Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Blutgott vum Veit Etzold – Spannung bis zum leschte Punkt
International Neiegkeeten

Blutgott vum Veit Etzold – Spannung bis zum leschte Punkt

Blutgott (Droemer Knaur Verlag) vum Veit Etzold ass näischt fir zaart

money
ArcelorMittal kuckt 2020 emol fir unzefänken an de Réckspigel
International Neiegkeeten

ArcelorMittal kuckt 2020 emol fir unzefänken an de Réckspigel

Et war schonn eppes gewot den Empfang fir Neijoerschdag zu

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun
International Neiegkeeten

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun

Leschte Freideg krut d’Lëtzebuerger Rapzeen ee staarken Album dobäi. Den

Boris de Baumeeschter

Mat engem milliardeschwéiere Konjunkturpak wëll de brittesche Premier d‘Wirtschaft relancéieren

Boris de Baumeeschter

De Premierminister Boris Johnson huet an enger Ried ugekënnegt, datt kuerzfristeg 5 Milliarde Pond an d‘Infrastruktur vum Land sollen investéiert ginn. Zousätzlech sollen dann nach emol 12 Milliarde Pond an de Bau vu bezuelbarem Wunnraum gestach ginn. Esou zumindest gesäit de Premier déi staatlech Investitioune fir déi nächst 8 Joer.

„D‘Regierung ass entschloss dës Kris ze notzen, fir déi ongeléisten Erausfuerderungen aus de leschten dräi Joerzéngten unzegoen“, esou de Boris Johnson, dee gëschter ee Chantier um Dudley Institute of Technology (bei Birmingham) besicht huet. Hien huet och versprach d‘Ausgaben net ze kierzen a vergläicht säi Plang mam „New Deal“ vum Roosevelt an den USA aus den 30er Joren.

„Mir kënnen net d‘Prisonéier vun der Kris sinn. (…) Mir musse séier schaffen, well mir hu schonn ee schwindelerreegende Réckgang vum BIP (Bruttoinlandprodukt) a mir wëssen datt d‘Leit sech suergen ëm hir Aarbechtsplaze maachen“. D‘Zil ass et, Spideeler a Schoulen ze bauen, an et soll ëmweltfrëndlech gebaut ginn. D‘Detailer géif de Finanzminister déi nächst Woch virleeën…

De Wee aus der Kris

Ob alles esou wäert verlafen, wéi de brittesche Premierminister sech dat wënscht, dat muss sech nach erweisen. Richteg ass awer, datt d‘Wirtschaftsleeschtung vu Groussbritannien am éischte Quartal massiv agebrach ass. Laut dem nationale statistesche Büro ONS, ass de BIP ëm 2,2% geschrumpft. Dat ass méi wéi sech erwaart gouf, awer manner wéi am Verglach mat der Eurozon.

BorisEt ass zudeem de gréisste Réckschlag zanter der Wirtschaftskris vun 2008/9, a bedenkt een datt d‘Britten zum 31. Dezember net méi an der Unioun sinn, mussen si dës Kris aus eegener Kraaft iwwerwonne kréien. Dat ass keng einfach Aufgab, déi do op d‘Regierung an d‘Bierger zoukënnt. Villes dierft dovunner ofhänken, wat de Rishi Sunak déi nächst Woch am Parlament ze bidden huet.

Ze vill Chômage

D‘Ukënnegung vum Boris Johnson war erwaart ginn, nodeems et am Mee zu enger erschreckender Hausse vum Chômage (+69%) komm ass. Aktuell sinn op der Insel ronn 2,1 Millioune Mënschen op der sich no enger Schaff. Déi leschte Kéier wou d‘Lag um Aarbechtsmaart esou katastrophal war, läit scho 24 Joer zréck. An d‘ONS weist drop hin, datt et nach hätt kënne schlëmmer kommen.

Ouni de Rettungspak, mat deem och eng Form vu Kuerzaarbecht agefouert ginn ass, konnten eng 7,5 Milliounen Aarbechtsplazen erhale ginn. D‘Regierung hat hei bis zu 80% vum Nettoloun iwwer staatlech Hëllefen ofgeséchert. Elo also heescht et nees d‘Äerm eropkrämpelen, woubäi och op der Insel ass d‘Pandemie nach net eriwwer. Bis ewell huet dat mat der Krisegestioun nach net geklappt.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Bruttoinlandprodukt, Groussbritannien, Infrastruktur, Investitiounen, Konjunkturpak
Nächsten Artikel Virrechten Artikel