Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Storm Area 51: Gëtt muer aus Witz batteren Eescht?
https://moien.lu/dating-in-the-salsa-scene/ Neiegkeeten

https://moien.lu/buy-online-dating-site/

Muer de Mëtteg soll no enger spektakulärer Ukënnegung de groussen

mollie and aj dating
https://moien.lu/dating-in-the-salsa-scene/ Neiegkeeten

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster

Den 21. Juni gouf vun de Vereenten Natiounen (UN) zum

GDPR: Bréissel dréit nach emol un der Schrauf vum Dateschutz
https://moien.lu/dating-in-the-salsa-scene/ Neiegkeeten

GDPR: Bréissel dréit nach emol un der Schrauf vum Dateschutz

Ab dem 25. Mee huet Europa e neit Reglement, mat

Bolivien am Ausnamezoustand

Demonstrante stiermen d‘Staatssender an d‘Police wëll net méi géint de Protest virgoen

Bolivien am Ausnamezoustand

Bei de jéngste Protestaktioune géint déi ëmstridde Presidentschaftswahl a Bolivien, sinn zu La Paz zwee Staatssender vun Oppositionelle gestiermt ginn. Dosende Polizisten hunn sech dem Protest ugeschloss an och hiren Etat-Major wëll net méi géint d‘Demonstrante virgoen.

De Sender „Bolivia TV“ an de Radio „Patria Nueva“ si vun den Demonstranten ageholl ginn. Si hunn d‘Employéeën an d‘Journaliste regelrecht verjot. Den Evo Morales hat nach versicht all d‘Parteien zum Dialog opzeruffen. Hien huet déi kathoulesch Kierch an d‘UNO als Mediateure virgeschloen, mee et sollt net méi duergoen de Chaos ze bremsen. An elo stellen sech d‘Polizisten och nach hannert d‘Demonstranten.

Bolivien

D‘Militärpolice huet sech an hire Kasäre „verbarrikadéiert“ an dës zwou Nonnen hale „Waach“. D‘Police, déi mëttlerweil zu groussen Deeler zu den Demonstranten iwwergelaf ass, kéint dann och nëmme vun der Arméi gestoppt ginn. Dës Méiglechkeet schéngt den Ament awer ausgeschloss. © Giovana Perez Ayala

Als éischt, haten d‘Poliziste vu Cochabamba d‘Säite gewiesselt: „Mir hu gemeutert“, esou déi einfach wéi däitlech Ausso vun engem vermummte Polizist virum Etat-Major vun der Police. „Mir wäerten op der Säit vum Vollek, an net op der Säit vun de Generäl stoen“, esou ee vu sengen – gläichfalls vermummten – Kollegen. En ähnlecht Bild gëtt engem zu Sucre (Südosten) an zu Santa Cruz gebueden. Si wëllen d‘Regierung net méi stëtzen.

Revolutioun oder Putsch?

No enger Drénglechkeetssëtzung mat de Ministeren an dem Chef vun der Arméi Williams Kaliman huet den Eva Morales ee Freideg via Twitter gesot: „Bridder a Schwësteren, ons Demokratie ass a Gefor, et ass ee Putsch amgaangen, dee gewalttäteg Gruppe géint eis verfassungsméisseg Uerdnung gestart hunn“. De Verdeedegungsminister Javier Zavaleta huet allerdéngs ënnerstrach, datt en Asaz vun der Arméi géint d‘Police net zur Debatt steet.

BolivienZur „Attack“ op d‘Staatssender huet den Evo Morales getwittert: „Si soen, datt si d‘Demokratie géife verdeedegen, mee si behuelen sech wéi an enger Diktatur“. Gutt d‘Haiser vun de Gouverneure vun zwee Departementer an dat vum President senger Schwëster a Brand ze stiechen, ass och net wierklech „manéierlech“. Vu bausse betruecht ass et dann och schwiereg ofzeschätzen ob et schonn e Putsch oder nach eng Revolutioun ass.

BolivienGrond fir dat ganzt? Den Evo Morales ass den déngschteelste President vum Kontinent. Säit 2006 ass hien un der Muecht an obwuel d‘Verfassung vu Bolivien nëmmen eng zweet Mandatszäit virgesäit, hat sech de 59 järegen eng drëtt Kéier opgestallt. Dat war méiglech, well d‘Justiz entscheet huet, datt eng Begrenzung vun der Amtszäit géint d‘Mënscherechter verstéisst. A laut der Wahlkommissioun huet hien d‘Wahlen – zwar denkbar knapp – gewonnen.

mat indymedia/ccs

Foto: Zu Dausenden – a mëttlerweil vun der Police gestäipt – ginn d‘Bolivianer géint d‘Wahl vum President Evo Morales op d‘Strooss. Deen huet sech mat engem „Trick“ eng drëtt Amtszäit erméiglecht. D‘Oppositioun schwätzt vu Wahlbedruch. Wéi et ka weidergoen a wien d‘Muecht huet dës chaotesch Situatioun nees berouegt ze kréien ass leider net gewosst. © Monica Flores

Ähnlech Sujeten Bolivien, Evo Morales, Putsch, Revolutioun, Südamerika
Nächsten Artikel Virrechten Artikel