Search

You may also like

EU Klimagesetz: De Kampf géint de Klimawandel elo ugoen
International Neiegkeeten

EU Klimagesetz: De Kampf géint de Klimawandel elo ugoen

Laut dem Emissiouns-Rapport vun der Ëmweltorganisatioun vun der UN musse

Den Hugo Gernsback, erkläert
International Neiegkeeten

Den Hugo Gernsback, erkläert

Op am Kino, dem Bicherbuttek oder a Comichefter: Science-Fiction ass

Brexit: Zu London kënnt Bewegung an d‘Virbereedunge
International Neiegkeeten

Brexit: Zu London kënnt Bewegung an d‘Virbereedunge

Um Dënschdeg huet déi britesch Regierung matgedeelt, datt se sech

Komplett entgeeschtert: Bolsonaro behaapt „E Reebësch kann net brennen!“

Den Amazonas brennt nach ëmmer. Just wëll mir aktuell mat der sanitärer Kris beschäftegt sinn, ginn net manner Feieren geluecht, fir illegal u Land ze kommen. Laut dem brasilianesche President Jair Bolsonaro sinn d’Groussbränn am Reebësch awer eng eenzeg Ligen.

„En tropesche Bësch ka kee Feier fänken. D’Geschicht, datt den Amazonas a Flame steet, ass eng Ligen“, huet de Bolsonaro um 10. August beim Sommet vum Leticia-Pakt erkläert. Hie selwer war – aus medezinesche Grënn – net selwer op der Plaz, huet dofir awer de Bausseminister op d’Treffe geschéckt a sech selwer per Videouruff dobäi gesellt.

Ganzer 7 Länner (Kolumbien, Peru, Brasilien, Ecuador, Bolivien, Suriname a Guyana) hunn de Leticia-Pakt ënnerzeechent, fir esou de gréissten Tropebësch besser ze schützen. Wéi paradox ass et dann, an dësem Kontext als President esou eng Ausso ze maachen?

Bolsonaro

ABS-CBN News / Twitter

„Mir maache grouss, enorm Efforten fir géint Feier an Ofholzung unzekämpfen, mee mir gi grad esou vill kritiséiert“, ënnersträicht de brasilianesche President a beschëllegt d’Regierung, just déi Informatiounen erauszepicken an ze verëffentlechen, déi hie schlecht duerstellen.

Fakt ass awer nu emol, datt eleng an den éischten 10 Deeg vum August ganzer 10.135 Bëschbränn geluecht goufe, wat laut TheGuardian e Plus vu 17 % zum Virjoer ass. Och d’Satellittebiller vun der brasilianescher Raumfaartagence INPE weisen, datt d’Quantitéit u Reebësch, deen a Flame steet, am Juli 2020 ganzer 28 % méi héich war, wéi nach am Juli 2019.

Bolsonaro

Greenpeace / Twitter

Ma, wie mat Zuelen näischt ufänke kann, dee ka mat eegenen Aen op de rezente Loftopname vu Greenpeace gesinn, datt de Reebësch tatsächlech a Flame steet. D’Organisatioun fuerdert eng Géigekraaft, déi géint „d’Gefor vum Jair Bolsonaro“ ukämpft.

D’Billergalerie vu Greenpeace fannt Dir uewen © Greenpeace (D’Biller kënne laut Greenpeace gären erofgelueden an op de soziale Medien mat den Hashtags #Amazonas an #JeudiPhoto gedeelt ginn).

Related topics Amazonas, Bëschbränn, Braslien, Groussbränn, Illegal Feieren, Jair Bolsonaro, Leticia-Pakt, Ligen, Naturschutz, Reebësch
Next post Previous post