Search

You may also like

Stëllstand beim Klimaschutz?
Neiegkeeten

Stëllstand beim Klimaschutz?

Wéinst der Covdi19-Pandemie huet d‘Klimakonferenz zu Glasgow missen annuléiert ginn.

Gréng Luucht fir autonom Gefierer
Neiegkeeten

Gréng Luucht fir autonom Gefierer

Leschte Freideg huet d‘Regierung en „Appell säin Interessi ze manifestéieren“,

Schwéiert Äerdbiewen op der iranesch-irakescher Grenz
Neiegkeeten

Schwéiert Äerdbiewen op der iranesch-irakescher Grenz

Um spéide Sonndegowend si bei engem schwéieren Äerdbiewen, engem éischte

Bréif vun der ADR un de Chamberpresident

Bréif vun der ADR un de Chamberpresident

Här President,

mat dësem Bréif hunn ech d‘Éier, fir iech am Kontext vun der aktueller Coronavirus-Kris, op dee spezifesche Problem vun de Kontakter vun den Deputéierte mat der Press opmierksam ze maachen.

De parlamentaresche Grupp vun der ADR ass sech bewosst, datt d‘Chamber, besonnesch och am aktuelle Kontext, vill mécht fir d‘Sécherheet vun den Deputéierten ze Schützen a fir domat de korrekte Fonctionnement vun eiser Demokratie ze garantéieren. Dofir soe mir der Chamber an all hir Mataarbechter en häerzleche Merci.

Ee Punkt, deen ei Suerge mécht, bleiwen d‘Kontakter mat der Press, besonnesch am Uschloss vun de Kommissiounssëtzungen. D‘Journaliste sinn, duerch hir vill Deplacementer an déi munch physesch méi no Kontakter, déi néideg sinn, fir hire Beruff auszeüben, e Risikogrupp, un dee vläicht net ëmmer genuch geduecht gëtt. Et ass an hirem an an eisem Interessi, datt mir hir Aarbecht an der Chamber esou sécher an Agreabel wéi méiglech  maachen.

Dofir proposéiert d‘ADR, datt déi parlamentaresch Administratioun dem Büro an der Presidentekonferenz soll Propositioune virleeën, fir, engersäits, ee kontinuéierleche Kontakt tëscht den Deputéierten an der Press ze erméiglechen, an, anersäits, dobäi d‘Sécherheet vun alle Bedeelegten ze respektéieren. Op déi aner Manéier soll dee wichtegen Dialog tëscht der Press an der Politik beschtméiglechst garantéiert ginn.

De parlamentaresche Grupp vun der ADR géing et och begréissen, wann d‘Meenung vun der Press an de Journalisteverbänn kéint vun Ufank un an déi Diskussioun mat afléissen.

Och sollte Léisunge fonnt ginn, déi sech esouwuel op déi aktuell Lokalitéite vun der Chamber um Krautmaart bezéien, wéi och op eventuell alternativ Sitten, wéi, beispillsweis, de Cercle op der Plëss.

Mat déiwem Respekt

ënnerzeechent vum Gast Gibéryen, ADR Deputéierten

Matgedeelt vun der ADR

Illustratioun: © Matt Chesin / unsplash

Related topics adr, Chamber, Chamberpresident, Journalisten, Medien, Press
Next post Previous post