Search

You may also like

Den Zenter fir erweidert Fleeg an der Rockhal
International Neiegkeeten

Den Zenter fir erweidert Fleeg an der Rockhal

Säit dem 24. Mäerz 2020 bilt, neift der Luxexpo, och

Juristesch Néierlag fir den US-President
International Neiegkeeten

Juristesch Néierlag fir den US-President

Bannent wéinegen Deeg, ass et fir zweet, datt den ieweschte

De Xavier Bettel zu Henan – Relatioun tëscht Europa an Asien stäerken
International Neiegkeeten

De Xavier Bettel zu Henan – Relatioun tëscht Europa an Asien stäerken

Bei senger Visitt a China huet eise Premierminister Xavier Bettel

De BoJo geréit tëscht Hummer an Amboss

Britesche Premierminister verléiert Majoritéit an ka keng Neiwahle bestëmmen

De BoJo geréit tëscht Hummer an Amboss

D‘Géigner vun engem „No Deal“ Brexit hu sech gëschter zu London duerchgesat kritt. Fir e Gesetz géint en Austrëtt ouni Accord hunn 328 Deputéiert gestëmmt, 301 waren dergéint. Den Entworf soll schonn haut am House of Commons bestätegt ginn, firwat de Boris Johnson en Antrag op Neiwahle wëll abréngen.

Et ass net einfach fir de britesche Premier. Fir näischt an der Welt wëll hien zu Bréissel ëm eng weider Verlängerung vun der Austrëttsfrist biedele mussen an eigentlech wëll och d‘EU dat net. D‘Oppositioun an ee puer Dissidenten aus der Regierungsfraktioun wëllen awer keen haarde Brexit, firwat si engem Gesetzprojet zougestëmmt hunn, mat dem en Austrëtt ouni Accord onméiglech ass.

Gëschter war den Zäitpunkt gelleg fir eng Entscheedung erbäizeféieren a genee dat ass am House of Commons geschitt. De BoJo huet seng éischt zolidd Néierlag awer och 21 Deputéierten aus dem eegene Lager ze verdanken. E Schlag an d‘Gesiicht gewëssermoossen, well haut gëtt iwwert e Gesetzesentworf debattéiert, mat deem hien elo gezwonge ka ginn eng Verlängerung unzefroen.

Mam Kapp duerch d‘Mauer

Während dem Debat huet de Boris Johnson de Gesetzesentworf schaarf veruerteelt. Et géif ee sech géintiwwer Bréissel an eng schlecht Positioun bréngen. Mat dësem Gesetz – wann et dann ugeholl gëtt – géif een de „Frënn zu Bréissel“ de Wee fräi maache fir d‘Konditiounen ze bestëmmen, esou de britesche Premierminister. Dobäi gëtt aus Bréissel näischt „Diktéiert“ den Accord läit jo vir.

BoJoAls Blamage fir de Boris Johnson kann een de Schratt vu, konservativen Deputéierte Philipp Lee bezeechnen. Deen huet dem Premier seng Majoritéit demonstrativ verlooss a sech eng Plaz tëscht den Deputéierte vun der Oppositioun gesicht a fonnt. Domatter dinn sech awer elo méi Problemer op wéi der Geléist goufen. Eng Ratifikatioun vum Accord bis zum 19. Oktober schéngt onméiglech.

Politesch e Fiasko

Ugeholl de Boris Johnson kéint per Gesetz gezwonge ginn eng Verlängerung unzefroen, dann ass domatter net geséchert, datt déi EU-Memberlänner dësem Antrag eestëmmeg zoustëmmen. Esou hunn esouwuel Paräis wéi Berlin dem BoJo jo schonn emol däitlech gemaach, datt si enger erneiter Fristverlängerung net opgeschloss sinn. An de britesche Premier wëll déi selwer och net…

BoJoSteet jo och nach d‘Fro am Raum, wéi se am House of Lords mat dësem Gesetzesentworf ëmginn. Do muss schliisslech och iwwert den Text berode ginn an d‘Hardliner sinn hei gutt opgestallt. Déi kéinte mat masseg Anträg an Rieden (déi hunn net wéi zu Lëtzebuerg eng begrenzt Riednerzäit) vill Zäit verbrauchen. Ass Ee geuerdenten Austrëtt elo e politesche Fiasko, oder déi besser Léisung?

E gutt zortéierte Chaos

De britesche Premier huet an dësem Kontext ze verstoe ginn, datt hien op kee Fall mat der Box op de Knéien zu Bréissel wäert virstelleg ginn, fir eng Verlängerung unzefroen. Sollt d‘Gesetz ugeholl ginn, da misst d‘Vollek entscheede wien de 17. Oktober op Bréissel reest fir sech ze blaméieren. Dat heescht, esou onwahrscheinlech et kléngt, datt et zu virgezunnen Neiwahle komme kann.

BoJoDat setzt awer och déi „No Deal“ Géigner ënner Drock. Zum enge wéinst der Zwangspaus déi de Boris Johnson dem Parlament operluecht huet, zum anere well ongewëss ass, wéi sech déi sëlleche juristesch Aktiounen, déi Beispillsweis a Schottland oder Wales ugestrieft goufen, op de Verlaf vun engem geuerdenten Austrëtt auswierken. Bis ewell ass just gewosst, datt d‘Zäit ganz knapp gëtt…

mat indymedia/lon

Foto: 21 konservativ Deputéiert (Tories) sinn dem Premierminister Boris Johnson regelrecht an de Réck gefall an hu sech der Oppositioun ugeschloss, fir en EU-Austrëtt ouni Ofkommes aus der ze verhënneren. Bréissel ass un enger „Verlängerung“ awer och net eeschthaft interesséiert. Um Enn wier et vläicht besser dem BoJo säi wëllen ze loossen…

Related topics BoJo, Boris Johnson, Brexit, House of Commons, House of Lords, No Deal
Next post Previous post