Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Superdreckskëscht: En Offallspezialist mat sozialer Vocatioun
https://moien.lu/things-to-talk-about-while-dating/ teal tribe dating

https://moien.lu/dating-range-rule/

Um Superdreckskëscht-Standuert vu Kolmer-Bierg lant alles un Offall dat fir

scheana dating robert
https://moien.lu/things-to-talk-about-while-dating/ teal tribe dating

Vitesse-Limitatioun: Weiderhi just 90 km/h op der A6 an A1!

Wéi d’Stroossebauverwaltung matgedeelt huet, soll d’Test-Phas vun der Vitesse-Limitatioun op

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus
https://moien.lu/things-to-talk-about-while-dating/ teal tribe dating

E Sardinneschwarm géint den italienesche Rietspopulismus

Ugefaangen huet dat Ganzt de 14. November, wéi ee Grupp

De Boris Johnson stellt seng Ekipp nei op

De Boris Johnson stellt seng Ekipp nei op

Bei der Regierungsëmbildung an Groussbritannien gëtt et eng Iwwerraschung: de Finanzminister Sajid Javid geet vu sech aus. Säi Ministère iwwerhëlt den aktuelle Staatssekretär Rishi Sunak. Och ausgetosch gëtt de Minister fir Nordirland, Julian Smith.

Domadder fält de Remaniement eppes méi an d‘Gewiicht wéi dat ze erwaarde war. Eigentlech ass dem Sajid Javid säi Portefeuille als „sécher“ betruecht ginn, schliisslech gesinn d‘Briten am Finanzminister dat wichtegst Mandat, direkt nom Premierminister. An och wa sech béid Politiker ëmmer nees an d‘Hoer kritt hunn, esou hu si sech am grousse Ganzen dach verstanen.

Wat huet zu dësem Schratt gefouert? Laut de leschten Erkenntnisser, sollen de Boris Johnson a säin aflossräiche Beroder Dominic Cummings vum Sajid Javid gefuerdert hunn, seng Conseillèren ze kënnegen an duerch Leit vum Premier ze ersetzen. Eng Fuerderung déi de Finanzminister net konnt unhuelen an esou de Récktrëtt agereecht huet. Eigentlech sollt hien am Mäerz de Budget virleeën.

BorisMee et heescht och, datt et dem Premierminister net gefall hat, datt de Sajid Javid ouni Récksprooch annoncéiert hat, datt den héich ëmstriddenen Eisebunnsprojet „HS2“ weidergebaut gëtt. Dëse Projet mat enger Héichgeschwindegkeetstrass soll virun allem déi ofgeleeë Regiounen an de Midlands an dem Norde vun England, mat der Haaptstad verbannen. An dat wollt de BoJo selwer ukënnegen

Nach een dee muss goen: de Minister fir Nordirland Julian Smith, deen eigentlech gutt geschafft huet. Him war et kierzlech gelongen d‘Regionalregierung nees hierzestellen. Dat no dräi Joer Gestreits a Stëllstand, well sech déi zerstridde Partien an Nordirland net op eng Koalitioun eenege konnten. Seng Déngschter schéngen elo net méi benéidegt ze ginn, firwat hien ausgetosch gëtt.

An dat sinn se net all. Och d‘Wirtschaftsministesch Andrea Leadsom, d‘Ëmweltministesch Theresa Villiers, d‘Logementsministesch Esther McVey an eng helle Wull u Staatssekretäre mussen sech elo no enger neier Beschäftegung ëmkucken. De Generalstaatsanwalt Geoffrey Cox gouf och gebueden ze goen… Gehale goufen den Ausseminister Dominic Raab an d‘Inneministesch Priti Patel.

mat indymedia/lon

Foto: © Nick Kane / unsplash

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Groussbritannien, Regierungsëmbildung, Sajid Javid
Nächsten Artikel Virrechten Artikel