Search

You may also like

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
International Neiegkeeten

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen

Scho säit 2009 ass et d’Missioun vun der Fondatioun EME,

dislike
Dieschbourg: „keng Renaissance vum Atom erlaben“
International Neiegkeeten

Dieschbourg: „keng Renaissance vum Atom erlaben“

Um Donneschdeg huet Lëtzebuerg sech iwwert eng manifest „concurrence déloyale“

EHF-Cup: Dem Handball Käerjeng geléngt den Exploit
International Neiegkeeten

EHF-Cup: Dem Handball Käerjeng geléngt den Exploit

Um Sonndeg ass an der Hal zu Käerjeng de Retourmatch

Brasilien betrëtt eng nei Ära

Brasilien betrëtt eng nei Ära

Wa sech Rio de Janeiro zum Joreswiessel vu senger entspaanter Säit presentéiert, et op der Plage vu Copacabana net emol méi Plaz fir e Läppche gëtt, dann ass op den éischte Bléck alles an der Rei. Mee dat neit Joer bréngt Brasilien Verännerung. Haut trëtt den Jair Bolsonaro säi Mandat als President un. Hien hat während dem Wahlkampf provozéiert a vill versprach, elo gëtt et Eescht.

Mat 55,13% hunn d‘Brasilianer am Oktober en homophoben an nationalistesche President gewielt. De Jair Bolsonaro, op deen de Spëtznumm „Trump vun den Tropen“ passt wéi d‘Fauscht op d‘A. Fir seng Ënnerstëtzer ass de fréiere Parachutist an Diktaturnostalgiker „Hoffnung“, de Messias dee fir Sécherheet suergt an d‘Korruptioun bekämpft. Fir seng Géigner ass hie just en Haasspriedeger.

Während der Campagne huet den ex-Offizéier d‘LGBTQ-Communautéit, déi Schwaarz, an déi lénk haart ugegraff, hien huet vun der Militärdiktatur geschwäermt, e grousse Kulturwandel annoncéiert a versprach „opzeraumen“. Hie verleegent de Klimawandel, versprécht Wirtschaftswuesstem a manner Alldagskriminialitéit. De Jair Bolsonaro huet sech vill virgeholl, Erwaardungen erwächt…

Eng äerzkonservativ Allianz

Eleng ass de Jair Bolsonaro net. Seng politesch Allianz, déi aus der Agrarloobby, konservativen Evangelisten a villen Offizéier aus der Arméi besteet, soll déi „Muecht“ duerstellen, déi sech der Korruptioun an der Kriminalitéit entgéint stellt. Esou huet d‘Vollek entscheet. No ville Verfeelunge vun der Aarbechterpartei PT, war e „weider esou“ fir d‘Majoritéit vun de Brasilianer net méi dran.

Dofir kéint et a Brasilien elo zu radikale Verännerunge kommen: d‘Rechter vun de Minoritéiten, de Klimawandel, mee och am Beräich Bildung an Educatioun, dierften déi éischt Affer vum „Wandel“ ginn. Eng Suerg, déi sech unhand dem Jair Bolsonaro senger Rhetorik beleeë loossen. Eng Rhetorik déi schonn zu Stëmmungsverännerungen am Land gefouert huet, an d‘Gesellschaft spléckt.

Als Beispill kann een uféieren, datt villes nees ëffentlech ausgeschwat gëtt, wat de „Respekt“ fréier net zougelooss huet. Interessant och d‘Approche vun der neier Regierung zur Educatioun. Déi huet esou guer kee Versteesdemech dofir, datt am Enseignement Theme wéi „Homosexualitéit“ um Programm stinn. Och hätten sech Minoritéiten ënnerzeuerdnen, wat si och vun de Fraen erwaarden.

De Géigner huet e klore Profil

Et dinn sech bedenklech Zäiten op, an et stellt sech d‘Fro, op Deputéierter wéi de Jean Wyllys (Partei fir Sozialismus a Fräiheet – PSOL) eng Zukunft hunn. Hie verkierpert alles, wat den neie President op d‘Blutt net ausstoe kann: dem Mann ass Homosexuell a vertrëtt eng lénk Politik. Säit de Jair Bolsonaro gewielt ass, gëtt hien dagdeeglech diffaméiert a bedreet.

Am Fréijoer war seng afrobrasilianesch Parteikollegin a Feministin, Marielle Franco, erschoss ginn, an de PSOL-Deputéierten huet Persouneschutz erhalen. Fir de President sinn de Jean Wyllys, a Leit vu senger Zort, eng „Bedreeung fir d‘Welt“. An de Jair Bolsonaro leet nach eng Drop: „De Wyllys interesséiert sech weder fir de Klimawandel, Flüchtlingen, Minoritéiten oder Aarmut“.

Dat si Wierder déi den Industriellen hir Häerzer erfreeën. Besonnesch d‘Agro-Industrie setzt grouss Hoffnungen an de Jair Bolsonaro, dee versprach huet d‘Landwirtschaft an de Biergbau ze entwéckelen. E Verspriechen dat nëmmen op Käschte vum Reebësch ze halen ass. An de Mann ass konsequent: hie wëll wéi säin amerikanescht Virbild aus dem Paräisser Accord austrieden.

Eng optimistesch Wirtschaft

Zu Sao Paolo, de brasilianesche Wirtschaftszentrum, ass een zouversiichtlech. Hei geet et manner ëm d‘Politik u sech, dofir geziilt ëm Profitmaximéierung duerch eng fir d‘Industrie favorabel Legislatioun. Si dierften sech géigesäiteg zefridden op d‘Schëllere geklappt hunn, wéi annoncéiert gouf, datt et ënnert dem Jair Bolsonaro keen Aarbechtsministère méi gëtt.

Nouvellen, déi besonnesch bei den däitschen Industrielle gutt ukomm sinn. Laut der däitsch-brasilianescher Industrie- an Handelskummer, gëtt et a Brasilien ronn 1.400 däitsch Entreprisen. Déi erwaarden sech elo ënnert dem neie President eng positiv Entwécklung a méi Stabilitéit. D‘Rhetorik vum Jair Bolsonaro stéiert hei keen, esoulaang wéi si sech finanziell gutt stinn…

An de Minister fir Wirtschaft, Finanzen, Industrie a Privatiséierung, Paolo Guedes, presentéiert sech als Hoffnung. Hie wëll e Fräihandelsofkommes tëscht der EU a Mercosur (de südamerikanesche Bannemaart) op de Wee bréngen, wäitreechend Privatiséierungen an dat komplizéiert Steiersystem vereinfachen. Géint d‘Korruptioun gëtt de Riichter Sergio Moro, elo Justizminister, agesat.

Foto: Archiv © AFP

Related topics Brasilien, Diktatur, Faschismus, Homophobie, Jair Bolsonaro, Militär
Next post Previous post