Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un
International Neiegkeeten

Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un

Tëscht der Cloche d‘Or an de Kockelscheier geleeën, kann ee

Afrikanesch Schwéngspescht: En alternativen Tracé fir d‘Clôture!
International Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht: En alternativen Tracé fir d‘Clôture!

Sech de Gefore vun der afrikanescher Schwéngspescht stellen, se eescht

D‘Prozesskäschtenhëllef gëtt ëm 10% ugehuewen
International Neiegkeeten

D‘Prozesskäschtenhëllef gëtt ëm 10% ugehuewen

Op Propositioun vun der Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) hat

Elo sollen och d‘Britten nees dierfen e Patt huele goen

Elo sollen och d‘Britten nees dierfen e Patt huele goen

Virun zimlech genee dräi Méint ass dem briteschen Horesca- an Tourismussecteur de Lockdown operluecht ginn. Um Dënschdeg huet de Premierminister Boris Johnson am Parlament annoncéiert, datt ab dem 4. Juli d‘Pub‘s, d‘Restauranten an d‘Hoteller hir Aktivitéiten nees dierfen ophuelen.

Wéi a ville Länner gëtt d‘Reprise awer och vu villen Obligatiounen a Restriktioune begleet. Esou mussen d‘Bistroen an d‘Restauranten hir d‘Zuel vun den Dëscher reduzéieren, an et kann nëmmen nach um Dësch bestallt ginn. Zudeem mussen d‘Clienten hir Kontaktdaten hannerloossen. Et ass e Novum an engem Land, wou d‘Leit d‘Gewunnecht hunn, hir Bestellung um Comptoir ze maachen.

BorisZäitgläich dierfen och d‘Hoteller an déi beléifte „Bed & Breakfast“ nees Leit bei sech ophuelen. Do wou séchergestallt ass, datt déi sanitär Anlage konform sinn a regelméisseg gebotzt ginn, dierfen dann och d‘Campinger nees opmaachen. Vum Tourismussecteur, an deem d‘Saison eigentlech scho lassgaange wier, begréisst een d‘Annonce vum Premier. Mee och aner Aktivitéiten si méiglech.

Coiffeuren dierfen nees opmaachen, an de Kino, de Musée oder a Galerie goe geet och erëm. Flott, och d‘Kanner hunn nees d‘Recht sech op de Spillplazen no Loscht a Laun auszeloossen. Mee et gëtt nach keng Ouverture fir Theater, Diskothéiken an Nightclubs. Fitnessstudioe mussen sech och nach mat eppes Gedold rëschten. De Sécherheetsofstand gëtt vun zwee op ee Meter reduzéiert.

Et war eng „animéiert“ Ried vum Boris Johnson an House of Commons. Hien huet energesch op d‘Riednerpult getrommelt, war ganz aus dem Haische wéi hie verkënnt huet: „De Wanterschlof geet op en Enn, d‘Liewen eruewert nees d‘Stroossen an d‘Geschäfter“. Woubäi et hei dann awer nees wichteg ass drop hinzeweisen, datt dës Reegele fir den Deconfinement nëmme fir England gëllen.

BorisFir all déi aner (Nordirland, Schottland a Wales) heescht et selwer bestëmmen. Mee d‘Decisioun vum Premierminister setzt si natierlech schonn ënner Drock. Et ass dann och déi éischt Kéier fir dëst Joer, datt d‘Oppositioun eng Entscheedung vun der Regierung begréisst huet. Dat natierlech net ouni ze betounen, datt een alles wat do virgeluecht ginn ass, wäert extensiv préiwen.

Mee wéi zu Lëtzebuerg oder soss op der Welt, dierf d‘Decisioun, den Deconfinement an eng nei Phas ze féieren, net den Androck opkomme loossen, datt elo nees alles an der Rei ass. De Virus ass nach ëmmer ganz Present: op der Insel huet et aktuell nach ëmmer ronn 1.000 Neiinfektiounen den Dag, datt sinn der duebel esouvill wéi bei eisen däitschen Noperen. D‘Kris ass nach net eriwwer…

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Covid19, Deconfinement, England, Groussbritannien, London
Nächsten Artikel Virrechten Artikel