Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Editorial: Quo Vadis Polen ?
hook up greeley how to search all dating sites at once

https://moien.lu/list-of-questions-to-ask-online-dating/

Rietsradikal an nationalistesch huet sech Polen um 11. November, dem

dating sites paphos
hook up greeley how to search all dating sites at once

Gonnereng: Brand op engem Bauerenhaff!

Vergaangen Nuecht huet den Telefon vum CGDIS méi wéi just

Lëtzebuerg: Wat muss sinn, muss sinn
hook up greeley how to search all dating sites at once

Lëtzebuerg: Wat muss sinn, muss sinn

Eng Gemengerotssëtzung een Dag no de Walen, dat klengt erstaunlech

Boris Johnson „King of the World“ ?

Beim Rennen ëm den Job als britesche Premier huet de Jeremy Hunt scho verluer

Boris Johnson „King of the World“ ?

Wann et richteg ass, datt et eis näischt ugeet, wéi en onqualifizéierte Politiker a Groussbritannien deemnächst an der Downing Street 10 haust, esou dierf ee sech – trotz de Konsequenzen dat dëse Choix och op eis wäert hunn – awer eppes iwwert d‘Brite lëschteg maachen. Si maache schliisslech och mat eis, säit hirem Austrëttsgesuch, zimlech krass de Geck.

Boris Johnson

Enn vum Mount jiddefalls wäert dem Donald Trump säi Protegée den neie Regierungschef op der Insel sinn. D‘Strategie vun der Verbreedung vun „sënnfräiem Optimismus“ geet bis ewell an alle Sondagen op. Datt awer Groussbritannien déi „gäilste Plaz op der Welt“ soll sinn, beweist datt och e geféierleche Politiker Humor huet. Datt et e Brexit ouni Accord wäert ginn, schéngt him wichteg.

De Boris „King of the World“ Johnson ass es deem onnëtzen Hin an Hir déck midd, a sollt hien den nächste Premier sinn, ass den 31. Oktober ënner allen Ëmstänn Schluss. Säi „Géigespiller“ Jeremy Hunt, deen – dat sollt een him gutthalen – versicht hat d‘Stëmm vun der Vernonft ze sinn, huet sech als politesch Nullnummer ouni Réckgrat presentéiert, wéi hien eng 180° Kéier gemaach huet.

Boris Johnson

Esou ass och hien elo fir den haarde Brexit. Dat eenzegt wat hien domadder erreecht huet: hie gëtt mat Sécherheet net méi Premier, ausser de Boris leeft muer plakeg iwwert den Trafalgar-Square… Opportuniste stinn der genuch zur Wiel, mee ee wéi den Hunt? Da scho léiwer en echten originelle Klatzkapp. An déi Roll ass dem Boris „King of the World“ Johnson op de Leif geschriwwe ginn.

Mamm Kapp duerch d‘Mauer

Bei den Tories schéngt et den Ament souwisou nëmmen d‘Optioun „No Deal“ ze ginn. Si hunn och en Numm dofir: BRINO „Brexit in name only“. Ob et um Enn, wéi vun de Konservativen erhofft an erwaart, zum knallhaarden Austrëtt kënnt, dat mat der Hoffnung, datt de Sujet dann ee vir allemol erleedegt ass, kéint de 27 egal sinn, mee wéi esou oft, et ass alles vill méi komplex wéi ee mengt.

En Austrëtt ouni Ofkommes – an dat wëssen d‘Briten och – wier net nëmmen de schlechtsten Zeenario an zudeem e laangwieregen, mee si géifen hir Verhandlungspositioun géintiwwer der EU deraart schwächen, datt kaum eng vun hire Fuerderunge misst ugeholl ginn, déi Groussbritannien dann als „Drëttland“ der Unioun ënnerbreede géif. D‘Verhandlunge kéinten sech iwwer Joren zéien.

Boris Johnson

Mee esou en Detail këmmert keen Tory. Et war iwwer dräi Joer laang keen Diskussiounsthema bei de Konservativen, firwat sollt ee sech elo, wou et ëm d‘Wahl vum Premierminister geet, mat esou Detailer ofginn? De Boris Johnson (a säin heemleche Frënd Nigel Farage) hu mat Ligen a falsche Verspriechen d‘Natioun gespléckt a schéngen decidéiert d‘Insel dem Ënnergank zouzeféieren.

mat indymedia/lon

Foto: Dem Boris Johnson seng Schwëster war viru kuerzem gefrot ginn, ob hire Brudder wierklech Premier wéilt ginn. Si huet dorops hi gemengt, datt de Boris sech net mat dësem Mandat géif zefridde ginn. Als Kand hätt hie schonn den Usproch erhuewen „King of the World“ ze sinn. Op der Foto gesi mir den zukünftege Premierminister vu Groussbritannien, wéi hie säi Stëmmziedel ausgefëllt huet. © Team BackBoris

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, BRINO, Jeremy Hunt, Premierminister, Torries
Nächsten Artikel Virrechten Artikel