

Schonn als kleng Kand sinn déi artistesch Fäegkeete vum Lynn erauskomm. Op der Sich no ëmmer neien Techniken, Medien a Matdeelungsméiglechkeeten huet hatt de Wee queesch duerch déi kreativ Offer gemaach, bis hatt schliisslech bei engem Face Painting Kit ukomm ass. Eng nei Welt huet sech opgedoen an esou war och de Wee zur Ganzkierperbemolung fräi. Zënter 2012 huet déi Lëtzebuerger Artistin déi perfekt Halschent zu hirer Passioun fonnt: De genau esou kreativen an talentéierte Marco Mazzini assistéiert dem Lynn beim Bodypainting a këmmert sech och uschléissend ëm dat perfekt an Zeen setzen a fotograféiere vum Model.

Déi zuelräich Präisser an Auszeechnunge bestätegen d’Talent: Ënnert anerem konnt d’Kënschtlerin 2012 déi éischt Plaz beim Brussels International Fantasy Film Festival am Facepainting gewannen, déi éischt Plaz beim Estetika 2014 zu Bréissel am Beräich Bodypainting oder och déi éischt Plaz um Gibraltar’s Face an d’ Bodypainting Festival 2015.

Wann Dir elo méi zum Lynn Schockmel, der Konscht vum Face- a Bodypainting oder och zu de verschiddenen Aktivitéite vun der Kënschtlerin wëllt gewuer ginn, da kuckt ëmol laanscht op www.body-art.lu.

Opmacherfoto: © Marco Mazzini

Ähnlech Sujeten Belgrade Fair, Body Painting Award, Bodyart Festival Serbia, Bodypainting, Concours, Face Painting Award, Facepainting, Lynn Schockmel, Marco Mazzini, World Bodypainting Association
Nächsten Artikel Virrechten Artikel