Search

You may also like

Weess du, wien an dëse Gemenge Buergermeeschter ass?
International Neiegkeeten

Weess du, wien an dëse Gemenge Buergermeeschter ass?

[onionbuzz quiz-id=89][/onionbuzz] 2017 ware Gemengewahlen an op ville Plazen huet

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz
International Neiegkeeten

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz

Gëschter war de Gremium vun der europäescher Vollekspartei (EPP) zesummekomm,

Eng Stad, eng Equippe: d‘Sozialiste maache Wahlkampf
International Neiegkeeten

Eng Stad, eng Equippe: d‘Sozialiste maache Wahlkampf

D‘Lat hunn se sech héich gehaangen, d‘Equippe ronderëm d‘Cathy Fayot

Brasilien: Geriicht verbitt Verherrlechung vum Militärputsch

55 Joresdag vum Militärputsch soll nom Wëlle vum faschistoide President gefeiert ginn

Brasilien: Geriicht verbitt Verherrlechung vum Militärputsch

E puer Deeg virum Joresdag vum Militärputsch a Brasilien, huet e Geriicht déi ëmstridde Feieren ënnersot. Esou missten déi fir e Sonndeg geplangte Festlechkeeten an de Kasäre vum Land nees ofgeblose ginn. Zumindest wann dem Uerteel vun der Riichterin, Ivani Silva da Luz, Rechnung gedroe gëtt. Dës Festlechkeete wieren net zoulässeg, well se keng gesetzlech Grondlag hätten.

De faschistesche President an „Diktaturnostalgiker“, Jair Bolsonaro, hat leschte Méindeg d‘Arméi ugewisen, dem Putsch aus dem Joer 1964 mat ugemoosse Feieren ze gedenken. Deemools war de President Joao Goulart vum Militär gestierzt ginn. Et koum erwaardungsgeméiss zum Protest an de President huet versicht deem ganze mat Argumenter ze begéinen, iert hien dann „noginn“ huet.

Militärputsch

Laut dem Jair Bolsonaro, en Ex-Offizéier mat engem groussen Häerz fir d‘Militärdiktatur, géif et bei deem ganze Spektakel net ëm eng „onkritesch Feier“ goen, mee dorëms sech ze erënneren, ze iwwerpréiwe wat „falsch“ a wat „richteg“ war. Aus dësen Erkenntnisser sollt een déi richteg Schlëss zéien, an déi fir eng erfollegräich Zukunft vu Brasilien notzen. Diktatur als Geschäftsmodell?

Réckbléck

Well de Putsch géint de President Joao Goulart net nëmme ville Brasilianer „onbekannt“ ass, an et jo eng Zäitchen hir ass, hei e kuerze Réckbléck: Den 31. Mäerz 1964 hat d‘Arméi den demokratesch gewielte President aus dem Amt verjot. Dem Joao Goulart seng Entscheedung eng „moderat Ëmverdeelungspolitik“ op d‘Been ze stellen, war ville Konservative suspekt.

Militärputsch

Esou hunn déi rietskonservativ Elitten no engem Auswee gesicht, dat ze verhënneren. Si goufen heibäi massiv vun internationale Konzerner ënnerstëtzt. Deenen engen ass et ëm d‘Muecht gaangen, déi aner haten eenzeg de maximale Profit (duerch Ausbeutung) am Sënn. An do konnt e President mat enger sozialer Ausriichtung nëmmen hënneren. Et huet et him also misse lassginn.

Kee Bock op Demokratie

21 Joer laang huet se gehalen d‘Militärdiktatur. Wéi vill Mënsche gefoltert, ermuerkst oder soss „aus dem Wee geraumt“ goufen, léisst sech net méi genau iwwerpréiwen. Laut dem Bericht vun der Komissioun fir d‘Wourecht (2014) ass erwisen, datt mindestens 400 Mënschen ermuert goufen oder „verschwonne“ sinn. Beweiser gëtt et och fir ronn 2.000 Folterungen. Alles ganz normal?

 

Militärputsch

Erschreckend an dësem Kontext, et gëtt vill, ganz vill Brasilianer, déi d‘Militärdiktatur eigentlech guer net esou schlëmm fannen. Et huet bis haut keng Uklo géint Verantwortlecher a bekannten Täter ginn, dat well et en Amnestiegesetz gëtt, datt dat den Acteure vun der Militärdiktatur Stroffräiheet garantéiert. D‘Brasilianer hunn zudeem ni hir Geschicht opgeschafft, an dat kéint e Problem ginn.

mat indymedia global

Related topics Brasilien, Dikatur, Faschismus, Jair Bolsonaro, Nostalgie
Next post Previous post