he removed his dating profile
1989 war et am kommunistesche China zu engen „Virfall“ komm
Den ieweschte brasilianesche Geriichtshaff huet um Mëttwoch d‘Suspensioun vun de Police-Operatiounen an den Universitéite confirméiert, wou Studenten sech géint de frësch gewielte President Jair Bolsonaro opstellen.
Déi néng Riichter vum ieweschte Bundesgeriicht (STF) waren der Usiicht, datt d‘Interventioune vun der Police op den Universitéiten, d‘Meenung- a Gedankefräiheet beaflossen. En Uerteel, dat een als „Prezedenzfall“ ka gesinn, am Kontext vun de Spannungen, déi duerch d‘Wal vum, Jair Bolsonaro entstane sinn.
Him gëtt virgeworf, en ex-Zaldot, mat enger nostalgescher Näipung fir d‘Diktatur (1964-1985) ze sinn. De Jair Bolsonaro mécht allerdéngs och keen Heel aus sengem Haass géintiwwer der Lénker, an huet och fir „sonsteg“ Minoritéiten iwwreg.
„Et gëtt keen demokratescht Recht ouni Respekt virun de Fräiheeten (…). Déi eenzeg legitim Force déi d‘Universitéiten anhuele kann, ass déi vun de fräien a villfältegen Iddien. All aner muss ee mat Tyrannei gläichsetzen“, esou d‘Rapportrice vum Text, d‘Riichterin Carmen Lucía Antunes. Hir Deklaratioun ass eestëmmeg vun den aneren aacht Riichter ënnerstëtzt ginn.
Um Virowend vum zweeten Tour vun der „Presidentielle“ leschte Sonndeg, déi vum Jair Bolsonaro zum Nodeel vum Fernando Haddad (Kandidat vun der Aarbechterpartei PT) gewonne gouf, ware Polizisten an Héichschoulen an Universitéiten agedrongen.
Zil vun dësen Operatioune war et, ze verhënneren, datt Konferenzen zur Demokratie ofgehale ginn. Et ass och drëms gaangen antifaschistesch Plakater vun de Maueren ze räissen. Hiren „Optrag“ hunn d‘Poliziste vu Wahl-Geriichter erhalen, déi der Usiicht waren, datt dës „Aktivitéiten“ eng illegal Propaganda géint de Kandidat Bolsonaro duerstellen.
Studenten a Professeren haten d‘Interventiounen als „Zensur“ bezeechent. Schonn um Samschdeg hat d‘Riichterin Carmen Lucía Antunes d‘Operatioune vun der Police suspendéiert, fir esou d‘Recht op fräi Meenung an Denke sécherzestellen.
De neie President vu Brasilien hat sech scho mam „Corps Enseignant“ ugeluecht, wéi hie Proffe, déi hie mam Numm a Virnumm genannt huet, beschëllegt huet, d‘Regimmer vu Kuba a Nordkorea virun de Schüler ze verdeedegen. Dat ganzt an enger am Internet verëffentlechter Videoopnam. Elo kuckt déi ganz Welt gespaant op Brasilien, an hofft drop, datt d‘Demokratie erhale bleift.
mat AFP
Foto: D‘Studente vun der Federal Fluminense University (UFF) haten um Méindeg demonstréiert, nodeems e Riichter ugeuerdent hat, datt d‘Militärpolice an Inspektere vum regionale Wahl-Geriicht den antifaschistesche Banner vun der Schoulfassad sollen erofhuelen. D‘Geriicht hat et fir erwise gehalen, datt dëse Banner an aner antifaschistesch Plakater eng illegal Campagne géint de Kandidat Jair Bolsonaro duerstellen. © Mauro Pimentel/AFP