Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Nëmmen d’Halschent vun de aarbechtslose jonke Leit an der EU géif fir eng Aarbecht plënneren
International Neiegkeeten

Nëmmen d’Halschent vun de aarbechtslose jonke Leit an der EU géif fir eng Aarbecht plënneren

Grad emol 50% vun den Aarbechtslosen am Alter vun 20

ZAZ zu Lëtzebuerg – op enger Rees duerch franséisch Dreem
International Neiegkeeten

ZAZ zu Lëtzebuerg – op enger Rees duerch franséisch Dreem

E Freideg war déi franséisch Sängerin Zaz an der Rockhal

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada
International Neiegkeeten

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada

Zu Jerada, eng vu Gott vergiesse Gemeng am Norde vum

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of

Wéi et en héije Responsabel vun der Exekutive, déi den 1. Januar 2019 hir Funktioun ophëlt, e Méindeg bestätegt huet, gëtt et an der neier brasilianescher Regierung vum Jair Bolsonaro, keen Aarbechtsministère.

Et bléist en neie Wand

D‘Attributioune vum Aarbechtsministère ginn haaptsächlech vum Justizministère iwwerholl. E puer Saache falen an den Zoustännegkeetsberäich vum Wirtschaftsministère, an aneres gëtt vum neie Ministère vun der Citoyennetéit behandelt. Esou zumindest d‘Annonce vum zukünftege Minister vum „Biergerhaus“, Onyx Lorenzoni, dee sech aktuell ëm d‘Transitioun këmmert.

Ufank November hat de Jair Bolsonaro annoncéiert, datt am Kontext vu sengem Plang, d‘Zuel vun de Ministèren ze reduzéieren, den Aarbechtsministère géif verschwannen. Dat hat him zolidd Kritik säitens dem betraffene Ministère abruecht, an och vun de Gewerkschafte gouf dës Entscheedung veruerteelt.

Weider Deklaratioune vum zukünftege President, haten een Ament laang den Androck opkomme gelooss, hie wier op seng Entscheedung zréckkomm. De faschistesche Politiker, hat en ähnlecht Zécken och bei anere Ministère, wéi dem vun der Ëmwelt, duerchblécke gelooss.

Verfassungsrechtlech diskutabel

An engem Communiqué huet den aktuellen Aarbechtsminister, Caio Viera de Mello, gemengt, datt d‘Zerschloe vun dësem Portefeuille, géint d‘Verfassung verstéisst.

„D‘Attributioune vum Aarbechtsministère op méi Portefeuillen ze verdeelen, ouni datt et Moossnamen zu demokratesche Kompensatioune gëtt, bedeit, datt ee vun de Kader verschwënnt, wou et nach en Dialog tëscht den Aarbechter, de Patronat an dem Staat gëtt. Esou eppes ass essentiell fir d‘Gläichgewiicht vun de professionelle Relatiounen ze garantéieren“, esou de Minister.

Fir den Vagner Freitas, President vun der CUT, deen der Aarbechterpartei (PT) vum fréiere President Lula nosteet, ass d‘Ofschafe vun dësem Ministère, an engem Land mat 13 Millioune Chômeure an 43% „informell Wirtschaft“, e Mangel u Respekt géintiwwer all deenen déi schaffen, an e erkläerter Moossen, e Kaddo fir d‘Patronat.

Wat sech nach esou verännert

Den Onyx Lorenzoni huet e Méindeg och d‘Struktur – déi am Prinzip definitiv ass – vun der neier Regierung virgestallt. Hei soll et nach 22 Ministère ginn: 20 funktionell an 2 eventuell.

No senger Wal am Oktober, hat de Jair Bolsonaro versprach, d‘Zuel vun den aktuelle Ministèren ze ëm d‘Hallschent ze reduzéieren. Dat sinn der 29. Hien huet elo awer erkläert, dat aus funktionelle Grënn, dëst Verspriechen net ganz ze halen ass.

De President huet zur Stonn 20 Minister fir seng Regierung nominéiert, dorënner siwen Offizéier. Aus ekonomescher Siicht, presentéiert sech déi Regierung als liberal, gesellschaftlech gëtt eng streng konservativ Linn gefuer. Et mussen nach Leit nominéiert ginn, déi sech der Ëmwelt an de Mënscherechter unhuelen.

mat AFP

Foto: Den Onyx Lorenzoni (l) zukünftege Kabinett-Chef vun der Bolsonaro-Regierung, an de Paulo Guedes, zukünftege Finanzminister, gehéieren zum haarde Kär. © Evaristo SA/AFP

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, Brasilien, Faschismus, Jair Bolsonaro, Onyx Lorenzoni
Nächsten Artikel Virrechten Artikel