Search

You may also like

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL
International Neiegkeeten

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL

A senger Sëtzung vum 30. September ass de Virstand vum

dislike
Washington stellt sech tëscht d‘Gespréichsbereetschaft vu Nord- a Südkorea
International Neiegkeeten

Washington stellt sech tëscht d‘Gespréichsbereetschaft vu Nord- a Südkorea

Nodeems ze héiere war, datt Nord- a Südkorea bereet wieren

Rëmerschen: E flotte Programm fir d‘Fuesvakanz
International Neiegkeeten

Rëmerschen: E flotte Programm fir d‘Fuesvakanz

Am Biodiversum „Camille Gira“ zu Rëmerschen ass dës Woch eng

De Boris, d‘Uschi an de Brexit

Den Dissens zum Austrëttsaccord tëscht Groussbritannien an der EU mussen elo d‘Juriste klären

De Boris, d‘Uschi an de Brexit

Well sech London queesch stellt, de Boris Johnson eng Revisioun vum Austrëttsaccord verlaangt an et och nach ëmmer keen openaner duergoe beim Handelsvertrag gëtt, muss ee sech den Evidenze stellen: ass den haarde Brexit de Wee deen d‘Britte wëlle goen, da soll et esou sinn. Dat verhënnert natierlech net, datt Bréissel wéinst Vertragsverletzung viru Geriicht zitt…

Datt London Mëtt Juni déi ausgestreckten Hand vu Bréissel – de Britte war wéinst der Covid19-Pandemie eng Verlängerung vum Brexit ugebuede ginn – zeréckgewisen huet, an dunn och nach gemengt huet datt een en ënnerschriwwenen Accord einfach esou am Handëmdréie kéint nach emol nei opsetzen, kéint zu neien diplomatesche Verwerfungen tëscht béiden Acteure féieren.

Zudeem huet dat neit Bannemaartgesetz ee méi strammen Toun tëscht de fréiere Partner agefouert. Den 10. September hat d‘EU-Kommissioun de Britten en Ultimatum gestallt. Esou sollt London d‘Passagen zu Nordirland an Irland aus dem Gesetz sträichen. De Boris Johnson sollt den Usproch opginn, datt an Nordirland brittesch Reegele gëllen, sollt et net zu engem Handelsaccord kommen.

Den Ultimatum ass den 30. September Mëtternuecht ausgelaf, ouni datt de brittesche Premier sech gemellt hätt. Zudeem gouf de Gesetzesentworf en Dënschdeg am House of Commons ugeholl, wat en zréckruddere faktesch onméiglech mécht an elo zu juristesche Mesure féiert. Fir Bréissel ass dat britescht Bannemaartgesetz e Verstouss géint d‘Austrëttsofkommes an seng Verflichtungen.

D‘Mille vun der Justiz muele lues

Am Austrëttsofkommes, datt de Boris Johnson zesumme mat sengen Tories elo a Fro stellt, gouf sengerzäit festgehalen, datt an Nordirland och nom Brexit d‘Reegele vum EU-Bannemaart an der EU-Zollunioun gëllen. De Grond: et soll keng haart Grenz déi iresch Insel splécken. Den Zweck: et wëll een alles ënnerhuele fir d‘Gefor vun engem neie Biergerkrich ze verhënneren.

Um Donneschdeg 1. Oktober – den Ultimatum ass verstrach – huet d‘EU-Kommissioun sech da fir ee sougenannt Opfuerderungsschreiwes un déi britesch Regierung entscheet. Doranner gëtt de Boris Johnson opgefuerdert bannent engem Mount Stellung ze ergräifen. Et ass den éischte Schrëtt an engem wuel laange Prozess, an deem de leschten Akt virum EuGH wäert mussen ausgedroe ginn.

Dat ass Rechtens, well obwuel d‘Britten d‘EU offiziell verlooss hunn, bleift ee Verfare géint déi rebellesch Regierung méiglech. Och datt ass esou am Accord festgehale ginn, firwat Bréissel géint Verstéiss vu Groussbritannien nach bis Enn 2024 virum EuGH kloe kann. Do spillt et da keng Roll, ob d‘Britten nach am Bannemaart oder der Zollunioun sinn oder net. Esou gouf et decidéiert.

Ënnert dëse Viraussetzung ka ee sech virstellen, datt déi néngt Verhandlungsronn iwwer ee kënftegt Handelsofkommes – déi ass elo amgaangen – weder einfach ass, nach datt et ënnert dësen Ëmstänn sollt zu frëndleche Gespréicher kommen. Esou wéi sech d‘Lag derzäit presentéiert, schéngt et de Boris Johnson drop ukomme loossen ze wëllen. Op dat de richtege Wee ass, wäert sech weisen…

mat indymedia/bru/lon

Illustratioun: © Renee Fisher / unsplash

Related topics Austrëttsofkommen, Boris Johnson, Brexit, EU-Kommissioun, Handelsofkommes, Ursula von der Leyen
Next post Previous post