Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5
Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5

Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net ëmmer esou

De Xavier Bettel zu Henan – Relatioun tëscht Europa an Asien stäerken
Neiegkeeten

De Xavier Bettel zu Henan – Relatioun tëscht Europa an Asien stäerken

Bei senger Visitt a China huet eise Premierminister Xavier Bettel

LSAP: Méi Qualitéit a Sécherheet am ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

LSAP: Méi Qualitéit a Sécherheet am ëffentlechen Transport

Mobilitéit a Klimaschutz zielen zu de groussen Erausfuerderunge, vun deene

Brauch Lëtzebuerg en Auslännerwahlrecht?

Laut deem vun der Asti bei der TNS-Ilres bestallter Sondage wieren eng 70% vun de Residenten derfir

Brauch Lëtzebuerg en Auslännerwahlrecht?

D‘Associatioun zur Ënnerstëtzung vun immigréierten Aarbechter (ASTI) huet gëschter de Sondage vun der TNS-Ilres virgestallt, dee sich sech fir hire 40. Jubiläum vergënnt hunn. Wéi gewinnt huet d‘TNS-Ilres geliwwert wat bestallt war.

Entspriechend zefridde war de Sergio Ferreira, Spriecher vun der Associatioun, dee festhält, datt déi vum Sondage virgeluechten Zuele fir d‘Asti vu groussem Wäert sinn, well se och géife bestätegen dat déi zanter 40 Joer geleeschten Aarbecht net vu Muttwëll ass. 4 vu 5 auslännesche Matbierger déi vun der TNS-Ilres befrot goufen (348 Leit) hunn uginn d‘Gefill ze hunn Lëtzebuerger ze sinn.

Domatter géif dann d‘Perceptioun déi d‘Asti géintiwwer der Zougehéieregkeet an dem Gefill datt et zu Lëtzebuerg esou eppes wéi seng sozial Kohäsioun gëtt, bestätegt. Leider wier dat net méi de Fall wann ee sech op déi politesch Participatioun bezitt. Et hätt ee sech allerdéngs och keng besser Zuele an dësem Kontext erwaart. Déi géifen eng traureg Wourecht erëmspigelen, déi ganz Europa betrëfft.

Esou géif sech de Bierger ëmmer méi vun de Politik lassléisen, wat och duerch bestëmmt Resultater vum Sondage esou géif bestätegt ginn. Déi vun der TNS-Ilres befrote Persounen hätten uginn, datt et net vill géi veränneren, wa méi oder manner Leit wiele ginn. D‘Asti dogéint bleift standhaft a betount datt déi politesch an demokratesch Participatioun zur Grondlag vun engem Land gehéiert.

Matenaner statt géintenaner

Aus dem Sondage géif zudeem de Message ervirgoen, datt et den Dialog zur Immigratioun brauch. En Dialog deen d‘Lëtzebuerger an d‘Auslänner gemeinsam féieren a politesch ëmsetze mussen. Well, esou de Sergio Ferreira „wann sech d‘Majoritéit vun der Demokratie lassléisst, dann ass eben dës Demokratie a Gefor“.

Et wier grad zu Lëtzebuerg, wou d‘Cohabitatioun tëscht Lëtzebuerger an Auslänner eigentlech op guddem Grond steet, wichteg op d‘Zesummenaarbecht ze vertrauen. Datt ee bei der Asti dann och enttäuscht ass, datt nach ëmmer gutt d‘Hallschent vun de Lëtzebuerger sech engem Wahlrecht fir Auslänner verwiert, novollzéibar. Woubäi et dofir sécherlech berechtegt Grënn gëtt.

An dëser Grënn, huet de Spriecher vun der Asti dann och selwer genannt. Esou géifen sech d‘Auslänner éischter manner fir Politik interesséieren – dat allerdéngs esouwuel an hirer neier Heemecht wéi am Ursprongsland – firwat et imminent wichteg wier an déi politesch Bildung ze investéieren. D‘Schoule wieren hei an der Verantwortung awer net nëmmen.

Et muss ee just wëllen

Esou sollt och am Kader vum „Contrat d‘Accueil et d‘Integration“ eng Formatioun ugebuede ginn, déi et den „Neien“ erméiglecht sech iwwert d‘Politik vum Land, dat esouwuel op kommunalem wéi och nationalem Niveau, ze informéieren a Méiglechkeeten opgewise kréien, wéi si sech aktiv un der politescher Gestaltung vum Land bedeelege kënnen.

A wann et dann och richteg ass, datt fir déi allermeeschten d‘Zil ass friddlech an a Sécherheet mat allen aneren zesummenzeliewen, esou bemierkt d‘Asti, datt déi zukünfteg Erausfuerderunge wäit méi komplex ginn, wéi dat bis ewell de Fall ass. De Staat an d‘Gemengen, mee och d‘Parteien an d‘Zivilgesellschaft mussen doriwwer nodenken, wéi ee proaktiivt Zesummeliewe méiglech ass.

Fir d‘Asti ass et dann och scho begréissenswäert, dat d‘Realisatioun vun enger breetgefächerter Diskussioun betreffend d‘Reform vum Integratiounsgesetz (Gesetz vun 2008) vun allen an der Chamber vertruedene Parteien ënnerstëtzt gëtt. Hei sollt awer och iwwert d‘Konsequenze vun engem Wahlrecht fir Persounen déi d‘Landessprooch net schwätze geschwat ginn.

Zesumme Liewen

Interessant gëschter och d‘Uwiesenheet vum Charles Margue, Member vun der Asti a President vun der Justizkommissioun an der Chamber. Deem huet d‘Asti eng Carte Blanche am Kontext vum Sondage – dee vun der Fondatioun Alphonse Weicker an der „Oeuvre“ finanziell ënnerstëtzt ginn ass – ugebueden. Hie féiert deen de Problem beim Dialog op d‘Individualiséierung zréck.

„D‘Individuatioun ass och an der Lëtzebuerger Gesellschaft e ganz däitlecht Phenomen (nieft der Individualiséierung, eng Verstäerkung dovunner) net just datt ee sech selwer am nächsten ass, mee och nach datt den Eenzele vu sech aus denkt a reagéiert, a sech manner als Member vun der Gesellschaft gesäit“, esou de grénge Politiker. Dat seet eis awer nach net, wien den éischte Schratt soll maachen

Bleift nach festzehalen datt d‘TNS-Ilres seng „Enquête“ bei 1.119 Residente gemaach huet, dat tëscht dem 23. September an dem 22. Oktober. (heibäi gëtt net drop higewisen a wéi enger Sprooch de Sondage gemaach ginn ass). D‘Interviewe goufen esouwuel online iwwert de Site „mypanel“ wéi per Telefon gefouert. Wann et ëm e Sondage fir Medie geet, läit d‘Representativitéit méi héich.

Foto: © Asti

Ähnlech Sujeten ASTI, Auslännerwahlrecht, Charles Margue, Demokratie, Integratioun, Participatioun, TNS-Ilres
Nächsten Artikel Virrechten Artikel