Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
Kultur Neiegkeeten

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)

De Wee doduerch: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an

Demokratie op tierkech
Kultur Neiegkeeten

Demokratie op tierkech

Si ass déi regional Virsëtzend vun der gréisster Oppositiounspartei an

OGBL: Globalverhandlunge vum ganzen ëffentleche Secteur
Kultur Neiegkeeten

OGBL: Globalverhandlunge vum ganzen ëffentleche Secteur

Um 11. Februar huet sech d’Delegatioun vum OGBL, zesumme mam

Konscht mat der BOX: De Laurent Turping baut an d’Héicht!

Konscht mat der BOX: De Laurent Turping baut an d’Héicht!

Um Freideg, de 15. November ass den urbane Konschtprojet BOX, dee vum Artist Joël Rollinger initiéiert a geplangt ginn ass, op der Badeanstalt ageweit ginn. Wärend der kaler Joreszäit wäert hei dem Laurent Turping säi Wierk „Prendre de la Hauteur“ ze bewonnere sinn. Bei dësem wichtege Moment huet och d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer deelgeholl.

All Joer gëtt op dëser Plaz dat kleng Waasserspill mat enger hëlzener Konstruktioun géint wanterlech Wiederkonditioune geschützt. Wisou also net emol dëse langweilege Cube mat enger artistescher Nott dekoréieren? Esou notzt de Projet BOX de Support als fir dat kënschtlerescht Schafe wärend enger Zäit tëscht 4 a 6 Méint an Zeen ze setzen. Et ass geplangt, fir all Wanter een anere Kënschtler oder engem ganze Kollektiv hei Plaz ze bidden. Dës Kéier ass et um Laurent Turping, fir säi Wierk ze presentéieren.

Laurent Turping

© Charles Soubry / Fotothéik

Et geet an d’Héicht

Nom Jürgen Berg, Member vum Kollektiv cooperationsART, sengem „Den Tuerm“, wat fir déi éischt Editioun vum Projet BOX am Joer 2018 ausgestallt ginn ass, krut dëst Joer de Laurent Turping mat „Prendre de la Hauteur“ d’Chance d’Badeanstalt ästhetesch an Zeen ze setzen.

De Kënschtler Laurent Turping schafft ausschliisslech mat Holz, virun allem Eech, a realiséiert esou mat der See figurativ Wierker déi um Art Brut inspiréiert sinn. Mat sengem neiste Wierk wëll hien d’Passanten op d’Hierarchie vun de mënschleche Bezéiungen opmierksam maachen. „Ech formen d’Holz andeems ech mech vun natierleche Forme vum Material leede loossen a verbannen d’Freed un der manueller Aarbecht mat där, vun de mënschlechen Zesummentreffen. Ass d’Wierk bis installéiert loossen ech den natierleche Kräft d’Fräiheet, d’Aarbecht virunzeféieren.“

Laurent Turping

© Charles Soubry / Fotothéik

Bei „Prendre de la Hauteur“ huet den Artist exklusiv mat der See geschafft an d’Spuren dovu visibel op der Skulptur zeréck gelooss. Dëse réien Zoustand vum Holz soll als Synonym vun den Imperfektioune vum Mënsch stoen, sief et visuell, kierperlech, intellektuell oder ähnleches. Den Titel kann een dobäi an zwee Sënner verstoen: Op der enger Säit muss de Passant vun ënnen erop kucke, fir d’Persounen un der Spëtzt ze gesinn. Op der anerer Säit stinn d’Kraaft- a Muechtverhältnisser, déi, berechtegt oder och net, klammen oder zerécktrieden.

Opmaacherbild: © Charles Soubry / Fotothéik

Ähnlech Sujeten Art Brut, Badeanstalt, BOX, Héicht, Holz, Joël Rollinger, Konscht, Laurent Turping, Lydie Polfer, Prendre de la Hauteur, Skulptur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel