Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos
International Neiegkeeten ugo dating site

https://moien.lu/lucknow-dating-sites/

Den Orkan Friederike huet en traurege Bilan hannerlooss: néng Doudeger

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen
International Neiegkeeten ugo dating site

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen

Iert mer zu de Resultater vun eiser klenger Ëmfro kommen,

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?
International Neiegkeeten ugo dating site

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?

Um Dënschdeg war den Ausseminister Jean Asselborn zu Tirana an

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach

No Däitschland wëll och Norwegen dem faschistesche Regime kee Goss méi hannen erastiechen

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach

Et ass de norwegeschen Ëmweltminister Ola Elvestuen deen der brasilianescher Regierung virwërft den Accord mat de Geldgeber Däitschland an Norwegen gebrach ze hunn, wéi si decidéiert huet de Reebësch am Amazonas aus wirtschaftlechen Iwwerleeungen eraus, massiv ofzeholzen. Ënnert dëse Konditioune wier et net méiglech déi 30 Milliounen Euro „Finanzhëllef“ fir de Reebësch ze ginn.

An Norwegen ass mat Ofstand de gréisste Financier vum Amazonas-Fonds. Iwwer déi lescht zéng Joer huet Oslo wäit iwwert eng Milliard Euro an dëse Fonds abezuelt, Däitschland ëmmerhin nach 55 Milliounen Euro. De leschte Weekend hat déi däitsch Ëmweltministesch, Svenja Schulze, schonn ugekënnegt, d‘Fërderung vun der Schutz- a Biodiversitéitsprojete bis op Weideres auszesetzen.

D‘Politik vum faschistesche President Jair Bolsonaro hätt Zweiwel opkomme gelooss, datt een de Wee zur konsequenter Reduzéierung vun der Ofholzung am Amazonasgebitt weiderhi wëll goen. A 35 Milliounen Euro aus dem Fonds vum däitschen Ëmweltministère sinn dann elo och gestoppt ginn. Den Entwécklungsminister Gerd Müller, well den Amazonas-Fonds awer nach net opginn.

Eppes zur Virgeschicht

Wann een am Wahlkampf der Industrie a Wirtschaft grouss Zougeständnesser mécht, generell wéi säi Virbild am Wäissen Haus de Klimawandel fir „dommt Gespréich“ hält, a vun den indigene Vëlker erwaart hir Liewensweis opzeginn a gefällegt an d‘Stied ze zéien, dann ass et nëmme Konsequent, de Féierungscomité vum Amazonas-Fonds kuerzerhand ofzesetzen. Déi hënnere just…

An dësem Comité hu Vertrieder vun der Regierung, de Bundesstaaten an der Zivilgesellschaft siegéiert. Si haten d‘Verantwortung iwwert de Choix vun de Projeten, déi vum 2008 gegrënnte Fonds matfinanzéiert gi sinn. An éischter Linn sollt mam Geld verhënnert ginn, datt weider Bësch ofgeholzt, dofir méi Beem geplanzt an déi indigen Vëlker finanziell ënnerstëtzt solle ginn.

Eng u sech lueflech Initiativ, déi ab 2010 gutt Resultater Opweises hat. D‘Ofholze vum Reebësch konnt drastesch reduzéiert ginn, wat bei der Agrarindustrie op wéineg Versteesdemech gestouss ass. Op Véiziichter oder Sojabaueren, si alleguerten „produzéieren“ op industriellem Niveau, versauen d‘Biedem méi séier wéi si hinnen an d‘Hänn falen a brauchen zudeem ëmmer méi Flächen.

Wann een de Goss net brauch

An eppes kann een dem Jair Bolsonaro net falsch maachen: „Brasilien ass net op d‘Geld ugewisen“, esou de brasilianesche President, an hien huet Recht. Weder hien nach seng Gesellen a schonn emol guer net d‘Industrie, hu vun dësem Geldseege profitéiert. Mamm Goss si Beem geplanzt an déi am Gebitt liewend Urvëlker ënnerstëtzt ginn. Och ONGen hu vun dësen Zouwennunge profitéiert.

Mee déi „Netregierungsorganisatiounen“ sinn dem Jair Bolsonaro säi „rout Duch“, an déi spieren zur Zäit den Drock op hire Schëlleren. Si ginn net eleng un hirer Projete gehënnert, mee däitlech a bewosst kriminaliséiert. Woubäi de President och mat den eegene Leit kuerze Prozess mécht, wann déi sech erlaben hirer Aarbecht „wéi gewinnt“ nozegoen. Esou den Ëmgang mam INPE-Direkter.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt och dat europäescht Staatebündnis et net wierklech eescht mam Schutz vum Reebësch mengt. Wéi soss ass et méiglech, datt d‘EU-Kommissioun mat de Mercosur-Staaten sech op Schafung vun der weltwäit gréisster Fräihandelszon gëeenegt hunn? Mat dësem Accord kréie Landwirtschaftlech Produiten aus Südamerika e besseren Zougang zum EU-Maart…

mat indymedia/ccs/osl/ber/zrh

Foto: De Reebësch soll dem ëmmer gréissere Besoin u Fuddermëttel weechen. Leider ginn déi fräi Flächen deraart „ausgesuckelt“ a massiv mat Pestizide bestreet, datt schonn no e puer Joer de ganze Buedem verseucht an onbrauchbar gemaach gëtt. Den Amazonas gëllt weiderhin als onverzichtbar fir de klimateschen Equiliber, mee déi brasilianesch Regierung hält dat fir Blödsinn. © Charles Ricardo /Pixabay

Ähnlech Sujeten Amazonas, Amazonas-Fonds, Brasilien, Däitschland, Indigen Vëlker, Jair Bolsonaro, Norwegen, Reebësch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel