GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann
Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann
Den Dout vum Groussherzog Jean huet de politesche Kalenner vun
Um 17:08 Auer gëschter Owend huet den 112 d’Noriicht vun
D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public an d‘Benotzer vum ëffentlechen Transport, datt de Fortschrëtt vum Luxtram-Chantier um Boulevard Royal, d‘Pose vu virfabrizéierte Modullen um Niveau vun der Plattform vum Tram muss virgeholl ginn. Esou gëtt während der Zäit vun der Pose ee Kran op der Plaz opgeriicht, wat d‘Ofspärung vum Boulevard mat sech zitt. Fir de Verkéier dagsiwwer ze erméiglechen, ginn dës Aarbechten an der Nuecht duerchgefouert.
D‘Aarbechten implizéiere Verkéiersupassungen, an dat fir den Zäitraum vum 18. bis de 27. Mäerz (ausgeholl sinn d‘Weekender, also d‘Nuechte vum 20. an 21. Mäerz). Betraff ass den Ofschnëtt, Avenue Monterey bis Bréisseler-Plaz um Boulevard Royal. A Richtung Bréisseler Plaz gëtt d‘Zirkulatioun op eng eenzeg Spur begrenzt, an dat vun 22 Auer bis 4.30 Auer. D‘Busspur déi an entgéintgesater Richtung verleeft gëtt vun 0.15 Auer bis 4.30 Auer gespaart.
Säitens den Entreprise gëtt de Chantier esou organiséiert, datt de Bus-Reseau net behënnert gëtt. Den Zirkulatiounsdéngscht vun der Stad Lëtzebuerg suergt fir eng entspriechend Beschëlderung. Stad Lëtzebuerg seet all Mënschen déi duerch dëse Chantier derangéiert kéinte ginn, Merci fir hiert Versteesdemech.
Matgedeelt vun der Stad Lëtzebuerg, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser
Illustratioun: © Ian Valerio / unsplash