Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Äerdbiewe mat enger Intensitéit vu 6,2 rëselt de Norde vum Chile
International Neiegkeeten

https://moien.lu/best-dating-site-for-20-somethings/

En Äerdbiewe mat enger Intensitéit vu 6,2 op der no

https://moien.lu/astrology-signs-dating-compatibility/
International Neiegkeeten

Gemengewahlen: wéi se hannert de Kulissen organiséiert sinn

Wéi et sech bei de Gemengewahle verhält, wa bis all

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum
International Neiegkeeten

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum

No villem „hin an hier“ ass et e Méindeg am

Bolsonaro verbitt d‘Feier

Per Dekret dierf et 60 Deeg laang keng Brandrodung am Amazonasgebitt ginn

Bolsonaro verbitt d‘Feier

Nom Drock vun der internationaler Communautéit an der „Interventioun“ vu „Financieren“ huet de faschistescher President vu Brasilien, Jair Bolsonaro, sech duerchgerongen e Geste ze maachen. Elo huet hien en Dekret ënnerschriwwen, mat deem d‘Brandrodung (Ofbrenne vum Bësch) fir 60 Deeg „ausgesat“ gëtt.

Et ass sécherlech keng einfach Aufgab déi eege Gier a Wënsch ze befriddegen an och gläichzäiteg wéi e grousse Staatsmann ze handelen. Do geréit ee séier an d‘Kritik, och am eegene Land. Dofir muss een da Konzessioune maachen an beim Jair Bolsonaro dréckt sech dat a Form vun engem Dekret aus. Domatter ass et 60 Deeg laang verbueden am Reebësch Brandrodunge virzehuelen.

De Jair Bolsonaro huet awer Ausnahmen zougelooss: esou dierf Feier geluecht ginn, wann dëst als „gesond“ fir d‘Flora betruecht gëtt, a wann déi Feier vun den indigene Vëlker geluecht ginn, déi eng sougenannt „Subsistenzlandwirtschaft“ bedreiwen. Dat wat een hei „begréisse muss“ wier awer net néideg gewiescht, wann den Diktaturnostalgiker, net zur Zerstéierung vum Reebësch animéiert hätt.

An de Beholl vum brasilianesche President huet schonn éischt Konsequenzen. Net jidderee schéngt bereet och weiderhin seng Ënnerstëtzung offiziell ze demonstréieren. Et sinn alt nees d‘Amerikaner déi aus renge wirtschaftlechen Iwwerleeungen eraus, op Distanz zu deem Faschist ginn, deen si mat vill finanzieller Ënnerstëtzung un d‘Muecht bruecht hunn. Wann de Client awer „Ekologesch“ ass…

US-Konzern „VF Corp“ zitt de Schwanz an

Et ass scho verwonnerlech, wéi „reaktiv“ grouss Konzerner kënne ginn, wann sech ofzeechent, datt et Konsumente gëtt déi net gewëllt sinn alles zouzeloossen. Esou um Beispill vu „VF Corp“ dem Mammekonzern vun esou „pro-ekologesche Marke“ wéi Timberland a Vans (mee och North Face, Eastpak an Dickies). Hir Cliente léiwen dat „organescht“ a wann de Reebësch fir hir Moud muss geaffert ginn, da gëtt et e Widdersproch an och de konsumgäilsten Hipster kann sech net ofwennen.

Natierlech wëll a kann och VF Corp net op déi bëlleg Ressourcen aus Brasilien verzichten, an esou ginn d‘Handelsbezéiungen och nëmmen „ausgesat“. Mat der Ausso: „Mir wäerte kee Pelz vu brasilianeschen Ubidder méi bezéien, bis séchergestallt ass, datt all déi Materialien net zu den Ëmweltschied am Land bäidroen. Dat misst da bedeiten, datt si hir Handelsbezéiungen zu Brasilien misste ganz opginn, well de Bolsonaro net gewëllt ass de Profit dem Ëmweltschutz ze ënnerwerfen.

Et gëtt awer och Nouvellen déi reell Hoffnung verbreeden. Esou ass e puer Deeg nom G7-Sommet vu Biarritz, den éischte Läschfliger – dee vun de G7 finanzéiert gëtt – am Amazonasgebitt am Asaz. De Fliger huet ee Mëttwoch seng Missiounen opgeholl an ënnerstëtzt am Paraguay d‘Asazkräften. Den Elysée huet bestätegt, datt an de nächste Stonnen nach weider Fliger vu Guyana aus a Bolivien geschéckt ginn. Och hei brennt de Reebësch, an déi diplomatesch Bezéiunge sinn eppes „besser“.

mat indymedia/ccs/bog/gso

Ähnlech Sujeten Amazonas, Bëschbränn, Bolivien, Brasilien, G7, Jair Bolsonaro, Läschfliger, Reebësch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel