Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du eis Bierger an Hiwwelen?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Bierger an Hiwwelen?

Lëtzebuerg ass elo sécherlech net fir séng Bierger bekannt. An

SEW-OGBL: Ouni Dialog komme mir net virun
Kultur Neiegkeeten

SEW-OGBL: Ouni Dialog komme mir net virun

Den SEW-OGBL ass nach ëmmer wéinst dem Manktem un Enseignanten

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn
Kultur Neiegkeeten

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn

Trotz internationale Protester huet d‘Regierung vum Sultanat Brunei seng Legislatioun

Brasserie K116 : den éischte Concert 2019 mat Stelise

Brasserie K116 : den éischte Concert 2019 mat Stelise

All leschte Mëttwoch proposéiert d’Brasserie K116 flott Dinner-Concerten, wou een talentéiert Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Grouss-Regioun ka kenneléieren. Et ass déi ideal Méiglechkeet, fir nieft engem leckeren Iessen oder gudde Gedrénks een exzeptionelle musikalesche Programm ze erliewen.

Beim éischten Optrëtt vum Joer 2019 wäert d’Bühn der Lëtzebuerger Band Stelise gehéieren. Mëttwochs, den 30. Januar um 21:00 Auer wäerten d’Membere vum Grupp mat Lidder vum neien Album „If There Is An Escape“ ee klanglecht Erliefnis ubidden. De Concert ass natierlech gratis.

Dir kennt Stelise nach net?!

Am Dezember 2017 ass d’Grupp op Waimes (BE) an d’GAM Studioe gaangen, fir do hiren éischten Album opzehuelen. Mat groussem Succès konnten si déi nei Lidder de 5. Oktober 2018 an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht presentéieren. D’Songs vum Elise Nunes an dem Steve Richer thematiséieren haaptsächlech Ausrieden am Liewen, Politik, Léift, Haass an Elleng sinn. Just d’Musek kann dobäi Heelung am ganze Leed spenden.

D’Kläng erënneren u roueg Rockstecker aus de 70er an 80er Joer vu Bands wéi Pink Floyd oder Radiohead. Si selwer definéiere sech als melodesch Rockband mat Aflëss vum Trip-Hop. Bei hirem Akustik-Concert am K116 wäerte si och ënnert anerem ee ganz perséinlecht Stéck presentéieren. D’Wierk mam Titel „Ana“ handelt iwwert d’Anorexie.

Am August 2016 huet de Projet ugefaangen. Zeusmme mam Gittarist Steve Richer an der Sängerin Elise Nunes, woubäi de Bandnumm eng Mëschung aus dësen zwee Nimm ass, hunn si een éischt Akustik-Lidd mam Titel „Empty“ erausbruecht. Am weidere Verlaf ass aus dem Duo schliisslech eeng véierkäppeg Band entstanen, déi momentan ëmmer méi bekannt gëtt am Grand-Duché. Ee Grond méi, wisou ee sech dësen Optrëtt net entgoe loosse sollt!

Méi zu Stelise fannt Dir natierlech op Facebook, Instagram a Youtube. Een éischte Virgeschmaach kënnt Dir Iech och schonn hei huelen! De Programm vun der Brasserie K116 steet scho bis Enn Juli fest a kann HEI consultéiert ginn. Mir wënsche vill Spaass!

Ähnlech Sujeten Brasserie K116, Concert, If there is an escape, Kulturfabrik, Stelise, Trip Hop
Nächsten Artikel Virrechten Artikel