Search

You may also like

Parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch: wou ass de Problem… (e Gedankesprong)
International Neiegkeeten Stories

Parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch: wou ass de Problem… (e Gedankesprong)

Datt et wuel – zumindest dagsiwwer wann net grad Kollektivcongé

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!
International Neiegkeeten Stories

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!

Fir seng éischt Eenzelausstellung huet de Lëtzebuerger Artist Joël Rollinger de

Eng Bronzemedail bei de 7. Weltspiller am Militärsport
International Neiegkeeten Stories

Eng Bronzemedail bei de 7. Weltspiller am Militärsport

Déi 7. Weltspiller am Militärsport, déi vum 18. Oktober bis

Sultan rifft zum Boykott vu franséische Produkter op

Sultan rifft zum Boykott vu franséische Produkter op

Well den Emmanuel Macron nom Mord um Geschichtsproff Samuel Paty, eng Rei islamistesch a radikaliséiert Veräiner a Moscheeën zoumaachen an/oder verbidde gelooss huet, dréit elo de Recep Tayyip Erdogan op der Felg. Hien, deen sech als dee vum Prophet ausgewielte Leader vun der arabescher Welt gesäit, huet d‘Moslemen op der Welt opgeruff franséisch Wueren ze boykottéieren.

Et huet de leschte Weekend domadder ugefaangen datt de Sultan säi franséischen Homolog ganz eeschthaft opgefuerdert hat, säi Geeschteszoustand iwwerpréiwen ze loossen. Well den tierkesche President – änlech wéi säin amerikanesche Frënd – sech sengem Vollek als mächtegen a gefaarte President verkafe muss, an niewebäi vun engem neien osmanesche Räich dreemt, sollt een d‘Gefor vun engem bewaffente Konflikt net ënnerschätzen. Wat bei esou eppes erauskënnt, ass bekannt.

Boykott

Interessant och, datt de Recep Tayyip Erdogan engersäits behaapt, datt Europa a Frankräich am speziellen, mat den Mosleme géif ëmsprangen, wéi sengerzäit d‘Nazie mat de Judden. Dobäi mécht hie mat senger AKP, den Ament grad massiv Reklamm vun déi tierkesch Iwwersetzung vum Adolf Hitler sengem Bestseller „Mein Kampf“. Kléngt widderspréchlech? Net wann ee Sultan ass…

Et ass och relevant ze preziséieren, datt d‘Tierkei, nodeems dem Geschichtsproff ëmbruecht gouf – dat erwisenermoosse wëll dësen et gewot hat am Kontext vun engem Cours zur Meenungsfräiheet Mohammed Karikaturen ze weisen – zu kengem Zäitpunkt, der franséischer Regierung kondoléiert huet. Net emol d‘Dot selwer gouf denoncéiert. Dofir dann elo den Appell zum Boykott, dee vu ville Länner esou däitlech matgedroe gëtt. Argument: De Macron hätt ee Problem mat Moslemen.

Wann d‘Afferroll zougeschnidden ass

Streng geholl, kéint et dem Recep Tayyip Erdogan egal sinn, datt ee zu Moskau gebiertege, an du radikaliséierten Tschetschen, vu grad emol 18 Joer, d‘Faass zum iwwerlafe bruecht huet. No de sëlleche reliéis motivéierten Uschléi, Attacken an Ermordungen (Charlie Hebdo, Bataclan…) huet dës lescht Dot, eng politesch Reaktioun erausgefuerdert, déi kollateral Schied mat sech bréngt.

Dem Sultan vun Ankara, deem jo eigentlech un enger gudder Bezéiung zur Europäescher Unioun sollt geleeë sinn, sinn hei awer net d‘Päerd duerchgaangen, an hie verschwent och kee Gedanken un den 18 järege Mäerder. Nee hei gëtt den Dissens forcéiert an iwwersinn, datt d‘Tierkei den Ament matten an enger zolitter Wirtschaftskris stécht. Sech dann och bei de Russe mat Loftofwierrakéiten anzedecken, wat bannent der NATO fir „Gespréich“ suergt, kann net als „Intelligent“ gesi ginn.

BoykottAn engem „Women-Only“ Geschäft zu Tripolis (Libyen) wou den tierkeschen Afloss jo mat der Ënnerzeechnung vun engem militäreschen a wirtschaftleche Kooperatiounsofkommes zementéiert gouf, déngt elo dem Emmanuel Macron säi Gesiicht derzou de moslemesche Fraen de richtege Sécherheetsofstand anzehalen. D‘Geschäft betount awer, géintiwwer alle Reliounen a Vëlker tolerant ze sinn. © The Libya Observer

Wann een also esou zimmlech alles falsch mécht, ganz däitlech op Expansiounskurs ass an och ganz aktiv an Konflikter (Berg-Karabach, Libyen a Syrien) agräift; een doriwwer eraus der Terrormiliz „Islamesche Staat“ (IS) esou no steet, wéi ee vun de Kurden ewech ass; dofir kaum bis guer net vun der Weltgemeinschaft gezësst gëtt, da kann een de Ball jo weider lafe loossen a d‘Grenze préiwen.

Elo awer der franséischer Regierung eng Hexejuegd op d‘Moslemen ze ënnerstellen, an zousätzlech de Boykott ze fuerderen, muss vun der Europäescher Unioun gekontert ginn. Natierlech gëtt sech ëmmer nees op d‘Karikature bezunn, vun deenen sech reliéis Fundamentalisten ugegraff fillen. Pech fir si datt esou eppes zur Meenung- a Pressefräiheet gehéiert, an ziviliséiert Gesellschaften d‘Recht an d‘Fräiheet iwwert de reliéise „mimimi“ stellt. Ganz ofgesinn, datt dat fir all Reliounsform gëllt.

Wéi d‘Unioun Paräis bäistoe kann a muss

Wann et allgemeng gesinn, ee verstouss géint d‘Grondsätz vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) ass, als Land zum Boykott géint d‘Produkter vun engem anere Land opzeruffen, esou sollt dat am europäesche Kontext nach eppes méi Bedeitung hunn. Ëmmerhi genéisst d‘Tierkei ee privilegiéierten Zougang zum EU-Bannemaart, a wier am dem 1. Januar besser dru wéi d‘Britten.

Stellt sech also d‘Fro op d‘EU-Kommissioun bereet ass, den Appell zum Boykott vun engem mat Handelsprivilegien ausstafféierten Drëttland mat Bäitrëttsambitiounen, stëllschweigend ze toleréieren oder et dës Kéier als noutwenneg unerkennt emol mat der Fauscht op den Dësch ze schloen. Den Ament gesäit et jo emol duerno aus, wéi wann d‘Ursula von der Leyen, et Berlin iwwerloosse wéilt, dësen neierlechen Dissens ze arbitréieren. D‘Tierkei ass jo och ee Partner…

Boykott

A wärend also op der politescher Weltbühn de Remake vum Weltebrand opgefouert gëtt, bréngen dem Sultan Recep Tayyip Erdogan seng Aussoen, déi tierkesch Diaspora an d‘Laberenten. Sécher, déi grouss Majoritéit vun den Tierken am Ausland steet politesch a reliéis hannert dem Leader a dësem sengem Dram vun enger osmanescher Weltmuecht, mee déi wëllen och am Luxus liewen.

Ob tierkesch Epicerie oder Fast-Food Restaurant, ob Reesbüro oder Autoshändler… wann et drëms geet sech am Boykott ze üben, an esou de Kommunitarismus ze stäipen, dierft ee séier den Tour vum Problem gemaach hunn. Interessant hei: tierkesch Geschäftsleit goufen zu Paräis gefrot wéi si dat gesinn. D‘Tierken si sech eens, wann de Chef de Boykott fuerdert, wäert een deem entspriechen.

mat indymedia/par/ber/tlv

Foto: Déi staatsfrëndlech Medien si ganz op der Linn vum Sultan. Ob ee Boykott vu franséische Produkter awer elo soll de richtege Wee sinn, muss sech nach erweisen.

Related topics Boykott, Communautarissem, Emmanuel Macron, Frankräich, Islamismus, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post