Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De weltwäiten Dag vun der Meteorologie
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De weltwäiten Dag vun der Meteorologie

Säit der Konventioun vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) am

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp
Kultur Neiegkeeten

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp

En Donneschdeg hunn déi gréng am Kontext vun de Chamberwahle

En neie Logo fir „Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg Asbl“
Kultur Neiegkeeten

En neie Logo fir „Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg Asbl“

Jonk Mënschen déi sech engagéieren, datt ass eng gutt Saach.

Bookmundi: Wéi eng Vakanzelänner sinn am Séchersten?

Bookmundi: Wéi eng Vakanzelänner sinn am Séchersten?

Mat der Schoulvakanz steet elo fir déi meescht Famillen eng ganz besonnesch Aktivitéit un: Verreesen, eng nei Kultur kenneléieren oder einfach nëmmen an engem anere Land entspanen. Natierlech wier een an dësem Fall gäre gutt preparéiert, wann et ëm d’Sécherheet vu sech a senge Léifste geet. Heibäi hëlleft Bookmundi!

Mir all brauche vun Zäit zu Zäit eng Auszäit. Wärend déi eng léiwer eng Woch um Strand verbréngen a sech esou wéineg wéi méiglech beweege wëllen, steet fir Anerer Action an Spaass um Programm. Mee wat bréngt all dat, wann ee säi Liewen dofir op d’Spill setze muss? Wien also hei op der gewonnener Säit wëll sinn fënnt iwwert déi englesch Säit Bookmunidi eng ganz Lëscht u séchere Länner, déi een an dësem Joer besiche kann.

D’Informatioune kréien d’Bedreiwer vu Vision of Humanity an dem Global Peace Index (GPI), woubäi d’Länner nom Fridde klasséiert ginn. Iwwert dës speziell Säit kann een elo Informatiounen zu den 12 sécherste Reesziler kréien. Dës weidere ginn et zuelräich Detailer iwwert d’Infrastruktur, d’Kultur, d’Natur an Attraktiounen.

Klickt een elo ee Land un, wéi beispillsweis Island, Australien oder och Chile, da gëtt ee weidergeleet op eng weider Säit vu Bookmundi, op der een direkt Toure buchen, a Wëssenswäertes zum jeeweilege Land erhale kann. Wéini ass déi bescht Zäit fir ze verreesen? Wéi waarm kann et ginn a wat kann ech erliewen? Dës a vill weider Froe kann een esou ganz einfach beäntwert kréien!

Bookmundi

Zur Firma selwer

Bookmundi ass eng dänesch Säit, op der ee souwuel Informatioune kritt, sou wéi een och direkt buche kann. Vun Dagestouren, bis zu ganze Vakanze soll een esou a méi wéi 120 Länner op der ganzer Welt seng Vakanz, ouni grousse Stress am viraus, plange kënnen.

Virdeeler sinn, datt Bookmundi engem de beschte Präis garantéiert a mam Informatiounsräichtum punkte kann. Donieft setzen si sech fir qualitativ héichwäerteg Aarbecht an, wouduerch ronn 22.000 Clienten den Däne voll Punktzuel bei der Bewäertung ginn hunn. Sollt een awer nach Froen, Wënsch oder Umierkungen hunn, esou kann een den Operateuren direkt an engem Chat schreiwen.

Et wier also emol eng Iwwerleeung wäert, sech hei ëmzekucken, a sech selwer eng Meenung zum Booking-Portal ze bilden. An dësem Sënn wënsche mir eng schéin a sécher Vakanz!

Ähnlech Sujeten Bookmundi, Buchen, Sécher Reesziler, Tour, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel