Search

You may also like

Ëmmer méi Jonker huelen sech d‘Liewen (eng Analys)
Neiegkeeten Stories

Ëmmer méi Jonker huelen sech d‘Liewen (eng Analys)

Wann een den „offiziellen Zuelen“ gleewe kann, da wier 1

Police: Wann et engem awer och presséiert…
Neiegkeeten Stories

Police: Wann et engem awer och presséiert…

Déi e Freidegowend grouss ugeluechte Verkéierskontroll op der A7 Héicht

Groussbrand an der Minettemetropol
Neiegkeeten Stories

Groussbrand an der Minettemetropol

An der zum Donneschdeg ass ee Feier an engem groussen

Haut ass de richtegen Dag fir de Chrëschtdagsbéier

Haut ass de richtegen Dag fir de Chrëschtdagsbéier

Et ass Reveillon soen se, an dat heescht et gëtt festlech. Festlech datt ass den zweete Virnumm vum „Christmas“ dem rubinroude bis liicht Acajou-faarwegen Héichgenoss vun der Brauerei Bofferding deen et just zu dëser Joreszäit gëtt an esou soll et och sinn. Hien zeechent sech aus duerch eng liicht nosseg Nout an der Nues, a enger pointéierter malzeger Schockelasnout am Ofgang.

De „Christmas“ vu Bofferding ass dann och där „lues-gäreger“ een, firwat de Choix vum Happ ganz wichteg ass, dee bestëmmt schliisslech wéi vill Batterstoffer fräigesat ginn, an déi sollen sech jo harmonesch mam agesate Malz verbannen. Dat ass an dësem Fall ganz gutt gelongen, an esou sollt een och zum Apero op Chrëschtdag, senge Gäscht dës Käerjenger Spezialitéit och zerwéieren.

Mat 5,5% Alkoholgehalt ass hie wuel net „gewalteg“ et sollt een trotzdeem moderat mat him ëmgoen. Déi optimal Betribstemperatur bedréit 6°C, an et heescht, datt een zum Apero roueg sollt eppes Liewerzoossis, Lyoner (mat sengem Flapp Moschter) a gutt gehäerzte Kéis kredenzen. Schliisslech sollt et op Chrëschtdag jo och eppes méi feierlech zougoen dierfen…

Loosst ons dann och nach emol vun de Geleeënheet profitéieren, fir drun ze erënneren, datt déi Leit vun der Brauerei Bofferding sech nëmmen am ganz ieweschte „Qualitéit-Tirang“ zerwéiere fir hire Béier ze brauen. Nëmmen dee beschten Happ a Malz huet iwwerhaapt eng Chance an d‘Auswiel ze kommen. Zousätz oder soss Konservéierungsstoffer komme bei hinnen net Fro.

Dat ënnerscheet déi Käerjenger dann och vun der „industrieller Konkurrenz“ a sinn kënnen sech och mat enger nach ëmmer konsequenter Produktioun, als artisanal Brauerei bezeechnen. Qualitéit léisst sech beim allerbeschte Wëllen net duerch Quantitéit ersetzen, firwat een och beim Béier gutt beroden ass, op de Präis ze kucken. Fir Chrëschtdag soll jo de Genoss einfach emol Virrang hunn.

Voilà, domatter ass dann och déi lescht Dier vum Béieradventskalenner opgemaach ginn. 23 Lecker Béierzorten an ee verdäiwelt gudden Happ-Cider waren hannert de 24 Diere „verstoppt“. Mir hoffen eis Lieser haten esouvill Freed drun, déi vill ënnerschiddlech an deels exklusiv Béieren ze schmaache wéi mir. An et heescht, datt sech 2020 nees ëmgekuckt géif wat d‘Land ze bidden huet.

Foto: © martine de Lagardère/moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Bofferding, Christmas, Craft Beers
Next post Previous post