Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ClimateXchange – Kloer Fuerderungen, Iddien a Proposen vun der CNEL!
download match dating apk https://moien.lu/free-christian-dating-sites-in-south-africa/

tips for dating a highly sensitive person

Nom Klimastreik vum 15. Mäerz, bei deem 15.000 Schüler op

https://moien.lu/swipe-left-dating-apps-have-killed-romance/
download match dating apk https://moien.lu/free-christian-dating-sites-in-south-africa/

Virtual Reality Pavillon – een neie Rekord mat méi wéi 3000 Visiteuren

Et kann een definitiv bestätegen: de Virtual Reality Pavillon huet

Wantervullenzielung 2019: D’Märel als grousse Gewënner!
download match dating apk https://moien.lu/free-christian-dating-sites-in-south-africa/

Wantervullenzielung 2019: D’Märel als grousse Gewënner!

Um leschte Weekend vum Januar war d’Wierder nees vun Niwwel,

Brasilien: Éischt Massaker an de Favelaen?

Brasilien: Éischt Massaker an de Favelaen?

De Jair Bolsonaro, Diktaturnostalgiker an erkläerte Faschist, hat während senger Wahlcampagne versprach sech der „Kriminalitéit“ unzehuelen, an huet et nach emol bei Amtsuntrëtt widderholl. Elo no 100 Deeg un der Spëtzt vu Brasilien, setzt dee Mann, deen och als de „südamerikaneschen Trump“ presentéiert gëtt, säi Verspriechen an d‘Dot ëm. Elo kënnt et zu éischten Hiriichtungen.

Wéi eis Kollege vum „Weltspiegel“ et an hirer Reportage duerstellen, ass d‘Situatioun wäit méi wéi nëmme besuergnesereegend, an och Mënscherechtler beriichte vun onbeschreiflechen Exactiounen. Esou Ufank Februar, wou Spezialeenheeten an d‘Favela Fallet zu Rio de Janeiro agedronge ware fir Drogendealer „onschiedlech“ ze maachen. Et ass elo ersiichtlech, datt et e Massaker war…

Nodeems d‘Operatioun vum „Sonnerkommando“ ofgeschloss war (8. Februar) huet sech den Awunner vun der Favela kee schéint Bild opgedoen. 13 doudeg Jugendlecher hunn däitlech Spure vun enger Hiriichtung opgewisen, woubäi d‘Autopsieberichter eng aner Geschicht erzielen, an zwar déi wou vun den Autoritéite geneemegt ass. De rechtleche Kader gëtt esou ausgehiewelt.

Sech dem „Wouscht“ entleedegen

Säitens der ONG „Rio de Paz“ gëtt bericht, datt vun engem Tuerm, deen um Gelänn vun enger Police-Kasär geleeën ass, op déi géigeniwwer geleeë Favela Manguinhos geschoss gëtt. D‘Police dementéiert net a bestätegt, datt Sniper op bewaffent Krimineller schéisse géif. Et kënnt bei esou Operatiounen och zu kollateralen „Affer“, an et schéngt ee bereet ze sinn dëse Präis ze bezuelen.

Dat geet och aus engem Communiqué vum Gouverneur Wilson Witzel – e Vertraute vum Bolsonaro – ervir, andeem bestätegt gëtt, datt Sniper verdeckt operéieren. Dobäi kommen Onschëlleger ënnert d‘Rieder. Dat wier einfach esou an engem Krich, heescht et hanner virgehalener Hand, an et ass och keen Zoufall, datt d‘Favelaen dat primäert Zil vun enger „Botzaktioun“ sinn, déi annoncéiert war.

Interessant an dësem Kontext, a wëll et sech jo ëm déi vun der Gesellschaft „vergiessen“ handelt, gëtt et zu dëse Virfäll keng Kritik. Am Géigendeel, déi brasilianesch Zivilgesellschaft schéngt begeeschtert, datt de Jair Bolsonaro säi Wahlverspriechen, d‘Kriminalitéit auszerotten, an d‘Dot ëmsetzt. Kritik gëtt et leedeglech un de verbalen „Ausrutscher“ vum brasilianesche President.

Geschichtsfälschung?

E President deen erkläert datt et a Brasilien ni e Militärputsch ginn huet, mee seng Zaldoten uweist de Joresdag vun der Aféierung vun der Diktatur (1964) ze feieren. Iwwerhaapt wier „Diktatur“ dat falscht Wuert fir d‘Befreiung vum Sozialismus, en de Jair Bolsonaro huet ugeuerdent, datt dës Bezeechnung aus de Schoulbicher ze sträichen ass. Dat awer gesi vill Brasilianer eppes anescht.

Brasilien

Woubäi de Faschist net nëmmen am eegene Land säi wierklecht Gesiicht weist. An et ass eigentlech en Trappewitz vun der Geschicht, datt et grad den ultrakonservative Benjamin „Bibi“ Netanyahu war, deen de Jair Bolsonaro zu engem Besuch vun der Klomauer zu Jerusalem agelueden hat. Deen huet sech an der Gedenkstätte Yad Vashem missen unhéieren, datt d‘NSDAP eng „lénk Partei“ war.

Mee den demokratesche Prozess ass ofgeschloss, an d‘Regierung setzt ëm wat de Jair Bolsonaro vun hir erwaart. Déi zoustänneg Minister setzen déi wirtschaftsfrëndlech Politik vum Chef ëm. Et gëtt masseg nei Pestiziden zougelooss, ganz esou wéi dat vun den Konzerner gefuerdert gouf. Als „Géigeleeschtung“ sträicht der Regime d‘Fërdermëttel fir Fuerschung an Universitéiten.

A wann et sécherlech richteg ass ze bemierken, datt no 100 Deeg am Amt, de President nach grad emol vun engem Drëttel vun der Bevëlkerung gedroe gëtt, esou ass et net falsch festzestellen, datt een sech dat unhand senger Campagne an Aussoen hätt denke kënnen. Dat mam „Denken“ ass esou e Problem, well et geet zwar op d‘Etikett gekuckt, net awer wéi en Inhalt sech derhannert verstoppt.

mat indymedia/ber/tlv/ccs/lon

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Brasilien, Faschismus, Favelaen, Jair Bolsonaro, Kriminalitéit, Rio de Janeiro
Nächsten Artikel Virrechten Artikel