Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll
Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet.
Um Freideg huet déi politesch Wahlkoalitioun vun ADR a Wee
Zypern huet d‘Hëllef vun der EU ugefrot, well se de
Den George Alan O’Dowd, och bekannt ënnert dem Numm Boy George, populäre britesche Pop-Sänger, Liddermécher an DJ huet um Mëttwoch 14. Juni 1961 zu Bexleyheath am Kent (bei London) d’Liicht vun der Welt erbléckt. Hien ass an enger Zäit gebuer, déi och haut nach gären als déi vum Kale Krich bezeechent gëtt. Ee Kand vun der Baby-Boomer-Generatioun.
International unerkannt huet hien sech an de leschten drësseg Joer konnte mat ville verschiddene Projeten am Gespréich halen. Nieft sëlleche Publikatiounen am Rolling Stone Magazine, Mixmag awer och reegelméissegen Aluedungen op MTV, huet de Grammy-nomminéierten Artist eng Präsenz, déi all Alter, Faarf, Nationalitéit oder esouguer Relioun bis ewell iwwerzeege konnt.
Bis haut huet de Boy George eng 100 Millioune Single’s an ëm déi 50 Milliounen Albumen ënnert d’Leit bruecht. Dat elo haaptsächlech mat senger Grupp „Culture Club“ mee och als Solo-Artist. Hien ass haut nach weltwäit gefrot als DJ an leet och nawell gären an diverse Clibb op. Hie war do der niewent och Kolumnist am Daily Express, ass den Auteur vun zwee Bestseller an nach villem méi.
Säit 2011 ass et wuel eppes méi roueg ginn, woubäi de Boy George awer nach 2012 zu Melbourne an New York als DJ gesond ënnerwee war. 2013 huet hien och nach mat „Coming Home“ ee neit Lidd erausbruecht, dat hie mam Mikey Craig, alle Bandkolleg, zesumme geschriwwen huet. 2013 waren nach divers aner Projeten an d’Liewe geruff ginn, dorënner ee Studio Album „This is what I do“ deen de Boy George mat ee puer Frënn aus alen Zäite bei Kobalt Label Services erausbruecht huet.
Am Januar 2016 war hien als Mentor an der fënnefter Staffel The Voice UK an huet sech no nëmmen enger Staffel bäi The Voice Australia als Coach etabléiert wou en elo schonn seng sechst Staffel materlieft.
Foto © Jason Kempin/AFP