Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vandalismus an der Réidener Schwämm: D’Plainte ass gemaach!
International Kultur Neiegkeeten

Vandalismus an der Réidener Schwämm: D’Plainte ass gemaach!

Um 29. Juli huet d’Réidener Schwämm matgedeelt, datt zwee jonk

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich
International Kultur Neiegkeeten

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich

Et kann een e Fussballsmatch dominéieren an um Enn awer

Alles Guddes un d’Philharmonie – 15 Joer voller Kultur!
International Kultur Neiegkeeten

Alles Guddes un d’Philharmonie – 15 Joer voller Kultur!

15 Joer Philharmonie – dat muss gefeiert ginn! Schliisslech ass

Bosnien-Herzegowina huet seng éischt Gay-Pride ënner Protest iwwerstanen

Bosnien-Herzegowina huet seng éischt Gay-Pride ënner Protest iwwerstanen
© Xavi Ruiz

© Terry Reintke (MEP)
Bosnien-Herzegowina huet seng éischt Gay-Pride ënner Protest iwwerstanen
© Terry Reintke (MEP)

Iwwer 1.000 Mënschen haten sech der éischter Gay-Pride vum Land ugeschloss. Si stinn an fir d‘Rechter vun der LGBT-Communautéit a setzen sech dem Haass vun extremistesche Gruppéierungen aus, firwat dës Manifestatioun vun der Police huet misse geschützt ginn.

Et war déi éischt Gay-Pride déi an der supposéiert weltoppener Haaptstad vu Bosnien-Herzegowina an dat huet ville sougenannte „Wäertkonservativen“ net gefall. Esou huet et zu Sarajewo säitens den ultrakonservative Gruppéierunge massiv Géigendemonstratioune ginn. Ob moslemesch Bosnier, orthodox Serben oder fundamentalistesch kathoulesch Kroaten, d‘Stëmmung war opgehëtzt…

Datt e Mënsch iwwert sech selwer entscheeden dierf, ass dëse Mënsche grondsätzlech friem. Wann deen elo och nach seng Sexualitéit selwer bestëmmen dierf, an et och soll als „Normal“ ugesi ginn datt Männer mat Männer a Frae mat Frae Léift maachen, da geheit dat hir Wäertvirstellunge ganz op d‘Kopp. Géif een dësen Extremiste fräie laf loossen, kéim et mat Sécherheet zur Katastroph.

Gay-PrideËmsou méi erfreelech datt déi éischt Gay-Pride vu Sarajewo ouni Tëschefäll a gréisser Stéierunge konnt stattfannen. Interessant an erfreelech zugläich: den US-Ambassadeur zu Sarajewo, Eric Nelson – dee sech zu senger Homosexualitéit bekennt a mat sengem Partner zesummelieft – wéi och weider westlech Diplomaten, haten sech dëser Manifestatioun ugeschloss. Eng gutt Saach…

Sarajewo war bis ee Sonndeg déi lescht Haaptstad aus dem fréiere Jugoslawien an där et nach keng Gay-Pride ginn huet. Erënnere mir an dësem Kontext och nach emol drun, datt et a Bosnien tëscht 1992 an 1995 e vun der serbescher Féierung ausgeléiste Biergerkrich ginn huet. 100.000 Affer an grad esouvill Verdriwwener. Dat gréisste Leed hate sengerzäit déi bosnesch Moslemen ze erdroen.

Nom Krich ass et och aus dësem Grond zu enger reliéiser „Réckbesënnung“ komm, esou de Versuch eng Erklärung fir den Haass op a géint d‘LGBT-Communautéit ervirzebréngen. Toleranz fir sech anzefuerderen ouni si aneren ze gewähren, an dofir e Krich mat all sengem Leed an d‘Argumentatioun anzebrénge weist, datt et nach ee wäite Wee bis zum wierkleche Fridden ass.

mat indymedia/waw/ber

Ähnlech Sujeten Bosnien-Herzegowina, Fundamentalismus, Gay Pride, LGBT, Sarajewo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel