Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!
International Neiegkeeten

CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!

Déi „Consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter“ (CCDH) war eigentlech zefridde

CSV: De Schoulbetrib am Land astellen duerch Coronavirus
International Neiegkeeten

CSV: De Schoulbetrib am Land astellen duerch Coronavirus

D’CSV hëlt zur Kenntnis, datt zënter haut Infektioune mam neiaartege

D’Nathalie Jacoby ass nei Direktesch vum CNL
International Neiegkeeten

D’Nathalie Jacoby ass nei Direktesch vum CNL

An der Sëtzung vum 23. September 2020 huet de Regierungsrot

Brasilien kritt d‘Pandemie net an de Grëff

Iwwer 600.000 Covid19-Infizéierter an 30.000 Stierffäll: Wat mécht d‘Regierung?

Brasilien kritt d‘Pandemie net an de Grëff

Laut offiziellen Erhiewunge liewen eng 13 Millioune Mënschen an de brasilianesche Favelaen. Hei ass sozial Distanz scho wéinst de Raimlechkeeten en utopesche Gedanken, an oft gëtt et net emol proppert Waasser fir sech d‘Hänn ze wäschen. Dat schéngt bei enger klenger Grippewell, wéi et de faschistescher Leader vum Land gesäit, d‘Regierung net iwwerméisseg ze beonrouegen…

Iwwerhaapt ass den Ëmgang mat den „offiziellen“ Zuelen éischter komplizéiert. Et léisst sech guer net feststellen, wéi vill Mënschen sech an dësen Aarmut-Ghettoe scho mam Covid19 infizéiert hunn well et gëtt entschidden ze mann getest. Zwee Gesondheetsminister, allebéid Medeziner, hunn sech verzunn an de Jair Bolsonaro geet géint d‘Gouverneure vir, déi Schutzmoossnamen ergräifen.

BrasilienDen neie Gesondheetsminister ass net datt wat een e „Mann vum Fach“ kéint nennen. Den Eduardo Pazuello, ee Generol, huet mëttels Dekret vum President de Gesondheetsministère iwwergangsweis iwwerdroe kritt. Laut dem Jair Bolsonaro, dee mat vill Nostalgie un d‘Zäite vun der Diktatur denkt, huet de Generol vill Erfarung am Beräich vun der Logistik a wier eng exzellente Manager.

Zudeem steet de Generol och hannert sengem „Chef“ wat d‘Uwennung vum nach ëmmer eppes ëmstriddenen Asaz vun Hdyroxychloroquin, engem Mëttel wat zur Behandlung vu Malaria agesat gëtt, an den Ament fir zimmlech Gestreits ënnert de Wëssenschaftler a Medeziner suergt. An dem Jair Bolsonaro geet zur Stonn och primär drëms d‘Wirtschaft ze retten, um Réck vun den Äermsten.

Geld oder Liewen?

Wien sech et leeschte ka bleift doheem. Eng Optioun déi d‘Awunner aus de Favelaen net hunn. Wien net schaffe geet huet näischt fir op den Teller, also muss een d‘Risike géintenaner ofweien. Sech selwer, a säi ganzt soziaalt Ëmfeld, ass de Präis dee gefuerdert ass, wann ee vun der Hand an de Mond lieft. An awer steet gutt en Drëttel vun der Brasilianer hannert dem faschistesche Leader.

Seng Unhänger stinn hannert him, verwieren sech géint Lockdown-Moossnamen. Déi géifen der Wirtschaft schueden a biergerlech Fräiheeten aschränken. Vill sinn dann och der Usiicht, datt dee vun eis als „Extremist“ duergestallte President kengem seng individuell Fräiheete beschnidden hätt, de Géigendeel wier de Fall, ëmmerhi wéilt hien de Leit d‘Recht zréckzeginn sech ze bewaffnen…

Brasilien

Dës „Oprëschtung“ konnt bis ewell vum Kongress an dem ieweschte Geriichtshaff verhënnert ginn, mee wéi laang nach. Wann d‘Nout an den Aarmequartiere weider zouhëlt, wäerten d‘Leit no „aner Weeër“ sichen, fir sech an hir Familljen ze ernieren. D‘Angscht viru Geraibers an Iwwerfäll wiisst, an esouwuel dem Jair Bolsonaro seng Fans, wéi seng Géigner ginn op d‘Strooss demonstréieren.

Et gëtt ëmmer méi chaotesch, wat dem brasilianesche President entgéint kënnt. Chaos ass ganz a sengem Sënn, et berechtegt de massiven Asaz vu Sécherheetskräften. Schonn elo stäipt sech d‘Regierung op d‘Arméi. De Riichter Celso de Mello huet an engem Schreiwes u seng Kolleege vum ieweschte Geriichtshaff, Brasilien mat der Weimarer Republik verglach.

Villes gläicht den USA

Während d‘Experten dovunner ausginn, datt d‘Zuel vun den Infektiounsfäll bis zu siwemol esou héich ass wéi offiziell uginn, an all Minutt ee Mënsch un de Folge vun der Covid19-Infektioun stierft (Um Donneschdeg sinn offiziell 1.349 um Coronavirus verstuerwen) entsteet eng villfälteg Kris. Hei kéint een sech geschwënn an engem den USA ähnlechen Zeenario befannen.

Vill Pandemie-Affer, Rapp a Klapp op de Stroossen a Gestreits mat de Gouverneuren, dat war bis elo de Privileeg vum Donald Trump. Mee deen hält déck Stécker op säi südamerikanesche Frënd. D‘Wëssenschaft wier net genau an d‘Wirtschaft fuerdert seng human Ressourcen notzen ze dierfen. De Protest géint de President verstäerkt sech, mee eng Amtsenthiewung ass och hei schwiereg.

Brasilien

Dozou kommen – grad wéi och an den USA – déi stänneg Attacke géint d‘Medien, de Kongress an den ieweschte Geriichtshaff. Demokratesch Institutiounen deenen et ëmmer méi schwéier fält hiren Optrag ze erfëllen. Zu Rio gouf ee Kamerateam verhaft, datt eng Maniff virun der chinesescher Ambassade verhaft, well d‘Journaliste géint de Versammlungsverbuet verstouss hunn.

Vun den Demonstrante gouf kee verhaft, wat däitlech mécht wéi d‘Police zum President steet. Hie selwer gräift d‘Medien, ganz wéi säin US-Virbild massiv un. Zwee gréisser Medienhaiser hunn elo beschloss d‘Pressekonferenzen am Palais zu Brasilia ze couvréieren. D‘Sécherheetsorganer si massiv politiséiert a wäerten en Deel vum Problem ginn. An d‘Feier am Amazonas brennt weider…

mat indymedia/ccs

Foto: Grad wéi den US-President huet elo och de Jair Bolsonaro der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) domadder gedreet, aus der Organisatioun auszetrieden. Déi hat sech erlaabt der Regierung ze roden, um Lockdown festzehalen. © Glo.bo

Ähnlech Sujeten Brasilien, Covid19, Favelaen, Jair Bolsonaro, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel