Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)
International Neiegkeeten Stories

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)

Zu Stockholm fänkt haut d‘Konferenz „Global Network for Road Safety

Frankräich: Zwee Polizisten absichtlech mam Auto ugestouss
International Neiegkeeten Stories

Frankräich: Zwee Polizisten absichtlech mam Auto ugestouss

E 29 Joer jonke Fransous huet zu Colombes (Hauts-de-Seine) huet

Och déi aner Alternativen an der Mobilitéit respektéieren.
International Neiegkeeten Stories

Och déi aner Alternativen an der Mobilitéit respektéieren.

Här Premierminister, Et war mat groussem Interessi wou mir den

Brasilien: De Marsch vun de Fraen

Brasilien: De Marsch vun de Fraen

Um Protest fir d‘Fraerechter a géint d‘Bildungspolitik vun der Regierung hunn sech zéngdausende Mënschen a Brasilien bedeelegt. Och d‘Ausbeutung vun den indigene Vëlker gëtt demonstréiert.

Si wëllen zum Kongress an der Haaptstad Brasilia: et ass den éischte Marsch vun indigene Fraen a Brasilien. Op de breede Boulevarden trommelen an danzen si um Wee an de Regierungsbezierk. Hiren Appell: „Mir kämpfe fir d‘Chance vun de Fraen a weisen datt och mir de Fortschrëtt kënnen. Elo schléit eis Stonn!“. Organiséiert huet dëse Marsch d‘Maze Morais, eng „Klengbauerin“…

„De Protest steet fir all d‘Fraen a Brasilien. Gefuerdert gëtt e Geschäftsmodell dee fir Gläichheet steet“, esou d‘Maze Morais, déi scho fir déi fënnefte Kéier op de Stroosse vun der Haaptstad fir d‘Rechter vun de Frae militéiert. E Kampf deen zanter 36 Joer gefouert gëtt, ouni datt et gefillt besser gi wier. Ugefaangen hat alles mat Mord um Margarida Maria Alves am Joer 1983.

D‘Margarida Maria Alves war d‘Leaderin vu Klengbaueren am äermleche Bundesstaat Paraiba. Si huet sech fir eng méi gerecht Verdeelung vun de landwirtschaftleche Flächen agesat. A Brasilien gëtt et wéinst de „Landkonflikter“ regelméisseg Doudeger, mee den Dout vum Margarida Maria Alves war „een ze vill“ an zanterhier ginn all véier Joer d‘Fraen op d‘Strooss a fuerdere Rechter.

Zu Rio géint d‘Bildungspolitik

Virun der Demonstratioun zu Rio de Janeiro ass et ähnlech faarweg zougaangen. Hei hunn sëlleche Studentinne mat liicht iwwerdimensionéierte Bläistëfter aus Kartong eng symbolesch Schluecht géint eng maskéiert Persoun gefouert déi eng gläichfalls iwwergrouss Schéier an der Hand hält. D‘Mask „verkleet“ d‘Gesiicht vum faschistesche President, Jair Bolsonaro…

Brasilien

© Fars News Agency

An et waren dann och net d‘Fraen eleng déi, sech der presidentieller Bildungspolitik an de Wee gestallt hunn. Eng 10.000 Akademiker aus dem ganze Land ware bei d‘Candelaria-Kierch komm, dat alles fir géint d‘Aspuerungen am Bildungsberäich ze protestéieren. Ënner Schloreen huet de Marsch sech a Bewegung gesat… Vill jonk Leit si vum Austeritéitsprogramm betraff.

BrasilienEng Studentin huet ënnerstrach, datt si nëmme wéinst de Reforme vun der virechter Regierung studéiere konnt. Elo awer muss op hirer ëffentlecher Uni „gespuert“ ginn, an do gëtt beim Waasser an dem Stroum ugefaangen. Wien awer a Brasilien aus enger Aarbechterfamill kënnt ass eigentlech ëmmer op eng Bourse ugewisen. Dës Boursse wëll de brasilianesche President ofschafen.

Demonstratiounen am ganze Land

An iwwer 200 brasilianesche Stied fannen d‘Demonstratioune géint dem Jair Bolsonaro seng Bildungspolitik statt. Studenten, Proffen a Wëssenschaftler hunn d‘Angscht, datt déi „fräi Héichschoulbildung“ ganz kéint ofgeschaaft ginn, an et nëmmen nach privat Institutioune géif ginn, wat enger Majoritéit vu Studenten de Wee zu héijere Schoule gänzlech verspäre géif.

Brasilien

© Midia Ninja

Op hire Plakater war dann och ze liesen: „Ons Zukunft dierf net privatiséiert ginn“. Dat awer wier ganz am Sënn vum Diktaturnostalgiker deen am Volleksmond och als „südamerikaneschen Trump“ verkläert gëtt. An de Jair Bolsonaro weess wou een de „Routstëft“ esou muss usetzen, datt d‘Vollek „domm bleift“, wat et – esou seng ganz inneg Iwwerzeegung – besser regéierbar mécht.

Esou sollen d‘Subventiounen an Héicht vun 78 Milliounen Euro fir Schoulbicher (Grondschoul) agefruer ginn. Schonn am Abrëll hat déi faschistesch Regierung beschloss, d‘Zouwennunge fir ëffentlech Héichschoulen ëm 30% ze kierzen. Domatter ënnerwanderen de President a seng onséileg Gesellen alles woufir Brasilien jorelaang gestanen huet: „Fräi Bildung fir jiddereen“.

Den nationale Konsens a Fro gestallt

Ënnert den Demonstrante waren och e sëlleche Gewerkschaftler an Unhänger vun der lénker Aarbechterpartei. Si hate Pechbiller mat „Lula Livre“ (Fräiheet fir de veruerteelten ex-President Lula da Silva). Mat deem sinn awer vill Brasilianer am Clinch. De „Sozialist“ a virun allem seng Partei war – dat schéngt zumindest erwisen – wéi all déi aner Parteien och korrupt bis op d‘Schank.

A während a (bal) ganz Brasilien géint d‘Bildungspolitik demonstréiert gëtt, stinn zu Brasilia d‘Fraen op der Strooss an och dat ass e klore Protest géint de Jair Bolsonaro. Dësem seng Siicht op d‘Konditioun vun der Fra ass bekannt: hien ass net nëmme misogyn bis an déi déck Zéif, hie stäipt sech och géint Gläichberechtegung a gläiche Loun. Dat wier u sech scho schlëmm genuch, mee…

Brasilien

© Midia Ninja

De Faschist stellt als éischte President deen zanter 1980 bestoenden nationale Konsens a Fro. Hie wëll déi indigen Territoire fir den Ofbau vu Ressourcen (Minièren) an den Ubau (Landwirtschaft) fräi ginn. D‘Urawunner hätten sech gefällegst u modern Liewensweisen unzepassen a sollen an d‘Stied zéien. Hätt et nach eng Diktatur, wier dem Bolsonaro och Schlëmmeres zouzetrauen.

mat indymedia/ccs/cvg

Foto: © Midia Ninja

Ähnlech Sujeten Ausbeutung, Bildung, Brasilien, Indigen Vëlker, Jair Bolsonaro, Klengbaueren, Marsch vun de Fraen, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel