Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereent am Wettlaf géint de Covid19
Neiegkeeten

Vereent am Wettlaf géint de Covid19

D‘EU-Kommissiounspresidentin hat virun der Konferenz gesot: „Ouni Impfstoff keen Enn

De Maske-Fliger ass zeréck – Bettel a Bausch hunn d’Cargolux besicht
Neiegkeeten

De Maske-Fliger ass zeréck – Bettel a Bausch hunn d’Cargolux besicht

Gëschter ass den LX-VCF mat senger mat ikonescher Nues –

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser
Neiegkeeten

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser

Ganz stolz annoncéiert de Grupp CFL, datt si bei der

Boulevard Roosevelt: De Konflikt tëscht Cyclist a Foussgänger

Boulevard Roosevelt: De Konflikt tëscht Cyclist a Foussgänger

Nodeems schonn am Fréijoer eng autofräi Neigestaltung vun der Place de la Constitution „Gëlle Fra“ ugekënnegt ginn ass, huet den Transportministère, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, um 22. August Pläng zur Ëmgestaltung vum ugrenzende Boulevard F.D. Roosevelt presentéiert. Doduerch, datt mat der Tramféierung duerch d’Avenue de la Liberté de Busverkéier zukünftegt duerch d’Avenue de la Gare, sou wéi iwwert de Bouvelard Roosevelt verkéiere soll, ass hei eng nei Opdeelung vum Stroosseraum virgesinn.

Geplangt ass, nieft dem Erhalt vun de Fuerbunne fir de motoriséierten Individualverkéier, sou wéi der Ariichtung vun enger Busspur zu béide Säite vum Boulevard, och ee bidirektionelle Vëloswee, sou wéi eng Verbesserung vum Komfort fir Foussgänger. De Chantier soll schonn Ufank November 2019 (!) ofgeschloss sinn. Et gouf allerdéngs betount, datt déi momentan Pläng provisoresch wieren a beim Reamenagement vun der Place de la Constitutioun nach emol iwwerschafft géife ginn, Esou wäit, esou gutt.

Beim genaue Kucke vun de Pläng gëtt allerdéngs schnell kloer, datt erëm emol hallefhäerzeg versicht ginn ass, et alle Participante vum Verkéier Recht ze maachen, amplaz kloer Prioritéiten ze setzen an nohalteg Mobilitéitsforme konsequent ze fërderen. Ganz am Géigendeel: vun engem Komfortgewënn ka weder fir de Cyclist, nach fir de Foussgänger rieds sinn!

Déi momentan bestoend Vëlosweeër op béide Säite vum Boulevard sollen zwar duerch bidirektional, vum Autosverkéier getrennt Vëlosweeër ersat ginn, dëse befënnt sech awer op selwechter Héicht an direkt ugrenzend un de Foussgängerberäich. Eng kloer (baulech) Trennung tëscht Vëlos- a Foussgängerweeër ass net erkennbar. Well d’Breet vu béide Beräicher donieft just knapp de recommandéierte Minimalfuerderungen entsprécht, si Konflikter tëscht Cyclisten a Foussgänger virprogramméiert.

Duerch déi agëengt Verhältnisser an dat héicht Fouss- a Vëlosverkéiersopkommes op dem Boulevard Roosevelt fuerdert d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ eng kloer Trennung vu béide Verkéiersflächen. Mam geplangte Baustellenagenda bleift zu dësem Zäitpunkt just nach ze hoffen, datt de geplangte Vëloswee op mannst net notzungsflichteg gëtt (eng Beschëlderungsoptioun, déi ulässlech zur Aktualiséierung vun der Uerdnung vum Stroosseverkéiers am Mee 2018 agefouert ginn ass) an de Cycliste weiderhin déi rechtméisseg Méiglechkeet bleift, op der Strooss ze fueren amplaz sech am Schrëtttempo tëscht Foussgänger duerchzeschlängelen.

Irritéiert si mir och iwwer d’Raumopdeelung op der Passerelle „Al Bréck“. Och hei misst duerch d’Ariichtung vun enger Busspur de Vëloswee verluecht ginn. Obwuel eis d’Erhalung vun engem 2,80 Meter breede getrennte Vëloswee zougeséchert ginn ass, weisen déi elo verëffentlecht Pläng ee scheinbar just 2 Meter breede Vëloswee an eng Trennung zum Foussgängerwee ass och net erkennbar.

Et ass méi wéi bedauerlech, datt de motoriséierten Individualverkéier ëmmer nach déi iewescht Prioritéit huet. Méi Liewensqualitéit, manner Stress, Stau a Loftverschmotzung an eise Stied erreeche mir awer just duerch déi konsequent Fërderung an den Ausbau vun der aktiver Mobilitéit, sou wéi den ëffentlechen Transportmëttel. Eng nei Raumopdeelung zu Gonschte vun de Vëlosfuerer a Foussgänger ass heizou onerlässlech.

An enger Stad, an där ëmmer nach nei Parkhaiser opgeriicht an déi bestoend vergréissert ginn, schéngt dës Asiicht allerdéngs nach net ukomm ze sinn. An esou bleift weiderhi just den neidege Bléck op all Stied a Regiounen, déi elo schonn erkannt hunn, wéi eng zukunftsorientéiert Raumplanung funktionnéiert.

Matgedeelt vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Boulevard Roosevelt, Cyclist a Foussgänger, Konflikt, Vëlosweeër, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel