Search

You may also like

dislike
Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen
International Neiegkeeten

Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen

En Dënschdeg huet den Donald Trump domatter gedréit, d‘US-Finanzhëllef fir

De Label „EureWelcome“ fir 18 engagéiert Acteuren
International Neiegkeeten

De Label „EureWelcome“ fir 18 engagéiert Acteuren

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles 18 Plaquettë

Lëtzebuerger Start-up MANDEXPA huet de gréisste Reseau vun Agencen
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Start-up MANDEXPA huet de gréisste Reseau vun Agencen

Manner wéi ee Joer zënter hirem Start, huet déi lëtzebuergesch

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt

Hie war Offizéier an der Arméi an huet vun enger Diktatur gedreemt. Elo kann de Jair Bolsonaro, deen um Sonndeg ouni Problem vun enger Majoritéit zum President vu Brasilien gewielt ginn ass, säi Verspriechen „d‘Schicksal vu Brasilien ze änneren“ aléisen.

Et war eng ugespaante Campagne, déi extrem polariséiert huet. De Jair Bolsonaro, homophob, nationalistesch a Klimaleugner, ass mat ronn 58 Millioune Stëmmen (55,13%) de Gewënner. De Fernando Haddad, e „lénke“ Kandidat, muss sech mat 44,87% zefridde ginn. Wat dat elo fir d‘Land um Amazonas bedeit: näischt Guddes!

„Mir kënnen net méi weidermaachen a mam Kommunismus, dem Sozialismus, an dem lénke Populismus flirten“, esou de frësch gewielte faschistesche President vu Brasilien, bei senger éischter Ried. Dësen Nostalgiker vun der Militärdiktatur (1964-85) iwwerhëlt am Januar säi véierjäregt Mandat, a wie weess…

Der Mënscheveruechtung e Freedefeier

Op der Plage vu Barra da Tijuca, wou sech dausende „Fans“ vum Jair Bolsonaro zesummefonnt haten, ass virum Wunnsëtz vum neie President e Freedefeier ofgeschoss ginn. „Mir sinn dat ‚onwierdegt‘ Vollek, dat es sat huet vu Gewalt a Korruptioun. D‘Vollek huet geschwat. Et ass déi éischte Kéier, datt ech mech vertruede fillen“, esou den André Luiz Lobo, Entrepreneur vun 38 Joer.

Zu Barra de Tijuca, war d‘Stëmmung opgehëtzt, d‘Nationalisten hu mat beleidegendem Gejäiz géint d‘Aarbechterpartei (PT) vum Fernando Haddad – a sengem Mentor, de fréiere President Luis Inacio Lula da Silva, déi wéinst Korruptioun säit Abrëll am Prisong sëtzt -gehetzt. En ähnlecht Bild huet et zu Sao Paulo, de gréisster brasilianescher Metropol ginn.

Dausende Supporter vum Jair Bolsonaro hunn d‘Stroosse gefëllt. Notamment d‘Paulista-Avenue, eng vun den Haaptstroossen, vun der Stad. „Brasilien ass vum Kommunismus, dem Kommunismus vu Kuba an dem Venezuela befreit ginn“ huet eis d‘Sheila Sani (58) entgéint gebläert, ouni och nëmmen eng Sekonn opzehale mam brasilianesch Fändel ronderëm ze fuchtelen.

En Eed viru Gott

Verschiddentlech, wéi zu Rio oder Salvador de Bahia, ass et zu zesummestéiss tëscht de Supporter vu béide Fraktioune komm, mee esouwäit vun den Autoritéite bestätegt, hätt et néierewou eescht Ausenanersetzunge ginn.

A sengem éischten Discours no bekannt gi vun de Resultater, huet de Fernando Haddad sengem Géigner net gratuléiert, mee gefuerdert, datt seng 45 Millioune Wieler respektéiert sollte ginn. „Déi biergerlech, politesch, sozial an Aarbechtsrechter stinn elo um Spill. Mir hunn d‘Verantwortung eng Oppositioun duerzestellen, déi d‘Interesse vun der Natioun iwwert alles stellt“; esou den Haddad.

Op där „aner Säit“, ëmgi vun engem evangelesche Paschtouer a senger Fra Michelle, huet de Jair Bolsonaro versprach d‘Verfassung, d‘Demokratie an d‘Fräiheet ze verdeedegen. „Dat eleiten ass net d‘Versprieche vun enger Partei, nach eng eidel Ried vun engem Mann, mee et ass en Eed viru Gott“ esou de Bolsonaro a Richtung vu senger Kritiker, déi hien als Bedreeung fir d‘Demokratie gesinn.

Un Opportuniste feelt et net

Den ausgoenden an onpopuläre President Michel Temer huet sengem Nofolger gratuléiert a seng Wahl begréisst. Hie huet och direkt annoncéiert, datt d‘Transitioun tëscht béide Regierunge schonn dëser Méindeg an Ugrëff geholl gëtt.

„Ech hunn elo grad dem gewielte President Jair Bolsonaro gratuléiert. Ech konnt säin Enthusiasmus fillen, net nëmme wéi hie mat mir geschwat huet, nee och wéi hie seng Deklaratiounen zu Gonschte vun der nationaler Eenheet, der Pazifizéierung vum Land an der Harmonie am Land, gemaach huet“ esou de Michel Temer aus senger Staatsresidenz zu Brasilia.

Interessant, d‘Star vum Fussball, an domatter ass keen anere wéi de Neymar da Silva Santos Junior gemengt, huet sech och iwwert d‘Mooss gefreet. De Neymar ass voller Hoffnung, datt „Gott de Jair Bolsonaro benotze wäert, fir dem Land ze hëllefen“.

De neie President, deen net ganz zu Onrecht och als „tropeschen Trump“ bezeechent gëtt, huet op Twitter geschriwwen, datt hie perséinlech vum Donald Trump ugeruff ginn ass, deen him fir seng historesch Wal gratuléiert huet. Eng Ausso déi esou vum Sarah Sanders, der Spriecherin aus dem Wäissen Haus, bestätegt ginn ass. Wat de Charisma betrëfft, passe béid Presidente beienaner.

D‘Demokratie a Gefor

An engem Brasilien, wou d‘Gewalt sech op rekordverdächtegem Niveau hält, d‘Wirtschaft marod ass, d‘Korruptioun allgéigewäerteg, an d‘Vertrauen an d‘Politik inexistent ass, huet de fréiere Fallschiermsprénger sech als „dee staarke Mann“ dee Brasilien gebraucht huet, duerchgesat krut.

Verdeedeger vun der traditioneller Famill, huet de Faschist – an dat fir d‘Kierchen endemesch – eng däitlech a onkonditionell Ënnerstëtzung vun den evangelesche Kierchen erhalen. Et ass him, duerch seng Aussoe gelongen, d‘Majoritéit vun der faarweger Bevëlkerung an der LGBT-Communautéit, ze beleidegen a gläichzäiteg an Angscht ze versetzen. Fir si wäert sech villes änneren.

Déi ganz Campagne iwwer, ass gehetzt ginn, verbal a physesch. Béid Säiten hu sech affrontéiert, an et war esouguer zu engem Uschlag op de Jair Bolsonaro komm (6. September). „Ech hunn nach ni esou eng polariséiert Campagne erlieft. Ech mengen dat ass wéinst dem Jair Bolsonaro, en aggressiven, verréckte Personnage. Ech hu wierklech Angscht“, esou d‘Renata Arruda (41).

Een deen et op de Punkt bréngt, ass den Thomas Paoliello, Professer op der PUC, der kathoulescher Universitéit vu Sao Paulo: „Dem Jair Bolsonaro seng Wahl ass e grousst Risiko fir d‘Demokratie“. D‘ONG Human Rights Watch (HRW) huet nach um Sonndegowend e Appell erausginn, a fuerdert de Schutz vun der Demokratie.

De Marco Coimbra vun der presbyterianescher Universitéit Mackenzie, ass sengersäits iwwerzeegt, datt d‘Demokratie a Brasilien duerch e staarke Parquet, säin ieweschte Geriichtshaff an engem funktionelle Kongress, beschtens geschützt ass. Net (méi) geschützt ass d‘Natur an d‘Ëmwelt, well och de Jair Bolsonaro, ähnlech wéi den US-President, de Klimawandel als schwindel gesäit.

mam Louis Genot an dem Pascale Trouillaud/AFP

Foto: De Jair Bolsonaro, rietsradikale Jurist a Kandidat vun der Sozialliberaler PSL, huet d‘Wahlen a Brasilien gewonnen. Domatter huet sech Brasilien e Faschist zum President gewielt, an déi eegen Demokratie op d‘Spill gesat. Dëse Personnage, deen als „tropeschen Trump“ beschriwwe gëtt, ass en erkläerten Unhänger a Verdeedeger vun der Militärdiktatur. © Mauro Pimentel/AFP

Related topics Brasilien, Demokratie, Faschismus, Fernando Haddad, Jair Bolsonaro, Rietsextremismus
Next post Previous post