Zackeg ënnerwee: Den Dylan Pereira ass Autosportler vum Joer 2019
Ze rennen, wéi ee Biischtebënner huet sech fir verschiddener vun
Ze rennen, wéi ee Biischtebënner huet sech fir verschiddener vun
Open Source Software – ee Begrëff, den net vill Léit
Dir huet e Mëssel mat engem Geschäft, Sträit mat enger
De brasilianeschen Diktaturnostalgiker Jair Bolsonaro, deen och als südamerikaneschen Trump gehandelt gëtt, huet de leschten Donneschdeg d‘Kompetenz vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) a Fro gestallt, andeems hien op Facebook zimmlech abstrus Äusserunge vu sech ginn huet. Hie geet esou an änleche Wee den US-President, och wann de gewielte Sujet en aneren ass.
„D‘WHO ermontert kleng Kanner zur Homosexualitéit an zur Masturbatioun. Dat ass déi Organisatioun dären Empfeelungen zum Coronavirus ech aus der Siicht vun ee puer Leit follege soll“, esou de Faschist a sengem Post. E Post iwwregens, dee bei Facebook massiv kontestéiert ginn ass, firwat dëse geläscht ginn ass. No Twitter huet also och Facebook es genuch vum Bolsonaro.
Ouni seng Quellen ze nennen oder soss iergendwéi fundéiert Argumenter fir seng esou däämlech wéi ongeheierlech Behaaptungen ze stëtzen, huet de brasilianesche President geschriwwen, datt d‘WHO, Masturbatioun a fréier Kandheet wéi och gläichgeschlechtlech Bezéiunge géif empfeelen. Säi Conseiller, den Arthur Weintraub, hat no der Lektür vun engem „Artikel“ d‘Saach lancéiert.
Am Weintraub-Tweet heescht et, datt an der Empfeelung vun der WHO (fir Europa?) Kanner tëscht 0 bis 4 Joer iwwer Masturbatioun, Befriddegung a Loscht, iwwert d‘Beréiere vum eegene Kierper an d‘Gender-Ideologie sollen ënnerriicht ginn. Dat begleet mat der reng rhetorescher Fro: „Ass dat richteg?“. Heimatter huet de Mann deen héich Schoule besicht huet sech kloer als Idiot presentéiert.
Zum enge verhält et hei sech esou, datt d‘Grondlag vun dëse Behaaptungen – déi sech explizit op Europa bezéien – sech op ee vun der däitscher Bundeszentral fir gesondheetlech Opklärung BzgA an dem WHO-Regionalbüro ausgeschaffte Kaderkonzept „Standarde fir d‘Sexualopklärung an Europa“ bezéien. Hei gëtt just (resuméiert) drop higewisen, dat sexuell Virwëtzegkeet normal ass.
Déi vun den zwee Daboen opgestallte Behaaptungen zu de beschriwwene Verhalensweisen tauchen a kengem vun den Dokumenter op. Si hunn och wuel net duerno gesicht, et war wesentlech méi bequem sech op bestoend Fake-News ze stëtzen. De Weintraub, ee grousse Frënd vu rietsextremer Lektür an a gudde Bezéiungen zur faschistescher Zeen an Däitschland, huet de Sujet net erfonnt.
Nee, dës Falschmeldung dréit an dëse Kreesser zanter 2018 seng Ronnen. Déi rietsextrem Zeitung „Junge Freiheit“ (déi gesinn sech als d‘Ierwe vum „der Stürmer“), d‘NPD an virun allem déi an der „politescher Mëtt“ stoend AfD-Politiker, verbreeden dëse Blödsinn onverännert ëmmer nees gären, och a besonnesch an hiren internationalen Netzwierker. An dat mat richteg vill Zousproch…
De fréieren Offizéier, deen 2017 vun engem brasilianesche Geriicht wéinst „Volksverhetzung“ veruerteelt gi war, dat ënnert anerem wéinst engem Interview aus dem Joer 2011, an deem hien erkläert hat, datt seng Kanner ni ee schwule Bouf géifen op d‘Welt setze well si „esou gutt erzu“ goufen, an et him léiwer wier „säi schwuult Kand géif beim engem Accident stierwen“.
2018 ass de Faschist dann awer zum President vu Brasilien gewielt ginn. 2019 huet den ieweschte Geriichtshaff vu Brasilien an enger Grondsazentscheedung däitlech gemaach, datt Homo- an Transphobie am selwechte Mooss ze bestrofen ass, wéi Rassismus. Dat war net nom Gusto vum Jair Bolsonaro, huet d‘Entscheedung als „Onrecht“ verkläert an ugegraff. Mee et koum nach besser.
Filmer mat „LGBT-Inhalter“ goufe verbueden, an de President huet senge Landsleit ze verstoe ginn, datt Brasilien keng Vakanzendestinatioun fir Homosexueller dierf ginn. En Appell deen zum Gléck kaum gehéiert ginn ass, mee an der LGBTQI-Communautéit global denoncéiert gouf. Hoffnung bréngt elo déi vun him eegens provozéiert Regierungskris, an déi ass net dem Covid19 geschëlt…
Dat säin onorthodoxen Ëmgang mat der Covid19-Pandemie – Massegriewer statt Lockdown – seng Muecht net brieche kann, ergëtt sech aus der Äntwert op d‘Fro vun enger Journalistin, déi vum wësse wollt, wat géint déi explosiounsaarteg zouhuelend Infektiounsfäll ze maache wier. „Jo an, wat soll ech do maache? Ech heeschen zwar Messias, mee Wonner kann ech och keng vollbréngen“.
Gutt, datt ee Virus, deen hien a gläicher Mooss vun opmüpfegen Indios am Amazonas wéi och den Aarmen an de Favelae „befreie“ kéint, net seng éischt Prioritéit ass, dat ass bekannt. Zudeem huet hien elo ganz aner Problemer: Esou de Récktrëtt vu sengem Justizminister Sergio Moro de 25. Abrëll, e vu sengen enkste Vertrauten. Hie war de Lien zum biergerlech-konservative Lager.
Hannergrond war dem Jair Bolsonaro säi „Wonsch“ ee weidere „Vertrauten“ als Chef vun der Bundespolizei anzesetzen, an esou Afloss op Ermëttlungen huelen ze kënnen. D‘Justiz war net amuséiert an den ieweschte Geriichtshaff huet d‘Nominéierung vum fréiere Leibwächter Alexandre Ramagem verhënnert. Elo brauch de Faschist dréngend nei Allianze wann hie säin Amt behale wëll.
mat indymedia/ccs/ber/gva
Foto: © Sergio Souza / unsplash