Search

You may also like

Sinn des Wierder richteg geschriwwen? – 2
International Neiegkeeten

Sinn des Wierder richteg geschriwwen? – 2

[onionbuzz quiz-id=72][/onionbuzz]   Et vergeet kaum en Dag, wou een

100 Joer natur&ëmwelt: Maacht mat bei der Conscious Challenge!
International Neiegkeeten

100 Joer natur&ëmwelt: Maacht mat bei der Conscious Challenge!

An dësem Joer feiert natur&ëmwelt säin 100. Gebuertsdag. Nieft de

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff
International Neiegkeeten

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff

Nodeems mir gëschter hu misse virun der Bloalge-Pescht um Stauséi

US-President fuerdert Doudesstrof fir Boston-Attentäter

Den Donald Trump huet sech gréng a giel iwwert d‘Ophiewung vum Doudesurteel géint ee vun den Attentäter vum Boston-Marathon geiergert an d‘Urteel vum Appellsgeriicht schaarf kritiséiert

US-President fuerdert Doudesstrof fir Boston-Attentäter

Den Dzhokar Tsarnaev hat zesumme mat sengem Brudder de 15. Abrëll 2013 op der Arrivée vum Boston-Marathon zwee Sprengsätz gezünt. Bei dësem Uschlag waren dräi Mënschen op der Plaz verstuerwen an eng 260 Persounen deels schwéier blesséiert ginn. Säi grousse Brudder Tamerlan war vun der Police gestallt ginn, mee si sollten hien net lieweg ze faasse kréien.

No engem Schosswiessel war et zu Watertown (Massachusetts) tëscht dem Sergant Jeffrey Pugliese an dem Tamerlan Tsarnaev zu Handgräiflechkeete komm. Den Dzhokar huet net wëllen zouloossen, datt d‘Police säi Brudder lieweg kritt, huet dëse mat engem geklaute SUV „erfaasst“ an iwwer 30 Meter matgeschleeft. Den Tamerlan sollt dësen Tëschefall folgerichteg net iwwerliewen.

Den Dzhokar Tsarnaev konnt kuerz drop verhaft ginn. Hien hat d‘Dot gestanen an sëtzt zanterhier am Colorado an engem Héichsécherheetsprisong. 30 Uklopunkte goufe géint hien erhuewen an de 4. Mäerz 2015 huet de Prozess ugefaangen. Den Ugekloten huet während dem ganze Prozess kaum ee Wuert gesot a gouf dann och de 8. Abrëll 2015 zum Dout duerch d‘Gëftsprëtz verurteelt.

BostonUm 24. Juni 2015 huet de Riichter George O‘Toole dem Ugekloten d‘Urteel notifiéiert. Den Täter, Dzhokar Tsarnaev huet Appell agereecht, mee dëse gouf de 15. Januar 2016 vum Riichter däitlech zréckgewisen. Dem Veruerteelte gouf dann nach eng Entschiedegung fir d‘Affer an Héicht vun 100 Milliounen Dollar operluecht. Am Dezember 2018 hunn d‘Affekoten den Appell duerchgesat kritt.

Den 31. Juli 2020 huet d‘Appellsgeriicht d‘Doudesurteel géint de gebiertegen Tschetschen opgehuewen. Zur Begrënnung huet et geheescht, datt am Prozess géint den Dzhokar Tsarnaev net séchergestallt gi wier, datt déi Geschwueren him géinteniwwer net virageholl wieren. D‘Riichter hunn esou entscheet, datt iwwert d‘Strofmooss misst nei entschidde ginn.

An de4sem Kontext huet sech den Donald Trump agemëscht a via Twitter verkënnt, datt an dësem Fall d‘Regierung op en Neits misst d‘Doudesstrof fuerderen. D‘Land kéint d‘Decisioun vum Appellsgeriicht net esou hinhuelen. Zudeem hätt och d‘Geriicht unerkannt, datt dësen Uschlag ee vun de schlëmmsten zanter dem „nine-eleven“ Attentat gewiescht war.

mat indymedia/den

Foto: Eng Opnam vum Standuert vum éischte Sprengsaz, weist datt d‘Spectateuren den Affer direkt zu Hëllef komm sinn. Aaron Tang (cc by2.0)

Related topics Appellsgeriicht, Attentat, Boston-Marathon, Donald Trump, Doudesstrof, Dzhokar Tsarnaev, USA
Next post Previous post