Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Lobbyisten ënnert sech
Kultur Neiegkeeten

Lobbyisten ënnert sech

De President vum Lobbyiste-Veräin „BusinessEurope“ Pierre Gattaz a säi Kumpan

Wéi gutt kenns du eis Brécken?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Brécken?

Lëtzebuerg huet net ze knapps Brécken. Mee wéi gutt kenns

Battin Triple: E fruuchtege Minettsdapp
Kultur Neiegkeeten

Battin Triple: E fruuchtege Minettsdapp

De Battin „Triple“, e sougenannten Trappist-Béier, ass en uewergäregen a

Bourse Auguste van Werveke-Hanno: 4 Stundente goufe geéiert

Bourse Auguste van Werveke-Hanno: 4 Stundente goufe geéiert

Vergaangene Freideg hate 4 Schüler d’Éier eng Studien-Bourse vun der Fondatioun Auguste van Werveke-Hanno an dem Héichschoulministère iwwerreecht ze kréien.

D’Fondatioun ass am Joer 2002 gegrënnt ginn duerch een Testament vun der verstuerwener Anita van Werveke, sou wéi an Erënnerung vun hirem Papp, dem Auguste van Werveke, den zu senger Liewenszäit Professer am Zeechnen am haitege Lycée des Arts et Métiers war.

D’Bourse gëtt u jonk Lëtzebuerger iwwerreecht, déi Architektur oder Konscht studéieren. Heizou gehéiert dës weidere fräi Konscht, Publicitéit/Multimedia, Innenarchitektur/ Dekoratioun oder Design. D’Auswiel gëtt op Basis vun den agereechten Dossieren, sou wéi a Funktioun vun der Merite Scolaire, dem Fortschrëtt vun de Studien, sou wéi perséinleche Produktioune getraff.

Säit 2003 ass esou eng Zomm vun 212.000 Euro, opgedeelt op 52 Studentinnen a Studenten, eraus gaangen. Si konnte vun dëser wäertvoller Bourse vun der Fondatioun immens profitéieren. An dësem Schouljoer ass d’Bourse, am Wäert vu 5.000 € u folgend 4 Schüler iwwerreecht ginn:

  • Julien Rippinger: Architektur-Student (Doktorat)
  • Aline Ney: Architektur-Studentin (Master)
  • Charlotte Payet: Studentin am „Bachelor of Fine Arts“
  • Leïla Marchal: Studentin am „Bachelor of Arts Illustrationsdesign“

D’Administratioun vun der Fondatioun Auguste van Werveke-Hanno gratuléiert den ambitiéise Studente fir hir Kreativitéit a groussaarteg Initiativen, sou wéi zu hiren exzellente schoulesche Resultater, déi hinne sécher an der professioneller Karriär virun hëllefe wäerten.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Jerry Lenert, Vize-Presidenz vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun van Werveke-Hanno; Julien Rippinger, Aline Ney, Charlotte Payet, Josiane Entringer, Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun van Werveke-Hanno;Joseph Lahr, delegéierten Administrateur vun der Fondatioun van Werveke-Hanno © MESR

Ähnlech Sujeten Aline Ney, Bourse Auguste van Werveke-Hanno, Charlotte Payet, Julien Rippinger, Konscht, Leïla Marchal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel