Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Trump säi Wirtschaftsberoder geheit d‘Handduch
https://moien.lu/malm-speed-dating/ christmas gifts to get a guy you just started dating

https://moien.lu/matchmaking-miami/

Et ass e klengt Äerdbiewen datt d‘Washington um Dënschdeg getraff

https://moien.lu/dating-someone-significantly-younger/
https://moien.lu/malm-speed-dating/ christmas gifts to get a guy you just started dating

Ginn et genuch Patientebetter am Nordspidol?

Wann et mam demographesche Wandel an dem Wuesstem am grousse

D’Kris am Logement: „D’Leit si méi wäit, wéi d’Politik“
https://moien.lu/malm-speed-dating/ christmas gifts to get a guy you just started dating

D’Kris am Logement: „D’Leit si méi wäit, wéi d’Politik“

Gëschter haten déi Lénk op hir Pressekonferenz zum Pacte Logement

Neies vun der Insel: BoJo versprécht de Fortschrëtt

Iwwert dem britesche Premierminister säin Humor laacht zu Bréissel dem Ament keen

Neies vun der Insel: BoJo versprécht de Fortschrëtt

Beim Kongress zu Manchester huet de Boris Johnson gëschter nei „Virschléi“ versprach, déi ee gereegelte Brexit sollen erméiglechen. D‘Propose sollen zäitno virgeluecht ginn heescht et, woubäi d‘Erklärung, wéi London gewëllt ass mat der nordirescher Grenz ëmzegoen, ausbliwwen ass.

Et si keng 30 Deeg méi bis de Briten hir Zäit als Europäer ofgelaf ass, an de britesche Premier huet nees versprach, egal wat de Präis dofir sollt sinn, seng Landsleit nees an d‘Fräiheet ze féieren. Elo schéngt hie presséiert ze sinn, seng Absichten – wéi een den Austrëtt ouni Ofkommes nach hikritt – ëffentlech ze maachen. Gesot gouf awer natierlech näischt, keen Detail net emol eng Undeitung.

Hei muss een dann och nees op den iresche „Backstopp“ verweisen, eng Aart Sécherheetsnetz fir déi iresch Insel, op där gefaart gëtt, datt d‘Aféierung vun enger „haarder Grenz“ nees zu engem Konflikt tëscht de kathouleschen a protestantesche Communautéite féiere kéint. Alternativen zu deenen am bestoenden Accord opgefouert Mesure gëtt et bis ewell keng, dofir Kappzerbrieches…

BoJoZu Manchester, wou den Ament de Joreskongress vun den Tories ofgehale gëtt, huet de Boris Johnson via BBC wësse gelooss: „Mir wäerten eng ganz gutt Propose maachen, mir wäerten déi formell maachen an dat scho ganz geschwënn“. Mee well der Queen hiren neien Albdram partout net mat der Sprooch erausréckele wëll, üben sech gelangweilt Journalisten a Spekulatiounen.

Dedicacéiert Douaneszentren

Esou heescht et beispillsweis, datt London envisagéiert d‘Douaneskontrollen ee puer Kilometer hannert der Grenz, an dedicacéierten Douaneszentren ze organiséieren. Kléngt verréckt an et gëtt nach besser: d‘Gidder, déi vun enger Plaz op eng aner transferéiert ginn, ginn an Echtzäit mëttels Smartphone iwwerwaacht. Alternativ dozou solle GPS-Systemer an de Camionen installéiert ginn.

De Volet „Douaneszenter“ huet de BoJo allerdéngs zréckgewisen, woubäi hien natierlech bestätegt huet, datt et iergendeng Form vu Kontroll muss ginn, wann d‘Scheedung bis vollzunn ass. Dat ass zudeem déi logesch Konsequenz, wann een sech vum europäesche Bannemaart ofkoppelt. De James Duddridge, Staatssekretär fir de Brexit, betount, datt et net zu physesche Kontrolle komme soll.

BoJoHien huet an dësem Kontext nach emol ënnerstrach, datt déi „technesch Dokumenter net als final Virschléi fir d‘EU-Kommissioun geduecht waren, mee als Aarbechtsdokument ze consideréiere sinn“. Den ireschen Ausseminister Simon Coveney huet sengersäits intervenéiert a gemengt: „Et gëtt héich Zäit datt d‘EU eng seriéis Offer kritt, fir datt e Brexit mat Accord zustane komme kann“.

Bréissel staunt a wonnert sech

Mat allem Gedeessems kann een et mëttlerweil novollzéien, datt zu Bréissel kee Verantwortleche vun der EU-Kommissioun loscht huet, all déi nerveg – well inhaltlech eidel – Tëscheriff vum Boris Johnson ze kommentéieren. Hannert virgehalener Hand, geet een awer dovunner aus, datt alles wat bis ewell bestätegt schéngt, en däitlechen Hiweis op d‘Schafe vun enger physescher Grenz ass.

An dann ass do och nach d‘Mary Lou McDonald, déi energesch Cheffin vum Sinn Fein – déi iresch Republikaner setzen sech nach ëmmer fir e vereenegt Irland an – déi London oppe virwërft, esou de Friddensprozess ze sabotéieren. Den Accord vum „hellege Freideg“ (1998) hat dem 30 järege Sträit tëscht Katholiken a Protestanten en Enn bereet, vum deem bezweiwelt gëtt datt een dat och wollt.

BoJoEt gëtt dann och entspriechend Ängschten a Suergen, datt dëse „Konflikt“ zanterhier nëmmen op eng „siichtbar Aart a Weis“ net awer hannert de Kulissen tatsächlech bäigeluecht ginn ass. Hei géif eigentlech nëmmen op de „Startschoss“ gewaart ginn, fir sech nees géigesäiteg d‘Käpp anzeschloen a Leed iwwert d‘Insel ze bréngen. Ganz esou schlëmm muss et net kommen, mee ouni Accord?

mat indymedia/lon/bru

Foto: Alles geet, alles ass méiglech… mee dozou brauch et fir unzefänken en gutt Taass Kaffi © Boris Johnson

Ähnlech Sujeten BoJo, Boris Johnson, Brexit, Irland, Kongress, Manchester, No Deal, Nordirland, Torries
Nächsten Artikel Virrechten Artikel