Search

You may also like

money
De Lex Delles wëll den Entreprisen hëllefen
International Neiegkeeten

De Lex Delles wëll den Entreprisen hëllefen

Wéinst der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, gerode vill

Ziilféierend Krichsrhetorik aus Washington
International Neiegkeeten

Ziilféierend Krichsrhetorik aus Washington

De Konflikt tëscht den USA an dem Iran ass nom

Ouschteren: D‘Tories feieren d‘Operstoung vum Boris
International Neiegkeeten

Ouschteren: D‘Tories feieren d‘Operstoung vum Boris

De britesche Premierminister Boris Johnson hat sech zu Ufank schwéier

Bolivianesche President béit sech dem Wëlle vun der Strooss

Bolivianesche President béit sech dem Wëlle vun der Strooss

No wochelaange Protester huet den Evo Morales agesinn, datt d‘Rou an sengem Land nëmme kann akéiere wann hie geet. An enger Ried op der Televisioun huet hie gesot, datt hien dem Parlament säi Récktrëtt schrëftlech ofginn huet. Och de Vizepresident Álvaro Garcia Linera ass zréckgetrueden.

Et war sécherlech keen einfache Schratt an den Evo Morales hat nach Neiwahlen ugekënnegt. Dat nodeems d‘Organisatioun vun den amerikanesche Staaten (OAS) an engem virleefege Bericht, op méiglech Manipulatioune bei de Wahle vu virun dräi Woche festgestallt hat. Dat war awer net duer gaange fir d‘Situatioun ze berouegen an um Sonndeg hunn esouwuel de Chef vun der Arméi, de Williams Kaliman, wéi och de Chef vun der Police, Vladimir Calderon Mariscal, de President am Numm vum Fridden zum Récktrëtt opgefuerdert.

bolivianescheNieft der Leedung vun der Regierung, hunn och eng Rei Kabinett-Minister an de Chamberpresident Victor Borda, déi Virsëtzend vum Wahltribunal, Maria Choque Quispe, hire Récktrëtt erkläert. De Generalprocureur huet sengersäits ugekënnegt, datt et wéinst den „Onregelméissegkeeten“ bei der Wal, géint Membere vum Wahltribunal muss ermëttelt ginn. De Leader vun der Oppositioun, Luis Fernando Camacho, huet, ëmgi vun dausende Supporter, och säi Récktrëtt schrëftlech ofginn.

Zu de wichtege Froen, déi sech bei dësem erzwongene Récktrëtt erginn, gehéiert d‘Fro: Trëtt den Evo Morales bei Neiwahlen nach emol un? Am Interview op Telesur, enger venezuelanescher Televisioun, huet de President vu Bolivien betount, datt säi Mandat nach bis zum 22. Januar leeft. Hie géif op seng Victoire bei de Wahle verzichte fir de soziale Fridden ze gewähren. Wéini et elo zu Neiwahle komme soll, ass nach net gewosst. En Datum misst awer an den nächsten Deeg virleien.

bolivianescheNo der éischter Wahlronn um 20. Oktober, hat sech den Evo Morales direkt zum Gewënner erkläert obwuel Oppositioun, OAS an d‘EU erhieflech Zweiwel ugemellt haten. Géigner a Supporter vum bolivianesche President hunn sech dorops hin bis op d‘Blutt zerklappt. Heibäi si mindestens dräi Mënschen ëm d‘Liewe komm, honnerte Mënsche goufe bei den deeglechen Onroue blesséiert. D‘Police wollt zum Schluss net méi géint d‘Demonstrante virgoen an en Asaz vun der Arméi sollt zu kengem Ament ugeschwat gi sinn.

Mexico bitt bolivianeschem President Asyl un

An engem Tweet huet de mexikaneschen Ausseminister Marcelo Ebrard dem Evo Morales Asyl ugebueden. Säi Land hätt an der Ambassade zu La Paz schonn 20 Membere vun der Regierung an dem Parlament opgeholl. Sollt sech de bolivianesche President entspriechend entscheeden, géif Mexico him Asyl ubidden.

bolivianescheMexiko denoncéiert domatter och déi lafend „Militäroperatioun“. De Marcelo Ebrard huet, grad wéi d‘Presidente vum Venezuela a Kuba, vun engem Putsch geschwat. Och de frësch gewielte President vun Argentinien, Alberto Fernandez, huet geschriwwen datt säi Land all Form vu Putsch veruerteelt. De Grond fir dës Aussoe läit an der Verhaftung vu fréiere Membere vun der Wahlkommissioun. Um Sonndeg, esou déi bolivianesch Autoritéiten, wieren eng 30 Persoune verhaft ginn, déi verdächtegt ginn d‘Presidentschaftswahl a Bolivien manipuléiert ze hunn.

mat indymedia/ccs/mex

Foto: © Bolivia TV (video grab)

 

Related topics Bolivien, Evo Morales, Putsch, Revolutioun, Südamerika
Next post Previous post