Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Volleyball D1: Fenteng motivéiert, Belair gutt opgestallt
https://moien.lu/how-to-ask-a-guy-if-youre-dating-or-not/

Volleyball D1: Fenteng motivéiert, Belair gutt opgestallt

Um Samschdeg stoungen sech um Belair déi zwou Equippe géinteniwwer,

who is dating vicky pattison
https://moien.lu/how-to-ask-a-guy-if-youre-dating-or-not/

https://moien.lu/funny-online-dating-texts/

Bei de Landtagswahlen a Sachsen a Brandenburg konnt déi als

Youth for Climate – Blo maache fir de Bloe Planéit
https://moien.lu/how-to-ask-a-guy-if-youre-dating-or-not/

Youth for Climate – Blo maache fir de Bloe Planéit

E Freideg hu sech dausende Schüler a Studenten um Glacis

Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!

Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!
Biller vum offiziellen Trailer © KinoCheck
Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!
Biller vum offiziellen Trailer © KinoCheck
Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!
Biller vum offiziellen Trailer © KinoCheck
Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!
Biller vum offiziellen Trailer © KinoCheck
Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!
Biller vum offiziellen Trailer © KinoCheck

Et ass ee Film den d’Geschicht vun der Band Queen a sengem Sänger Freddie Mercury op héchstem Niveau zelebréiert. No dem Erfolleg vun der Musek feiert dëse Film een enorme Succès, mat eleng an Amerika 50 Milliounen Dollar Profit, volle Kinossäll a begeeschterte Spectateuren.

Bohemian Rhapsody erzielt d’Entstehungsgeschicht vun der extraordinärer Musek vu Queen an der exzentrescher Figur Freddie Mercury, den sech trotz Viruerteeler a Beleidegungen zu engem vun de bekanntsten a meescht gefeierte Sänger um Planéit erop geschafft huet. Dobäi fänkt et un mam éischten Openeentreffen vun de Bandmemberen, iwwert den éischte Plackevertrag bis hin zum legendäre Live Aid Concert am Wembley Stadion an England.

Scho frei huet de Sänger, den eigentlech Farrokh Bulsara heescht an aus Tansania kënnt, gemierkt, datt hien een enormt Talent huet. Nodeems bei engem Optrëtt de Sänger vun enger Band se verlooss huet war de jonke Kärel determinéiert, trotz sengem speziellen Ausgesinn a senge groussen Zänn, mat der Band an d’Charts ze kommen. Seng spéider Bandmembere weisen sech skeptesch, mee an dem Moment wou si hie fir d’Éischt sangen héieren, kennen si hiren Ouere kaum gleewen.

Eng steil Karriär

Ab dësem Moment geet et vir d’Band steil Bierg op. Een Album nom anere gëtt produzéiert, grouss Tournéeë ginn ofgehale. Dësen enorme Succès hu si hirem rebellesche Charakter ze verdanken. Si hunn sech ni ënnerkréie gelooss an ëmmer hiren eegenen, fir si richtege, Wee duerch gezunn.

Wei sou üblech gouf et och bei Queen Streidereien, mee déi musikalesch Famill huet ëmmer erëm zoueneen zeréck fonnt. Trotz senger schwéierer Krankheet, déi zu dem Zäitpunkt just d’Bandmembere kannt hunn, huet de Mercury den Optrëtt beim Benefice-Concert am Wembley Stadion duerchgezunn.

Beim 20-minuttege Concert spiert een am Sall déi voll Kraaft, den Enthusiasmus an déi enorm Léift zur Musek. Mat vill Häerz begeeschtert de Film also op emotionaler Ebene, sou datt een mat Héngerhaut rechne muss.

De Schauspiller Rami Malek, den de Freddie Mercury spillt, geet richteg a senger Roll op. All eenzele Geste, wéi beispillsweis den Ëmgang mam Mikro, ass quasi perfekt astudéiert a kënnt authentesch eriwwer. Domat hätten d’Produzenten sech kee besseren Acteur kënne siche fir dëse spezielle Personnage ze verkierperen, quasi ze liewen.

Se hätte keng besser Acteure fanne kënnen!

De Schauspiller, den mat senger Roll bei „Nachts im Museum“ bekannt ginn ass, erkläert: „Wat ech onbedéngt erreeche wollt, war, mech zu all Zäit, an all eenzeler Zeen vum Film exakt wéi hien ze beweegen, an dat ouni grouss Méi. Ech hunn also ee gebraucht, den mir dobäi hëllefe sollt, seng eenzegaarteg Kierpersprooch net nëmmen no ze maachen, mee ze verstoen, wat hien domat artikuléiere wollt. Hien explodéiert jo richteg op der Bühn. Alles war spontan, näischt virbereet. Wann eppes astudéiert ass, ass et langweileg, war säi Motto. An un dësem Mann war näischt langweileg“.

Ech perséinlech sinn absolut begeeschtert vun der Verfilmung. Virun allem wärend de musikaleschen Zeenen hat ech oft eng Héngerhaut, meng Ufanks skeptesch Begleedung hat souguer Tréinen an den Ae vun der immens staarker Geschicht.

Bohemian Rhapsody ass net nëmmen ee Film iwwert Musek, mee och iwwert Authentizitéit, Dreem un deenen ee festhale soll, egal wéi een ausgesäit, wat d’Famill seet oder wat déi grouss Cheffe vun der Musekszeen soen. Et geet ëm Léift, souwuel familiär, frëndschaftlech, wéi awer och zur Musek. Dobäi mierkt een direkt, datt et ni falsch ass besonnesch ze sinn, mee een der Welt genau dës Säite weise soll.

Ähnlech Sujeten Bohemian Rhapsody, Film, Freddie Mercury, Kino, Musék, Queen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel